Search

You may also like

Erhéichten AIDS-Kontaminatioun bei den Drogekonsumenten
Neiegkeeten

Erhéichten AIDS-Kontaminatioun bei den Drogekonsumenten

Den 20. Oktober hat d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch mam Dr. Carole

D’Museksindustrie huet Kaméidi mat Spotify – Dobäi misst dat guer net sinn
Neiegkeeten

D’Museksindustrie huet Kaméidi mat Spotify – Dobäi misst dat guer net sinn

Wéi vill bleift fir Museker iwwreg, wann een op Spotify

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere
Neiegkeeten

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere

Eng Online-Petitioun zur Ënnerstëtzung vun engem juristesche Recours géint de

Beim CNFP hu se méi Froe wéi Äntwerten

Sinn déi pluriannuell Previsioune vum nominale Budget-Saldo zouverlässeg?

Beim CNFP hu se méi Froe wéi Äntwerten

Esouwuel de Budget wéi och de Finanzprogramm 2019-2023 si vum nationale Rot fir ëffentlech Finanzen (CNFP) op de Leescht geholl ginn. Déi vun der EU virgesate Reegele géifen agehalen, woubäi et Onsécherheete gëtt. Et rechent anscheinend jiddereen no senger Fassong…

Wann den CNFP wéi all Joer drop hiweist, dat sech de pluriannuelle Budget op engem onkoherente makroekonomeschen Zeenario opstellt, da weess een, d‘Welt zu Lëtzebuerg ass nach an der Rei. A wat bedeit an dësem Kontext „onkoherent“? Ma während déi international Institutioune fir 2019 an 2020 d‘Bruttoinlandprodukt (BIP) bei +2,4% gesinn, gesäit eis Regierung ee Wuesstem tëscht 3 an 3,8%, woubäi déi sech fir déi mëttelfristeg Previsiounen op d‘Zuele vum STATEC verléisst.

An de STATEC ass eng optimistesch ausgeriichten Institutioun: déi gesäit de Wuesstem an enger Dimensioun wéi e sech vun der Handelskummer gewënscht gëtt. 2021 soll et +3,5%; 2022 nach +3% an 2023 ëmmerhin nach +2,5%. D‘EU-Kommissioun awer widdersprécht dem STATEC-Optimismus an hält e Wuesstem tëscht +2,3 a +2,6% bis 2023 fir méiglech. An et sinn dann och dës Differenzen an der Appreciatioun, déi dem CNFP gehéierlech op d‘Nerve ginn. Verständlech…

Et si jo nëmme Previsiounen

Et ass awer och net einfach wann ee Joer fir Joer, ëmmer nees recommandéiert, de Gesetzprojet zum pluriannuelle Budget op der Basis vun engem koherente makroekonomeschen Zeenario auszeschaffen. Datt et eventuell gewollt, also Absicht ass, dat schéngt dem CNFP-President Romain Bausch dann awer net ersiichtlech ze sinn. Schliisslech hunn all Previsiounen hir Onsécherheeten.

Trotzdeem warnt de CNFP – deem seng Missioun et ass d‘EU-Budgetsregel ze iwwerwaachen – datt Feeler bei de Previsiounen en direkten Afloss op d‘Berechnung vum strukturelle Saldo hunn. Hei kann et zum „Clash“ mat de mëttelfristegen Objektiver kommen déi vun der EU-Kommissioun fir Lëtzebuerg festgeluecht ginn. Bosseg ass hei allerdéngs, datt dem Pierre Gramegna (DP) säi Finanzministère sech bewosst ass, datt déi ënnerschiddlech Methodologien ee reelle Problem sinn.

An am Finanzministère iwwerstierzt een näischt, hei ass Zouversiicht Tromp. Esou heescht et hei, datt all d‘Simulatiounen no de Reegele vun der Konscht duerchgefouert goufen, an esou och an de Gesetzprojet agefloss sinn. Dat heescht iwwersat, datt een op all Eventualitéite – gemengt ass do ee méiglechen ekonomesche Schock – virbereet ass. An et ass jo och richteg, datt Lëtzebuerg de Stabilitéitspakt respektéiert. Et huet een esouguer – an dat ass net evident – Handlungsspillraum.

Wat elo de Budgetsprojet ugeet, esou mengt de Romain Bausch, datt ee gutt berode wier eppes méi virsiichteg ze sinn. Dat och wa sech erausgestallt huet, datt sech d‘Salden iwwert déi lescht Jore verbessert hunn, eng Baisse vum strukturelle Saldo ëmmer sollt berécksiichtegt ginn. Eng Ausso déi sech och op déi nei Steierreform bezitt, vun där d‘Regierung jo behaapt datt se Budgetsneutral ass.

Sech net verréckt maache loossen

Hei awer stellt de CNFP-President fest, datt et eigentlech esou ausgesäit, datt d‘Previsioune fir d‘Steiereinname bei de physesche Persounen däitlech iwwert deene vum BIP an anere wichtege Recettë sollt leien. De Romain Bausch hält dat fir ausgesprachen onrealistesch, virun allem am Kontext vum Impakt op de Budget, deen d‘Moossname fir de Klimawandel kënnen a wäerten hunn.

E weidere Punkt – an dat dierft d‘Lëtzebuerger besonnesch erfreeën – ass datt elo och den CNFP betount, datt sech Lëtzebuerg op 1 Millioun Awunner astelle muss. Dat bréngt da mat sech, datt entspriechend an d‘Infrastrukture wéi och d‘Personal muss investéiert. Wéi et do méiglech ass, datt säitens der Regierung ugeholl gëtt, datt ab 2022 d‘Ausgabe manner wäerte ginn, erkläert sech net.

D‘Evaluatioun vum CNFP war moies schonn an der Finanzkommissioun vun der Chamber op den Dësch geluecht ginn. Déi Deputéiert géifen elo gäre verstoe firwat sech déi Zuelen esou wéi virgestallt presentéieren an een däitlech méi positive Saldo affichéiere wéi dësen am Budget elo virgesinn ass. De Romain Bausch a seng Leit hunn also nach eppes ze di fir dat ze beäntwerten.

Illustratioun: Envato

Related topics BIP, Budget, CNFP, EU.Budgetsregel, Previsiounen, Regierung, Statec, Steieren
Next post Previous post