Search

You may also like

Emmanuel Macron: Walverspriechen ageléist!
Neiegkeeten

Emmanuel Macron: Walverspriechen ageléist!

Elengstoend an/oder lesbesch Fraen hunn zukünfteg ee Recht op den

D’Museksindustrie huet Kaméidi mat Spotify – Dobäi misst dat guer net sinn
Neiegkeeten

D’Museksindustrie huet Kaméidi mat Spotify – Dobäi misst dat guer net sinn

Wéi vill bleift fir Museker iwwreg, wann een op Spotify

Waffepaus an Nordsyrien hält net
Neiegkeeten

Waffepaus an Nordsyrien hält net

Ankara beschëllegt d‘Kurdemiliz YPG 14 Ugrëff géint tierkesch Verbänn gefouert

En neie President fir den Nationalen Auslännerrot (CNE)

En neie President fir den Nationalen Auslännerrot (CNE)

Zu Lëtzebuerg bedréit den Undeel vun Auslänner an der Bevëlkerung mindestens 50%, bezitt een et op d‘Wirtschaft, klëmmt den Taux op iwwer 70%. Dat bedeit, datt eng Majoritéit vu Mënschen sech den Decisioune vun enger Minoritéit muss ënnerwerfen. Esou zumindest soll et duergestallt ginn.

Dat war an den 90er Joren nach geréngfügeg anescht. Bis dohinner waren et haaptsächlech déi an der Industrie an am Bausecteur beschäftegt „Awanderer“, also um Aarbechtsmaart aktiv Mënschen, ëm déi et gaangen ass. Mat de Konflikter an der Welt, deemools nach de Kosovo-Konflikt, sinn du Flüchtlinge komm. An et sollt net beim Krich am Balkan bleiwen, d‘Evolutioun ass bekannt.

Fir all dës Mënschen, déi jo éischter net un der Politik am Land deel huelen (wat ze bedaueren ass) huet et eng Institutioun gebraucht, an déi gouf mam „Conseil National pour Etrangers“ geschafen, dat war am Joer 2008. De CNE beréit op eegen Initiativ oder op Ufro d‘Regierung a verfaasst Avisen zu de Gesetzprojeten. Am CNE sinn dann och eng 30 vun den 200 Nationalitéite vertrueden.

Dës Institutioun huet sech rezent en neie President gewielt. Dat ass Munir Ramdedovic, en Awanderer aus dem Montenegro. Hie wëll sech dofir asetzen, datt sech all d‘Nationalitéiten zu Lëtzebuerg äussere kënnen. Hien erwaart sech vun der Regierung, dat déi den CNE stäerkt a reforméiert, dat am Kontext vum neien Integratiounsgesetz. Eng Initiativ déi Sënn mécht.

Esou ass de Munir Ramdedovic der Usiicht, datt een d‘Integratioun och am Kontext vun der sozialer Kohäsioun muss ugepaakt ginn. Hie wëll och d‘Lëtzebuerger mat an d‘Diskussioun abezéien. Eng komplizéiert Ugeleeënheet, wa gewosst ass, datt sech grad emol 20% vun den Awanderer politesch engagéieren. An dësem Kontext ass d‘Aschreiwen op d‘Wallëschte gemengt.

Related topics CNE, Conseil National pour Étrangers, Integratiounsgesetz, Munir Ramdedovic, Nationalen Auslännerrot
Next post Previous post