Search

You may also like

Schëffleng: De Cycle 2 ass a Quarantän
Neiegkeeten

Schëffleng: De Cycle 2 ass a Quarantän

De Cycle 2 aus dem Fondamental Albert Winger zu Schëffleng

Dës Kierche bleiwen definitiv am Duerf! Mee a wéi engem?
Neiegkeeten

Dës Kierche bleiwen definitiv am Duerf! Mee a wéi engem?

[onionbuzz quiz-id=140][/onionbuzz] Et vergësst een et gären, mee am Fong

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung
Neiegkeeten

Sea-Watch: 3 Froen un d’Vanessa vun der Loftopklärung

Nodeems d’Vanessa déi lescht 8 Joer an Nepal gelieft huet,

Eng konstruktiv Entrevue tëscht CNFL an dem Taina Bofferding

Eng konstruktiv Entrevue tëscht CNFL an dem Taina Bofferding

Viru kuerzem hat d‘Ministesch fir d‘Gläichstellung tëscht Mann a Fra, Taina Bofferding (LSAP), eng Delegatioun vum Verwaltungsrot vum „Nationale Rot vun de Frae vu Lëtzebuerg“ (CNFL) empfaangen.

Nodeems d‘Vertriederinne vum CNFL der Ministesch hir rezent Aktivitéite virgestallt hunn, ass dem Taina Bofferding och den Aarbechtsprogramm vun 2019 ënnerbreet ginn. D‘Ministesch huet déi exzellent Zesummenaarbecht mam CNFL begréisst. Et ass eeg laangjäreg mam Ministère konventionéiert Organisatioun, déi sech fir d‘Fërderung vun de Rechter vun de Fraen an der Gläichstellung vun de Geschlechter asetzt.

D‘Taina Bofferding huet an dësem Kontext d‘Geleeënheet genotzt, fir un d‘Engagement vun der Regierung ze erënneren, dat eendeiteg zu Gonschte vun der Gläichstellung tëscht Mann a Fra ausgeluecht ass. Si huet och en Iwwerbléck iwwert déi politesch Prioritéite gebueden. Hei eppes méi op de Bildungssystem ausgeluecht, mee och am Kader vun der Kommunalpolitik. Detailer zu dëse Prioritéite sinn eis keng matgedeelt ginn.

Fir de Verwaltungsrot vum CNFL waren um Ministère: Danielle Becker-Bauer (Vizepresidentin), Colette Kutten (Tresorière), Marie-Josée Bivort (Sekretärin), Anik Raskin (Chargée de direction) a Monique Stein (Verantwortlech fir de Service Kommunalpolitik)

Foto: (v.l.n.r.) Maryse Fisch, 1. Conseiller vun der Regierung am Ministère fir Gläichstellung tëscht Mann a Fra; Monique Stein, Verantwortlech fir de Service Kommunalpolitik beim CNFL; Colette Kutten, Tresorière vum CNFL; Taina Bofferding, Ministesch fir d‘Gläichstellung tëscht Mann a Fra; Danielle Becker-Bauer, Vizepresidentin vum CNFL; Marie-Josée Bivort, Sekretärin vum CNFL. © MEGA

Related topics CNFL, Taina Bofferding
Next post Previous post