Search

You may also like

Dee ganz besonnesche Filmfestival
Auto Neiegkeeten

Dee ganz besonnesche Filmfestival

Fir d‘Frënn der eppes méi usprochsvoller an deels méi exotescher

De Festival On Stéitsch sicht dech!
Auto Neiegkeeten

De Festival On Stéitsch sicht dech!

D’Editioun 2020 vum Festival On Stéitsch ass nees op der Sich

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen
Auto Neiegkeeten

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen

De Poopst Franziskus huet 4.000 vun der Gesellschaft ausgeschlosse Mënschen

An, wat verbraucht äert Gefier dann esou?

D‘Präisser op der Pompel klammen, an zwar däitlech, dat och dank der CO²-Steier

An, wat verbraucht äert Gefier dann esou?

Zanter Enn Oktober 2020 huet sech de Pëtrolsmaart allgemeng eppes erholl, firwat och nees de Präis pro Barrel an d‘Luucht gaangen ass. De läit säit leschten Donneschdeg nees iwwer 65.50$, war e Méindeg awer nees op 62,17$ (Brent) gefall. Un der Pompel mécht sech d‘Relance vum Pëtrolsmaart, a Verbindung mat der CO²-Steier dann awer méi bemierkbar wéi erhofft.

Tëscht dem 31. Oktober 2020 an dem 19. Februar 2021, huet sech de Präis um Diesel ganzer zéng Mol no uewe geschrauft, fir elo aktuell bei 1.136€/Liter (+22 Cent) ze leien. Dem Sprit ass et net besser ergaangen: den 98er steet bei 1,292€/Liter (+17 Cent); de 95er kascht 1,222€/Liter (+18 Cent). Der Regierung mécht et wéineg aus, déi huet d‘CO²-Steier jo „neutraliséiert“ kritt.

Dës ominéis Steier, déi de Minister vun der energetescher Transitioun duerchgesat kritt huet, an déi an dëse Krisenzäite vu quasi alle Beruffskummeren denoncéiert gëtt, mécht pro Liter ronn 5 Cent aus. Et dierf nach drun erënnert ginn, dat just 50% vum Präis un der Pompel, de Fluktuatioune vum Pëtrolsmaart geschëlt ass. De ganze Recht si Steieren an Accisen, an déi kleng Zousaztax…

Illustratioun: jacqueline Macou / pixabay

Related topics Accisen, Bensin, CO²-Steier, Diesel, Tankstell
Next post Previous post