Search

You may also like

Reamenagement Pont Buchler: Déi nächst Phas fänkt un
Neiegkeeten

Reamenagement Pont Buchler: Déi nächst Phas fänkt un

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt am Kader vum

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro
Neiegkeeten

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro

Den Austrëtt aus der EU vu Groussbritannien, deen sech als

money
Black Friday: Deem enge säi Leed ass deem aneren seng Freed
Neiegkeeten

Black Friday: Deem enge säi Leed ass deem aneren seng Freed

D‘Annonce gëschter vum Premierminister an der Gesondheetsministesch d‘Betriber aus dem

Confinement: D‘Police beklot de schlechte Beholl

Confinement: D‘Police beklot de schlechte Beholl

Eigentlech gëtt d‘Recommandatioun „Bleift Doheem!“ vun der grousser Majoritéit vun de Leit gutt respektéiert, mee eis Zankerte sinn net mat der Majoritéit geplot. Gutt eng strikt Ausgangsspär gëtt wuel och net, woubäi een et net iwwerdreiwe sollt. Esou sollt ee méiglechst net aus Langweil en Tour duerch d‘Land dréinen an sech och soss net am Grupp zesummefanne fir „Party“ ze maachen.

Schonn déi lescht Woch hunn d‘Polizisten, sech de Mond fuseleg geschwat, fir d‘Bierger un hir Eegeverantwortung ze „erënneren“. An et ass tatsächlech onverständlech, elo wou ee jo awer weess wéi ee Schued de Coronavirus Covid19 uriichte kann. Italien, Spuenien an direkt e puer Meter hannert der Grenz, an der Regioun „Grand Est“ gesäit een androcksvoll wouhinner d‘Rees geet.

Esou eng Situatioun muss zwéngend verhënnert ginn, wa mir eise Gesondheetssystem um lafen hale wëllen. De Confinement schalt de Viraus jo och net aus, mee gëtt eis eng Chance, déi infizéiert Leit och entspriechend behandelen ze kënnen. Hale mir eis net un d‘Restriktiounen a sinn der Meenung Party maachen ze mussen, da setze mir eis engem gewaltege Risk aus, a stierwe wëll jo och keen.

Mat eppes ëm déi 150 Protokoller iwwert de leschte Weekend, muss d‘Police feststellen, datt de Message nach net ukomm. Et géif eemol ze vill géint d‘Restriktiounen, besonnesch a Bezuch op d‘Deplacementer, verstouss ginn. Bei de Geschäfter gesäit elo esou aus, wéi wann do de Frang gefall wier, woubäi och net manner wéi 1.100 Kontrolle stattfonnt hunn. Dofir dëse Rappell:

De Message vun der Regierung ass däitlech, wann et keng Imperative gëtt, da bleift gefällegst doheem“, esou d‘Police. An déi huet verdammt nach emol esou eppes vu Recht, datt ee sech iwwert de Beholl vu verschiddene Leit eigentlech nach just iergere kann. Zudeem féiert et zu gudder lescht just zu enger Verschäerfung vun der (leider noutwenneger) Repressioun, an dat misst net sinn.

Foto: © Police

Related topics #bleiftdoheem, Confinement, Coronavirus, Covid19, Police
Next post Previous post