Vereedegung vun de Buergermeeschter a Schäffen
Um éischten Abrëllsdag goufen – an nee dat war kee
Um éischten Abrëllsdag goufen – an nee dat war kee
Um Dënschdegowend huet et zu Käerjeng beim LSAP-Kongress eigentlech nëmmen
Nodeems de Lëtzebuerger Ausseministère gëschter virun onnéidegen Auslandsreesen ofgeroden huet,
A Presenz vum Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten sou wéi Virmond vun der POST Lëtzebuerg, dem Simone Beissel, Stater Schäffin, Familljemember vun den Affer, dem Comité de Souvenir de la Réistence, wéi och Membere vun der Direktioun an dem Verwaltungsrot vun der Post huet d’Amicale POST Lëtzebuerg eng kleng Gedenkzeremonie an der Entrée vu POST Technologies op der Cloche d’Or virun der Plack „A nos Héros et Martyrs“ organiséiert.
Zum Ofschloss huet de fréiere Postbeamte Georges Schmit, deen aktuell Member vun der Amicale ass, d’Nationalhymn „Ons Heemecht“ gesongen.
Um 30. August 1942 huet de Gauleiter Simon en Dekret erausginn, wouduerch 15.000 Lëtzebuerger sollten an d’Wehrmacht agezu ginn. D’Besetzung duerch d’Nationalsozialisten huet zu Wolz ugefaangen, an et wollt ee sech iwwert d’Stad Lëtzebuerg an de Süde schaffen.
Divers Syndikater a Resistenzbeweegungen hu géint d’Dekret protestéiert. Dobäi waren et d’Postbeamten Nicky Konz a Jean Schroeder, deemools alle béid 28 Joer jonk, déi als éischt an der Stad verhaft gi sinn. Um 3. a 4. September 1942 sinn si am Konzentratiounslager Hinzert exekutéiert ginn.
Generell goufen duerch d’Revolte Doudesstrofe vum Geriicht ausgesprach, zuelräich Participante vum Protest goufen ugeklot an och direkt Exekutioune sinn duerchgefouert ginn. Zu de Veruerteelte gehéieren 9 Membere vu PTT, déi virun d’Standgeriicht geruff a mat 37 weidere Lëtzebuerger Demonstrante bestrooft gi sinn.
D’Resultat: 22 Postbeamte goufen deportéiert, wouvun der 6 ëmbruecht goufen. Vun den 10 Demonstranten, déi an de Prisong goe missten, sinn der 2 hannert Gitter ëm d’Liewe komm.
Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Zeremonie © POST Luxembourg