Search

You may also like

Trist Nouvelle vun der Covid19-Front
Money Neiegkeeten

Trist Nouvelle vun der Covid19-Front

Zanter gëschter Méindeg huet Lëtzebuerg de Kap vun den 800

Belsch: Huddel mat der Souscriptioun fir Gesiichtsmasken
Money Neiegkeeten

Belsch: Huddel mat der Souscriptioun fir Gesiichtsmasken

Bei eisen Noperen huet déi belsch Entreprise „I‘ll be bag“

“Bim & Anna” vum Olga Reiff
Money Neiegkeeten

“Bim & Anna” vum Olga Reiff

„Ech kann et eleng!“, dovun ass de klenge Bim iwwerzeegt.

money

Prognose: Lëtzebuerger Sozialversécherungssystemer ze deier, seet den CNFP

Prognose: Lëtzebuerger Sozialversécherungssystemer ze deier, seet den CNFP

De nationale Rot fir ëffentlech Finanzen (CNFP) huet bei senge Recherchen zu der Bestännegkeet vun den Staatsfinanzen erausfonnt, datt et déi deier Sozialversécherungssystemer sinn déi d‘Land op laang Siicht an d‘Bredouille wäert bréngen. Den CNFP betount awer datt déi aktuell Generatioun eigentlech nach net betraff ass.

Esou léisst sech dann och den Iwwergang zum Budget maachen. Hei dierf drun erënnert ginn, datt de Finanzminister déi eege Regierung mat grousse verbale Geste gelueft hat an zum Thema „nächst Generatioune“ gemengt huet: „Dës Regierung wëll datt déi zukünfteg Generatioune méi Liewensqualitéit genéissen“. Ob hien sech do op d‘Staatsverscholdung bezunn huet, déi ënner 30% vum BIP läit, dat schéngt beim CNFP net ukomm ze sinn.

Bei der Iwwerpréiwung vun der Nohaltegkeet vun de Staatsfinanze jiddefalls, geet den CNFP op aner Kritären an. Si interesséiert op déi ëffentlech Depense bei onverännerter Budgetspolitik gedeckt bleiwen. A bei de Berechnunge geet den CNFP dann och dovunner aus, datt Lëtzebuerg bis 2060 bei 1,1 Millioun Awunner läit. Optimistesch ass et dann awer dovunner auszegoen, datt bis 2060 de Wuesstem sech bei 4,4% hale kéint, an eréischt duerno op 1,9% eroffält, fir sech op deem Niveau ze halen.

Mat Virsiicht ze genéissen

Interessant dann och wéi d‘Informatiounen aus der digitaler Kristallkugel vum CNFP gedeit ginn. Bis 2030 soll d‘Regierung an der Lag sinn d‘Staatsverscholdung ënner 30% vun der Wirtschaftsleeschtung ze halen. Ab 2033 da soll se staark an d‘Luucht goen, fir ab 2043 den europäesche „Grenzwäert“ vu 60% ze erreechen an esouguer driwwer ze leien. Ganz batter dann d‘Previsioun vum CNFP fir 2060 do soll d‘Schold da bei 161% vum BIP leien.

An domatter net genuch, sollt nämlech den demographesche Wuesstem net wéi erhofft bei 1,1 Millioun Awunner leien, mee sech knapp ënnert de Millioun befannen, klëmmt d‘Staatsschold nach méi séier a kéint 2060 bei 208% vum BIP leien. Gutt dës Berechnunge setze viraus, datt d‘Politik sech net ännert, wat elo esou eng wéineg kohärent Ausso aus dem Ganze mécht.

Op der sécherer Säit wier Lëtzebuerg awer ëmmer dann, wann d‘Recette vum Staat all Joer d‘Ausgaben ëm 6% vun der Wirtschaftsleeschtung iwwertreffen. Am Kloertext bedeit dat, datt Lëtzebuerg ab 2018 e konsequenten Iwwerschoss muss generéieren. Deem géinteniwwer steet dann allerdéngs nees d‘Alterung vun der Bevëlkerung, an déi heimatter verbonnen Ausgaben, wéi Pensioun, Gesondheet a Fleegeversécherung.

Genee hei läit d‘kromm an der Heck. Mëttelfristeg den Staatsbudget bei -0,5% ze halen an esou d‘Verscholdung iwwer déi nächst Joer bei ronn 22% ze halen, bedeit datt déi mat der d‘Alterung verbonne Käschte beschtefalls zu engem Drëttel gedeckt sinn. Géifen déi matgerechent ginn, esou misst de Budget mëttelfristeg bei +2,5% leien. Wier ee gewëllt d‘Schold och bis 2060 ënnert 30% vum BIP ze halen, da missten et schonn +4% sinn.

Related topics CNFP, Finanzen, Haushalt, Staatsbudget
Next post Previous post