Search

You may also like

dislike
Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt
Kultur Neiegkeeten

Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt

Déi westlech Sahara, fréier spuenesch Kolonie, gëtt zum groussen Deel

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn
Kultur Neiegkeeten

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn

D‘Aktionäre vun der Luxtram SA sinn de Staat an d‘Gemeng

De CDJ Éiter-Schraasseg Asbl presentéiert „De Bopa léisst et kraachen“
Kultur Neiegkeeten

De CDJ Éiter-Schraasseg Asbl presentéiert „De Bopa léisst et kraachen“

No enger kreativer Paus vun engem Joer stinn d’Acteure vum

D‘Concerten an der Mëttegstonn gi relancéiert

D‘Concerten an der Mëttegstonn gi relancéiert

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d‘Stad Lëtzebuerg hunn déi grouss Freed an d‘Éier d‘Reprise vun de Concerten an der Mëttegstonn (Concerts de Midi) unzekënnegen. Et sollt esou am Schnëtt, all Mount zwee Concerten an der Mëttegstonn organiséiert ginn. D‘Entrée bleift gratis.

Fir Amateure vun héichwäerteger Musek, ass de „Concert an der Mëttegstonn“ eng agreabel a Käschtenneutral alternativ zum Mëttegiessen an d‘Geleeënheet, an der Mëttegpaus d‘Séil eppes baumelen ze loossen. Et ass och eng Invitatioun fir all déi Leit, wou aus den ënnerschiddlechste Grënn net d‘Zäit hunn, un de ville Concerten déi owes ugebuede ginn deelzehuelen.

Concerten

D‘Concerten an der Mëttegstonn ginn offréiert vun der Stad Lëtzebuerg an dem Kulturministère, a gi vum LCTO an Zesummenaarbecht mat der Protestantescher Kierch zu Lëtzebuerg ugebueden.

  • 11. Oktober Duo Lechner-Debrus
  • 25. Oktober Salzburger Duo
  • 08. November Tordini-Lecuit-Spiridigliozzi
  • 22. November Ad Libitum
  • 06. Dezember Naama Liany
  • 13. Dezember Gregoire Baumberger

D‘Concerte fanne statt an der protestantescher Kierch, an Congregatioun-Strooss zu Lëtzebuerg. Ufank ass ëmmer 12.30 Auer, Enn 13.30

Related topics Concerten an der Mëttegstonn, Concerts de Midi, LCTO, Luxembourg City Tourist Office, Protestantesch Kierch, VDL
Next post Previous post