Search

You may also like

EU-Kommissioun: Trounwiessel zu Bréissel verzögert sech nach eppes…
Business Money Neiegkeeten

EU-Kommissioun: Trounwiessel zu Bréissel verzögert sech nach eppes…

Bis zum Amtsuntrëtt vun neier EU-Kommissioun wäert et sech nach

ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen
Business Money Neiegkeeten

ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen

D’ADR begréisst, datt den ADAPTO–Service elo gratis gëtt. Dëst ass

money
Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer
Business Money Neiegkeeten

Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer

Eng Epicerie déi weder Alkohol nach Schwéngefleesch verkeeft, awer seng

money

Commerzbank AG zu Lëtzebuerg mécht dicht

Déi zweet gréissten däitsch Bank sträicht d‘Seegelen, et géif keen Zesummenhang mat #openlux

Commerzbank AG zu Lëtzebuerg mécht dicht

Nodeems d‘Commerzbank Enn Januar vu Restrukturatioune geschwat huet, mat deenen dëst aalt Bankhaus wëll bis 2024 1,4 Milliarden Euro aspueren, war kloer, dat kascht Aarbechtsplazen. Am Fall vun der Commerzbank ass elo gewosst, datt vun de ronn 40.000 Aarbechtsplazen an der Welt, eng 10.000 ofgebaut solle ginn.

Den Aarbechtsplazofbau gëtt iwwert den Ëmwee vun der Schléissung vun de Filiale gehandelt. 340 vu 790 Filiale sinn dem Routstëft zum Affer gefall. Dozou gehéiert och Lëtzebuerg. Et ass eng Decisioun, déi vun der Gewerkschaft fir de Banken- an Assurancësecteur ALEBA, esou net schéngt erwaart ginn, wéi et aus hirem rezente Communiqué ze enthuelen ass. Hei sinn 200 Leit betraff…

Et ass schonn erstaunlech, datt all déi „Experten“ aus dem Secteur a bannent der ALEBA, esou eng schlecht Analys iwwerhaapt zougestinn. Gutt datt Bänker un der Definitioun vu „Restrukturatioun“ scheiteren, huet vill domadder ze dinn, datt déi meescht hei selwer ganz Aktiv duerch hir Aarbecht weltwäit fir Aarbechtsplazofbau suergen. Blöd gëtt et just wann een „onerwaart“ selwer betraff ass.

Zumindest awer, esou d‘Gewerkschaft, hätt en Direkt den Dialog mat der Direktioun opgeholl, fir dës Schléissung, déi bis 2024 soll erfollegen, fir d‘Mataarbechter sozialverdréiglech ze gestalten. E Verhandlungskalenner hätt een no enger éischter Entrevue wuel nach net opgestallt an et ass och net gewosst, op dës Schléissung an engem Zoch oder an Etappe vollzu gëtt. Et presséiert jo och net.

Bei der ALEBA mengt een allerdéngs, datt et och nach Transfertméiglechkeete fir Salariéeë gëtt, déi gewëllt wieren an der Zentral zu Frankfurt-am-Main ze schaffen. Dee Gedanken dierften se an den aneren 339 Filialen déi zoumaachen och hunn. Interessant hei, och um Siège soll „restrukturéiert“ ginn. Et ass awer net sécher ob d‘ALEBA dovunner weess. A jo et gouf och d‘Pandemie ernimmt…

Illustratioun: De Siège vun der Commerzbank zu Frankfurt-am-Main. (Daniel Marx / pixabay)

Related topics #Openlux, Commerzbank AG, Finanzplaz, Schléissung, Sozialplang
Next post Previous post