Search

You may also like

USA (Texas): Op e neits erschéisst e Schüler 10 Leit
Neiegkeeten

USA (Texas): Op e neits erschéisst e Schüler 10 Leit

Wat der Däiwel huet den Dimitrios derzou gedriwwen, um Freideg

Verzweiwels du un eisem Lëtzebuergesch-Test?
Neiegkeeten

Verzweiwels du un eisem Lëtzebuergesch-Test?

[onionbuzz quiz-id=153][/onionbuzz] Och am Lëtzebuergesche gëllt dat, wat op ville

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg
Neiegkeeten

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg

De Fall Weinstein weist, datt Sexismus präsenter ass, wéi et

Contern: Dysfonctionnementer erfuerderen eng Enquête

Contern: Dysfonctionnementer erfuerderen eng Enquête

D‘Gemeng Conter informéiert, datt de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot genéidegt war, eng Plainte beim Untersuchungsriichter géint X an ee Mataarbechter vum CIGR Syrdall Asbl anzereechen. Dat wéinst Faiten déi am Zesummenhang mam Fonctionnement vum CIGR stinn a méiglecherweis e penale Volet hunn.

Dës Demarche huet sech imposéiert, nodeems d‘Vertrieder vun der Gemeng Contern déi am Verwaltungsrot siegéieren an d‘Vertrieder aus dem Büro vun der Associatioun Informatioune vu verschiddene Mataarbechter kritt hunn, déi wichteg Dysfonctionnementer an der Gestioun vun de Finanzen a beim Personal vun der Asbl bekloen.

Aus Grënn vun der elementarer Transparenz an dem Schutz vun de Kollaborateure vum CIGR Syrdall Asbl, verlaangt d‘Verwaltung vun der Gemeng Conter eng Enquête an eng minutiéis Klärung vun de genannte Virfäll.

Dës Klärung ass zudeem noutwenneg, fir et der Associatioun ze erlaben, sech nees op seng zentral Aufgaben a Missiounen ze konzentréieren, déi doranner bestinn, den Leit déi op der Sich no enger Schaff sinn, iwwert eng Formatioun nees eng Plaz um éischten Aarbechtsmaart ze erméiglechen. Esou wéi och d‘Liewensqualitéit vun den Awunner vun de 5 Gemengen, déi Member vun der Asbl sinn.

Et ass dann och essentiell datt de Public voll ëmfänglech iwwert dës Affär informéiert ginn. Dat och well de CIGR Syrdall engersäits vum Aarbechtsministère an anersäits, vun de 5 Gemengen déi Membere vun der Asbl sinn, d‘Associatioun finanzéieren.

Aus Grënn déi sech op d‘Instruktioun vun dëser Affär bezéien, an der Berécksiichtegung vun der Onscholdsvermuddung, kann d‘Gemeng Conter keng weider Informatiounen ginn.

Matgedeelt vum Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot vun der gemeng Conter, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © CIGR Syrdall Asbl

Related topics CIGR Syrdall Asbl, Conter, Dysfonctionnementer
Next post Previous post