„Zeitlebens: Literatur“: Ausgewielte Wierker vum Léopold Hoffmann

Den 9. Dezember 2021 um 19:30 Auer am nationale Literaturzenter zu Miersch

De Léopold Hoffmann wier, esou säi Schrëftstellerkolleeg a Frënd Jean Portante, een „écrivain en colère“ gewiescht. A sengem Virtrag wäert sech de Samuel Hamen, deen an der CNL-Rei „Lëtzebuerger Bibliothéik 2020 Ausgewielte Wierker“ den 1915 gebuerenen Hoffmann erausbruecht huet, sech dëser a weidere Facetten unhuelen, fir esou an d’Liewen an d’Wierker vum Schrëftsteller anzedauchen.

Den Humanist a Pedagog, de Kulturkritiker a Rezensent – zuelräich Aspekter vun dësem méi wéi 50 Joer ëmfaassende Schafen, dat d’Lëtzebuerger Literaturzeen no 1945 staark gepräägt huet, ginn esou beliicht. Zur literarescher Astëmmung liest d’Marie Jung aus den Erzielungen, Aphorismen a Gedichter vum Hoffmann, a wäert dobäi musikalesch vum Michel Reis begleet ginn.

D’Entrée ass gratis, allerdéngs muss ee sech am viraus umellen iwwert reservation.literaturarchiv.lu. D’Evenement fënnt ënnert CovidCheck statt.

Dernières nouvelles