Search

You may also like

Chef vun Amnesty International Tierkei festgeholl
Neiegkeeten

Chef vun Amnesty International Tierkei festgeholl

De President vun der tierkescher Branche vun Amnesty International ass

„Vision Nordstad 2035“ – Nach bis den 10. Mäerz kënnt Dir deelhuelen
Neiegkeeten

„Vision Nordstad 2035“ – Nach bis den 10. Mäerz kënnt Dir deelhuelen

Zanter dem 22. Februar 2021 kann een online un enger

Reaktiounen zum Helmut Kohl sengem Dout
Neiegkeeten

Reaktiounen zum Helmut Kohl sengem Dout

Helmut Kohl, Papp vun der däitscher Wiedervereinegung 45 Joer nom

CNFP: Keng schlecht Zensur fir d’Regierung

CNFP: Keng schlecht Zensur fir d’Regierung

Um Freideg huet den nationale Rot fir d’ëffentlech Finanzen (CNFP) seng Evaluatioun am Kader vum Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm fir den Zäitraum 2017-2021 (PSC2017) virgestallt. Ee Programm dee vun der Regierung ausgeschafft ginn ass an un d’Autoritéite vun der europäescher Kommissioun Enn Abrëll weidergeleet gouf.

A senger Evaluatioun vun den ëffentleche Finanzen huet den CNFP eng Analyse vun de makroekonomesche Previsioune gemaach, déi benotzt gi si fir déi pluriannuell Trajectoire vum PSC2017 festzeleeën. Déi makroekonomesch Previsioune fir Lëtzebuerg baséieren op um reelle Fortschrëtt vum Wuesstem 2017 (+4,4%) am erwaarte vun 2018 (+5,2%) gefollegt vun enger Baisse an de Joren 2020 (+2,8%) an 2021 (+1,9%).

Onreegelméisseg Previsioune

Dorausser ergëtt sech, datt d’Previsioune kuerzfristeg méi optimistesch a mëttelfristeg méi pessimistesch ausfale wéi dat de Fall fir d’Previsioune vum internationale monetäresche Fong (FMI) an der europäescher Kommissioun (CE) ass. Den CNFP stellt iwwerdeems och fest, datt d’Previsioune vun europäesche Bourssenindex Eurostoxx50 besonnesch onreegelméisseg sinn (+10% 2017, +14,3% 2018, +6,6% 2019, -1,2% 2020 an -1,7% 2021).

Fir d’Wirtschaft zu Lëtzebuerg spillt d’Evolutioun vum Bourssenindex eng grouss Roll. Dofir schléit den CNFP vir, zukünfteg méi detailléiert Justifikatiounen zu den zeréckbehalenen Hypotheesen a bäizeleeën an eng Sensibilitéitsanalysen anzeschéissen.

Déi wichtegst national budgetär Reegel, also déi wou sech um strukturelle Saldo an dem Respekt vum mëttelfristege budgetären Objektiv (OMT) ausriichten, sollte fir den Zäitraum 2016-2019 agehale ginn. Dëst trotz enger Verschlechterung vum strukturelle Saldo ab 2017. Den CNFP notéiert allerdéngs, datt d’Erofsetze vum OMT an héicht vun +0,5% vum BIP (fir den Zäitraum 2014-2016) op -0,5% (fir den Zäitraum 2017-2019) fir den favorabele Constat ausschlaggebend ass.

An dësem Kontext stellt den CNFP fest, datt déi fiskal Erliichterungen déi ab 2017 zougestane ginn an de Fortschrëtt vun den ëffentlechen Ausgaben, déi disponibel budgetär Marge, fir op eng eventuell ekonomesch Kris ze reagéieren, begrenzt.

Weider budgetär Objektiver sinn ze setzen

Ee neien OMT gëtt 2019 fir den Zäitraum 2020-2022 festgeluecht. De minimalen OMT baséiert dann op der neier demographescher Hypothees vun Eurostat vun ugangs 2017 (0,99 Milliounen Awunner 2060) déi manner favorabel ass wéi d’Previsioun vun 1,14 Milliounen Awunner, op déi sech den OMT fir den Zäitraum 2017-2019 bezitt. Déi nei demographesch Hypothees misst sech dann op ee méi ambitiéisen OMT fir den Zäitraum 2020-2022 festleeën.

Enger éischter Estimatioun no vum CNFP, kéint do een minimalen OMT bei 0,25% vum BIP, respektiv +0,75% vum BIP leien, ënnert der Konditioun, datt d’Limite vun 30% vum BIP bezüglech der ëffentlecher Schold, laangfristeg als Objektiv zeréckbehale gëtt. An dësem Kontext réit den CNFP sech weider budgetär Objektiver ze setzen, déi ambitiéis genuch si fir sech vun der -0,5% Grenz vum strukturelle Saldo ewech ze halen an esou genuch Spillraum am Fall vun enger Kris ze behalen.

Déi nächst Evaluatioun vun den ëffentleche Finanze stellt den CNFP am Hiecht vir. Da leet d’Regierung och säi Staatsbudget fir 2018 an och de Gesetzprojet fir d’pluriannuell finanziell Programmatioun vum Zäitraum 2017-2021 vir. Alles an allem also keng schlecht Zensur fir D’Regierung, och wann déi gutt beroden ass virsiichteg an d’Zukunft ze blécken. Dëst besonnesch am Hibléck op eng gewoten Hypothees bezüglech dem demographesche Wandel.

Related topics CNFP, Finanzen, Lëtzebuerg
Next post Previous post