Search

You may also like

Eppes fir Poeten a Bicherwierm
Meenung Neiegkeeten

Eppes fir Poeten a Bicherwierm

E Mëttwoch geet zu Diddeleng „literaresch“ héich hir. Am Parc

Weis eis, wéi gutt s de eist Land kenns!
Meenung Neiegkeeten

Weis eis, wéi gutt s de eist Land kenns!

[onionbuzz quiz-id=145][/onionbuzz] Mir maachen nees eng digital Rees duerch eist

Amerika, d‘Land vun de Géigesätz
Meenung Neiegkeeten

Amerika, d‘Land vun de Géigesätz

Wat een net fir méiglech géif halen, schéngt sech elo

Contournement vu Käerjeng: Inakzeptabel Kommentaren vu Bausch a Fox

Contournement vu Käerjeng: Inakzeptabel Kommentaren vu Bausch a Fox

Opgrond vun de jéngste Reaktioune vu verschidde Politiker bezéiungsweis dem Ponts&Chaussées-Direkter op d’Pressekonferenz vum 24. Juni 2020 wëllen déi dräi Vereenegungen BIGS, d’Biergerinitiativ Gemeng Suessem, de Mouvement Ecologique Régionale Sud an natur&ëmwelt-Gemeng Suessem Folgendes feststellen.

Et ass net ze akzeptéieren, datt an enger Demokratie Gesetzer, déi gestëmmt goufen, awer nach net ëmgesat gi sinn, déi noweislech op falschen Aussoen (wéi Verwiesslunge vun immens wichtegen Miesswäerter) a falschen Hypotheesen baséieren, trotzdeem einfach oprecht erhale bleiwen an net hannerfrot ginn.

PolitikerInnen, déi mat falschen Zuelen operéieren, täuschen d’Entscheedungsdréier um nationalen Niveau, wéi op lokalem Niveau, andeem si eng Decisioun erbäi féieren, déi esou net ze rechtfäerdegen ass an absolut als ondemokratesch anzestufen ass.

Contournement

D’Aussoe vum Minister F. Bausch

  • Zitat aus engem RTL-Télé-Interview: „Wärend dem Debat zum Gesetz um 12. Juli 2018 wir sécher vun Dageswäerter a Joresmëttelwäerter geschwat ginn. D’Zitater wiere vun de Géigner awer aus dem Kontext gegraff ginn. Déi korrekt Miesswäerter wire genannt ginn.“Kloerstellung: Jiddwereen ka sech d’Videoopzeechnung vum Debat vum 12. Juli 2018 am Archiv vun der Chamber ukucken. All am Pressedossier vun der Vereenegung genannt Zitat mat der Nennung vu falsche Wäerter ass wuertwiertlech esou gesat ginn!

  • Erklärung vum Feeler bei der Äntwert op déi parlamentaresch Fro vum Y. Cruchten: „Jo, effektiv, do hat ech mech geiert. D’Wuert „actuellement“ ass falsch.“Kloerstellung: Net just d’Wuert „actuellement“ war feel un der Plaz, bei senger Äntwert op d’Fro vum Y. Cruchten mee och d’Donnéeë vum alen NO2-Wäert vun 2012, nämlech 57 μg/m3! Dat kann op kee Fall als „erreur matérielle“ bezeechent ginn.Korrekt hätt d’Äntwert op dëse Deel vun der parlamentarescher Fro a baséierend op den offizielle Miesswäerter vun der Ëmweltverwaltung folgendermoossen misse sinn: «……….La valeur annuelle moyenne pour l’année 2019 du dioxyde d’azote NO2 au centre de Bascharage, le long de l’avenue de Luxembourg, s’élève à 38 µg/m3 et se situe donc en dessous de la valeur limite de 40 µg/m3. Les valeurs des mois avant le confinement (janvier et février) de l’année 2020 étaient de 37 resp. 27 µg/m3…….»

  • Zitat: „Deemools goufe Modellrechnungen duerchgefouert, déi gewisen hunn, datt wann all alternativ Moossnamen zur Verbesserung vun der Situatioun ëmgesat ginn, de Stéckstoffdioxyd-Wäert NO2 am Joer 2020 bei 45 µg/m3 leie géif.“Kloerstellung: Zum Zäitpunkt vun der Ausso am Juli 2018 louch den Hallefjoresmëttelwäert bei 44,5 µg/m, Tendenz faalend. Haut sinn d’Fakten eendeiteg: Déi theoretesch Prognos vu 45 µg/m3 gëtt mat grousser Sécherheet ënnerschridden (den Duerchschnëttswäert vun de 4 leschte Joren louch bei 39,5 µg/m3!). Déi folgend Fro un d’Wëssenschaftler gëtt gestallt: Wéi eng Miesswäerter sollte prioritär berécksiichtegt ginn? Den theoreteschen, aus enger Modellrechnung, oder de reellen, ënnert wëssenschaftleche Bedingungen ermëttelte Miesswäert?

