Search

You may also like

Europa: Nach ëmmer keen Nofolger fir de Jott-zé-Jott
Neiegkeeten

Europa: Nach ëmmer keen Nofolger fir de Jott-zé-Jott

De „Management-Problem“ vun der Institutioun „Europa“ wëll sech net léise

D’Landwirtschaft grad elo besser a méi geziilt ënnerstëtzen
Neiegkeeten

D’Landwirtschaft grad elo besser a méi geziilt ënnerstëtzen

„D’Liewensmëttelsécherheet ass vun zentraler Bedeitung fir d’Mënschen an d’Landwirtschaft ass

Dammefussball: SC Beetebuerg um eegenen Terrain „Souverän“
Neiegkeeten

Dammefussball: SC Beetebuerg um eegenen Terrain „Souverän“

Fir d‘Damme vum AS Rupensia Lusitanos aus der Fiels gouf

De Contournement vun Dippech ka kommen

Nom Ofschloss vun enger Jorelaanger Expropriatiounsprozedur steet dem Projet näischt méi am Wee

De Contournement vun Dippech ka kommen

Der Buergermeeschtesch vun Dippech ass méi wéi nëmmen ee Stee vum Häerz gefall, wéi et dann endlech offiziell gouf, datt d‘Prozedur zur Expropriatioun, déi iwwer Joren de Projet vum dréngend noutwennege Contournement blockéiert huet, endlech ofgeschloss ass. Déi fir de Contournement noutwenneg Terraine gehéieren zanter Juli dem Staat.

An d‘Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller erënnert drun, datt si schonn 2013 déi éischt Baugeneemegung an dësem Kontext ausgestallt hat. Elo also ass de Rideau iwwert dëst däregt Koméidistéck gefall an et dierft besonnesch den Automobilisten eng gutt Nouvelle sinn, déi sech aktuell nach ëmmer bei der Barrière op Dippech-Gar Pneue platt stinn.

Wann dem Ministère fir ëffentlech Aarbechten seng Informatioune korrekt sinn, da kéint de Schantje schonn 2020 lancéiert ginn, wa bis dohinner d‘Ausschreiwungsprozedur sollt ofgeschloss sinn. Dat wier gutt, well et muss een awer mat zwee Joer rechnen, bis d‘Aarbechte kënnen ofgeschloss ginn. Mee och wann et bis 2024 sollt daueren, et geet endlech virun…

Foto: Gianni Crestani / Pixabay

Related topics Contournement, Dippech, Dippech-Gar, Manon Bei-Roller, Stau
Next post Previous post