Search

You may also like

The Original USA Gospel Singers & Band zu Besuch am Trifolion
Kultur Neiegkeeten

The Original USA Gospel Singers & Band zu Besuch am Trifolion

Iwwer 20 Joer Tournee-Erfarung a méi wéi eng Millioun Fans

Klimaaktivistin trëfft op kanadesche Premierminister
Kultur Neiegkeeten

Klimaaktivistin trëfft op kanadesche Premierminister

„Greta meets Justin“ war ee vu ville Spréch an de

Grousst Opgebuet fir den Diddelenger Zeltik
Kultur Neiegkeeten

Grousst Opgebuet fir den Diddelenger Zeltik

Et ass dëst Joer schonn déi 21. Editioun vum Zeltik,

Collectif au Carré: Wann dausende Stoff-Quadrater verbannen

Nach ee Mount bis zur Ausstellung

Collectif au Carré: Wann dausende Stoff-Quadrater verbannen

De gemengnëtzege Veräi Mamie et Moi huet schonn den 1. Oktober 2020 en eenzegaartege Projet op d’Been gestallt. En heescht Collectif au Carré an ass intergenerationell. Déi originell Iddi: Aus gestréckten Quadrater soll eng XXL-Kopie vun engem Lëtzebuerger Wierk entstoen. Enn Abrëll kann een d’Resultat am Lëtzebuerg City Museum bewonneren.

Dat ass Solidaritéit, just e bëssen anescht. Trotz sanitärer Kris sollt zesummen eppes kreéiert, anengems Generatioune matenee verbonne ginn. Ufanks war geplangt ongeféier 5.000 Quadrater ze sammelen, ma mat den 30.000 ass dëst Zil wäit iwwertraff ginn.

Och déi erwaarte 500 Participante goufen erreecht. Tatsächlech maache souguer 600 Leit mat. Dëst weist, datt eng grouss Begeeschterung bei der Bevëlkerung, fir dëse kollektiven a kulturelle Projet do ass.

Mamie et moi bréngt zesummen: Ganzer 60 ëffentlech a privat Strukturen hunn deelgeholl, dorënner waren der 22 fir Senioren a 5 fir Schoulkanner. Esou waren am Ganze 96 Schüler mat vun der Partie, dës hunn de Stréck-Bomien Chrëschtdagskaarte geschéckt an déi gesammelt Quadrater sortéiert. Et gouf souguer eng Zesummenaarbecht tëscht dem Daycare Arcus a CIPA, fir e gemeinsamt Stréckwierk ze kreéieren.

Am Februar an am Mäerz ass gutt am Lëtzebuerg City Museum geschafft ginn. Eng Ekipp vu fräiwëllege Schneider*innen huet d’Bild „La petite histoire“ vum Lëtzebuerger Moler Corneille Lentz nogestallt. De 27. Mäerz gouf déi lescht Nout vum Quadrat finaliséiert.

Fir dëse lëtzebuergesche Familljeporträt an d’Liewen ze ruffen, goufen 1.218 Stréckpixele gebraucht. Elo kuckt de City Museum a Mamie et moi, wéi een dës 1,5 mol 2 Meter héich Textilaarbecht am Beschten ausstelle soll.

Duerch e cleveren Display dee vum Aurélie G., enger fräiwëlleger Graphikdesignerin proposéiert gouf, hunn d’Participanten d’Méiglechkeet de Stofffudder vun der Stréckaarbecht ze signéieren.

Opmaacherbild: © Mamie et Moie Asbl

Related topics Ausstellung, Bitzen, Collectiv au Carré, Corneille Lentz, La petite histoire, Lëtzebuerg City Museum, Mamie et Moi, Stiff, Textil
Next post Previous post