Search

You may also like

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz
Neiegkeeten

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz

Haut an der Mëttegstonn, schléit zu London de Big Ben

FÉDUSE/Enseignement-CGFP: Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!
Neiegkeeten

FÉDUSE/Enseignement-CGFP: Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!

Här Minister: Stoppt d’Mäerchestonn! Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien
Neiegkeeten

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien

Bei der Konferenz „Health Technologies @ Luxembourg – Shaping the

CNPD: Den 28. Januar ass Dateschutzdag

CNPD: Den 28. Januar ass Dateschutzdag

Den Europarot organiséiert all Joer um 28. Januar, mat Ënnerstëtzung vun der EU-Kommissioun den europäeschen Dateschutzdag. Dësen Dag bitt den Dateschutzadministratiounen d‘Geleeënheet, d‘Bewosstsinn am Bezuch op d‘Rechter vun de Bierger am Beräich vum Dateschutz ze stäerken an déi op d‘Wichtegkeet vum Schutz vun der Privatsphär opmierksam ze maachen.

Firwat den 28. Januar? Et handelt sech heibäi ëm den Datum op deem d‘Konventioun 108 vum Europarot zur Ënnerschrëft virgeluecht ginn ass (1981). Dës Konventioun stellt am Beräich vum Dateschutz nach ëmmer déi international rechtlech Referenz duer. Säit 38 Joer schützt d‘Gesetz d‘Bierger virum Mëssbrauch vun hiren Donnéeën a suergt fir Transparenz bei der Veraarbechtung persounebezunnen Informatiounen.

Aus dësem Ulass huet déi national Dateschutzkommissioun (CNPD) um haidege Méindeg seng Brochure zur Sensibiliséierung vun der breeder Ëffentlechkeet verdeelt. Zil vun dëser Aktioun ass et, de Bierger mat der Brochure „Är Donnéeën, Är Rechter“ d‘Rechter am Beräich vum Dateschutz méi no ze bréngen, an hinnen ze erkläre wéi si dës Rechter geltend maache kënnen.

D‘Brochure gëtt et op däitsch oder franséisch (firwat net op lëtzebuergesch, wou d‘Zukunft dach eis Sprooch schwätze soll?) an kann op der Internetsäit vum CNPD erofgeluede ginn. Et kann ee se natierlech och a Pabeierform bestellen.

Matgedeelt vun der CNPD, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics CNDP, Data Protection Day, Dateschutzdag
Next post Previous post