Search

You may also like

No liewegen Diskussiounen ass de groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps elo Realitéit
Kultur Neiegkeeten

No liewegen Diskussiounen ass de groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps elo Realitéit

Dee laangen a beschwéierleche Wee vun enger säit 2010 gefuerderter

Viktor Orban: “Chrëschtlecht” Mëtteleuropa muss sech géint den homofrëndleche Weste verbridderen (Kommentéiert)
Kultur Neiegkeeten

Viktor Orban: “Chrëschtlecht” Mëtteleuropa muss sech géint den homofrëndleche Weste verbridderen (Kommentéiert)

Ausgerechent bei enger Gedenkfeier zum Éischte Weltkrich rifft den ungareschen Autokrat eemoleg

Vëlosweeër zu Lëtzebuerg – Den neie Kaarteset ass do!
Kultur Neiegkeeten

Vëlosweeër zu Lëtzebuerg – Den neie Kaarteset ass do!

Mat Ënnerstëtzung vun der Katasterverwaltung huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) eng

Congés Annulés: D’Rotondes lackelen mat engem attraktive Konzept

E Festival vum 1. bis den 23. August 2020, deen tatsächlech physesch stattfënnt

Congés Annulés: D’Rotondes lackelen mat engem attraktive Konzept

Scho säit Joren zitt de Summerfestival Congés Annulés ee grousse Publikum u museks- a kulturbegeeschterte Persounen un. Den Numm ass an dësem Joer, an trotz Pandemie, glécklecherweis net ganz eescht ze huelen: De Festival fënnt mat engem ugepasste Programm statt, sou datt een dëse Summer e bëssen d’Festivalstëmmung genéisse kann!

Mat Concerten, DJ Sets a Projektiounen loossen d’Rotondes eis Aen liichten an d’Summergefill opkommen, wann och e bëssen anescht. Vum 1. bis den 23. August 2020 proposéiert ee mat Congés Annulés eng Mëschung aus nationale Gruppe, wéi dem Bartleby Delicate, EDSUN, Mutiny on the Bounty, Napoleon Goldan, mee och internationale Bands, wéi Francky goes to Pointe-à-Pitre (FR), KUF (DE), Glass Museum (BE), One Sentence (Schwäiz).

Congés Annulés

Mutiny On The Bounty trieden den 21. August 2020 op – Foto © Luke Bather

Als éischt awer zum Beholl

Wien um Festival deelhuele wëll, dee sollt sech un déi sanitär Moossnamen an d’Reegelen halen. Säitens de Rotondes gouf ugekënnegt, datt all Evenementer dobausse stattfannen, deelweis ënnert engem Zelt oder am Haff. Duerch déi reduzéiert Kapassitéite mussen d’Sëtzplazen am viraus reservéiert ginn.

Et ka just een Ticket pro Persoun a pro Concert reservéiert ginn. Dobäi geet een och nom One in, One out-System vir: Soubal eng Persoun d’Festival-Zon verléisst, kann eng aner Persoun – ouni Reservatioun, jee no verfügbare Plazen) eragelooss ginn. All Sortie ass definitiv.

Fir vun de Concerte profitéieren ze kënnen, muss ee wärend dem ganzen Optrëtt op der Sëtzplaz bleiwen. D’Droe vun der Mask ass obligatoresch, Gedrénks ass verbueden. Anescht gesäit et op der Terrass aus: Hei ass Gedrénks natierlech erlaabt an och d’Mask muss just esou laang ubehale ginn, bis een op senger Plaz sëtzt a soubal ee sech deplacéiert.

Elo awer zum Programm

Ganzer 19 Optrëtter si wärend den 3 Woche virgesinn. Hei e klengen Abléck an déi éischt Woch vu Congés Annulés:

  • Samschdes, den 1. August 2020 ab 19:30 Auer
    Opening Night mat Francky goes to Pointe-à-Pitre (FR), Wolf Müller & Niklas Wandt (DE), Airhsip 81 (LU), Herr 2003 (DJ Set) a Suske&Wiske & Mr Lambik (Video DJ Set)
    Zur Reservatioun

    Congés Annulés

    Francky goes to Pointe-à-Pitre (FR)


  • Méindes, den 3. August 2020 ab 18:00 Auer
    Public Service Soundsystem N°1 mam Bobby Bieles a Peanut Boy
    Zur Reservatioun


  • Dënschdes, den 4. August 2020 ab 20:00 Auer
    Session N°1 mat Slumbergaze an Disco Dockal (DJ Set)
    Zur Reservatioun


  • Mëttwochs, de 5. August 2020 ab 20:00 Auer
    Bartleby Delicate (LU), Autumn Sweater (LU) an Aperotom (DJ Set)
    Zur Reservatioun

    Congés Annulés

    Bartleby Delicate (LU) – Foto © Noemie Koppe


  • Donneschdes, de 6. August 2020 ab 20:00 Auer
    Glass Museum (BE) a Kalo de 78 (DJ Set)
    Zur Reservatioun


  • Freides, de 7. August 2020 ab 20:00 Auer
    No Metal in This Battle + La Bofia (LU) a Loon (DJ Set)
    Zur Reservatioun


  • Samschdes, den 8. August 2020 ab 20:00 Auer
    De Läbbel Session (LU), I Miss Hip Hop (Video Mix vum DJ Jean Maron) an DJ PC (DJ Set)
    Zur Reservatioun

    Congés Annulés

    Mam Corbi vun De Läbbel

All weider Concerten a Shows fannt Dir op www.rotondes.lu

Ma, och spannend Film Projektiounen sinn un de Sonndeger ugekënnegt:

  • Sonndes, den 2. August 2020 um 21:00 Auer
    The Rise of the Synths – The old soundtrack of a new generation
    Ab 18:00 Auer DJ Set mam Jo Valesi
    Weider Informatiounen


  • Sonndes, den 9. August 2020 um 21:00 Auer
    Desolation Center
    Ab 18:00 Auer DJ Set mam Ralitt
    Weider Informatiounen


  • Sonndes, den 16. August 2020 um 21:00 Auer
    Other Music
    Ab 18:00 Auer DJ Set mam Buddy Satan an Troubled Horse
    Weider Informatiounen

E weideren Highlight ass de Merch-O-Rama um Sonndeg, de 16. August 2020. Vu 14:00 bis 19:00 Auer kënnt all CD- an/oder Vinyl-Junkie op seng Käschten. Kaaft a verkaaft gëtt bei dësem Maart alles, wat ronn ass a beim Ofspille Musek iwwerdréit.

Congés Annulés

Als klenge Virgeschmach op de Festival hunn d’Rotondes op Spotify a YouTube eng Playlist erstallt. Mir wënsche vill Spaass!

Related topics Bartleby Delicate, CD, Concert, Congés Annulés, De Läbbel, Festival, Francky goes to Pointe-à-Pitre, Glass Museum, Merch-O-Rama, Musék, No Metal in this Battle, Rotondes, Slumber Gaze, Summer, Video-Projektioun, Vinyl
Next post Previous post