Search

You may also like

Gemeng Réimech: Vereedegung vum Jean-Paul Kieffer
Kultur Neiegkeeten

Gemeng Réimech: Vereedegung vum Jean-Paul Kieffer

No der ministerieller Veruerdnung vum 1. Juni duerft de Jean-Paul

Dem Sultan geet de Goss aus…
Kultur Neiegkeeten

Dem Sultan geet de Goss aus…

D‘Bedeelegung u ville Konflikter, de Finanzement vun zweiwelhafte Milizen, d‘Covid19-Pandemie

Mikromobilitéit: Bléiend Landschafte fir elektresch Trottinetten
Kultur Neiegkeeten

Mikromobilitéit: Bléiend Landschafte fir elektresch Trottinetten

A ganz Europa erlieft déi sougenannten „Mikromobilitéit“ en zolitten Hype.

CONGÉS ANNULÉS mat Gregario a Mutiny On The Bounty

E Freideg gouf um Festival Congés Annulés am Haff vun de Rotondes fir grouss Begeeschterung gesuergt. Den Drang einfach opzestoen, ze danzen a sech no Gefill zur Musek ze beweege war einfach enorm. Esou hunn d’Fans vu Gregario a Mutiny On The Bounty missen am Sëtze wibbelen a genéissen.

D’Atmosphär war – wéi un all Owend vum Congés Annulés – super geselleg, de Béier gutt kal an d’Musek einfach androcksvoll! Nodeems sech baussen am Haff no an no klenge Gruppen u Kollegen zesumme fonnt hunn ass et pünktlech um 20:00 Auer scho lass gaangen.

De passende Virgeschmaach zum Haaptact vum Owend huet den Duo vu Gregario gebueden. Mam David André un de wäissen a schwaarzen Taste goufe lyresch Kompositioune presentéiert, déi ouni Wieder a vill Schnickschnack hir eege Geschicht erzielen. A Begleedung vun enger Batterie a gemëscht mat elektroneschen Elementer ass de Visiteur an e richtege Floss vun der Dynamik matgerappt ginn.

Ma, wärend hei schonn Energie opgebaut ginn ass, hunn d’Lëtzebuerger Museker vu Mutiny On The Bounty nach eng Schëpp dropgeluecht: Et gouf kräfteg an d’Säite gehaen, op d’Tromme geschloen an esou Glécksgefiller verbreet. D’Fans ware richteg animéiert dësem Feier nozegoen, duerfte sech awer just op d’Héieren, Empfannen an op der Plaz Wibbele limitéieren.

Mat relativ techneschen, awer – sou wéi mir d’Band och kennen – experimentellen a reng instrumentale Kläng ass d’Zäit immens schnell verflunn. Bis zum leschten Toun hunn d’Museker begeeschtert a matgerappt.

Gëschter Owend hu Ryvage, Jackie Moontan a Schlofzëmmerbléck den Ofschloss vum kulturellen a musikalesche Festival markéiert. Bei där Atmosphär, der faarwefrouer Opmaachung an der grousser Diversitéit u Kënschtler géif ee sech wënschen, datt d’Evenement keen Enn geholl hätt. Ma, hoffe mir drop, datt geschwënn erëm méi Concerten op eis duerkommen!

Uewe fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Artist, Concert, Congés Annulés, Experimentell, Gefill, Gregario, Instrumental, Musék, Mutiny On The Bounty, Optrëtt, Rotondes
Next post Previous post