Coach4Work: Ënnerstëtzung bei der Aarbechtssich

Mat sengem neie Projet Coach4Work wëll d’Asti individuell Ënnerstëtzung a Begleedung bidden, fir Mënschen déi Schwieregkeeten hunn eng Aarbechtsplaz ze fannen. Dofir gëtt elo no Benevolle gesicht.

Geduecht ass de Projet dobäi och fir Persounen, déi net genee wësse wéi de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart fonctionéiert, an/oder déi national Uspréch net verstinn. Déi fräiwëlleg Coache sollen hei hëllefen de professionelle Parcours z’erklären, an de Bewerbungsprozess ze begleeden.

Heivir bitt d’Asti och de Coachen déi noutwenneg Formatioun un. Uschléissend kann ee bis zu 6 Méint beim Projet deelhuelen. D’Konditioune fir de Coach bestinn doran, datt e selwer no enger Aarbecht siche muss, mindestens 18 Joer an eng Aarbechtserlabnis muss hunn, sou wéi mindestens den Niveau A2 am Franséischen beherrsche kann.

Bis de 4. Februar 2022 kënnen interesséiert Persoune sech umellen iwwert coach4work@asti.lu oder d’Telefonsnummer 661 43 83 34.

Dernières nouvelles