Iwwregens: An hirer Äntwert vun Oktober 2019 op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten D. Wagner hat d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg richteggestallt, datt d’Miessunge vu 57 µg/m3 am Joer 2012, mat deenen de ganze Projet Contournement rechtlech begrënnt ginn ass, an de Minister F. Bausch haut nach (!) als eenzege Wäert nennt, net der Qualitéitsprüfung am Sënn vun der Direktiv 2008/50/CE standhalen. Auszuch:

«Les mesurages réalisés en 2010/11 et 2015 indiquaient des valeurs supérieures à la valeur limite, à savoir 57 et 48 μg/m3 en moyenne annuelle. Elles ne peuvent toutefois pas être invoquées comme dépassements au titre de la directive 2008/50/CE. En effet, elles ont été réalisées à l’aide de mesures indicatives qui ne remplissaient pas les exigences de qualité de la directive (incertitude de mesure et couverture des données au cours d’une année).» «Une station de mesure conforme aux critères de la directive a été mise en service vers la fin de l’année 2016.» (réponse du 7.10.2019)

Doraus ergëtt sech, datt ee Gesetz mat esou engem Ausmooss a mat engem Käschtepunkt vun 139 Milliounen op Grond vun iwwerhuelten, net zoulässege Miessunge beschloss ginn ass.

Wat de Miesswäert vu 85 µg/m3 NO2 betrëfft, esou handelt et sech hei em een Dageswäert. Den 1-Stonnegrenzwäert läit bei 200 µg/m3. En dierf héchsten 18 Mol am Joer iwwerschratt ginn. Dësen Héchstwäert gouf säit de systematesche Miessungen NIE zu Käerjeng erreecht!

D’Aussoe vum Ponts&Chaussées-Direkter Häer Fox:

  • Den Häer Fox vun de Ponts&Chaussées schwätzt iwwert déi „Begleetmoossnamen“ zum Bau vum Contournement, wéi intelligent Luuchten an eng zousätzlech Busspur, déi och ëmgesat géife ginn.Kloerstellung: Hei gëllt et net e Contournement ze bauen, wéi och „Begleetmoossnamen“ ëmzesetzen. Nee, wéi schonn 2016 vun de Vereenegungen an dem Gemengerot vu Suessem gefuerdert sollt just déi, och als Null-Plus-Variant bezeechent Léisung, ëmgesat ginn amplaz vun engem Contournement, deen en eenzegaartegt Naturschutzgebitt massiv zerstéiere géif.

Säit véier Joer gouf keng eenzeg vun den iwwer 20 proposéierten, ëmweltfrëndleche verkéierstechnesche Moossnamen, déi nach emol am Pressedossier vum 24. Juni opgezielt goufen, weder vun der Regierung nach vun der Gemeng Käerjeng ëmgesat!

Wiere verschidde Moossnamen ëmgesat ginn, esou hätt dëst eng weider, substantiell Reduzéierung vun de Schuedstoffemissiounen, sou wéi der Gesondheetsbelaaschtung vun de Bewunner zu Folg gehat.

D’Ausso zum Kaméidi an der ekonomescher Entwécklung:

D’Etüd iwwert de Kaméidi huet moderat Miesswäerter erginn. Si gouf dofir och net an der „Etude d’évaluation de l’Environnement“ (EIE) als „raison impérative d’intérêt public majeur“ fir de Bau vum Contournement zeréckbehalen – a kann et och haut net. Dat selwecht trëtt op déi ekonomesch Entwécklung vun der Uertschaft Käerjeng zou, déi ni als offizielle Grond fir de Bau vun engem Contournement duerchgeluecht ginn ass.

Et gëtt en neie Moment. Mir verlaangen eng komplett Opklärung. D’Chamber muss d’Lag mat alle Fakten ënnersichen an d’Resultater ëffentlech kommunizéieren.

Déi aktuell Miesswäerter fir Stéckstoffdioxyd NO2, déi bekannt sinn, kënnen net einfach ignoréiert ginn. Si leie mat 39,5 µg/m3 am Schnëtt vun de leschte 4 Joer, also säit der Regierungsdecisioun vum 29. Juli 2016, ënnerhalb vum europäesche Grenzwäert vu 40 µg/m3. An den éischten béide Méint vun dësem Joer, also virum Corona-Lockdown, louche se bei 32 µg/m3.

Bei engem Gerichtsverfahren, wou sech erausstellt, datt d’Fakte falsch waren, gëtt en neit Verfahren beschloss. An eisem Fall kéint soumat d’Zerstéierung vun der Natura2000 Zon verhënnert ginn.

Déi ënnerzeechnend Vereenegunge bleiwen dobäi: Si fuerderen e Moratorium fir de Bau vum Contournement vu Käerjeng. All Pläng solle gestoppt ginn bis déi gefuerdert verkéierstechnesch Moossnamen ëmgesat goufen an duerch uschléissend Miessungen d’Wierkung vun dëse Moossnamen am Bezuch op d’Schuedstoffemissiounen an -immissiounen ënnersicht, dokumentéiert an der Ëffentlechkeet virgestallt goufen.

Matgedeelt vun der BIGS, d’Biergerinitiativ Gemeng Suessem, dem Mouvement Ecologique Régionale Sud an natur&ëmwelt-Gemeng Suessem

Opmaacherbild: © Yeshi Kangrang / Unsplahs

Related topics BIGS, Contournement, Falsch Aussoen, François Bausch, Gemeng Suessem, Grenzwäerter, Käerjeng, Kaméidi, Miessäwerter, Mouvement Ecologique, natur&ëmwelt, Ponts et Chaussées, Stéckstoffdioxid
Next post Previous post