Search

You may also like

Europaparteidag vun „die Linke“ fuerdert d‘Reform vun der EU
International Neiegkeeten

Europaparteidag vun „die Linke“ fuerdert d‘Reform vun der EU

Zu Bonn geet et beim Europaparteidag vun „die Linke“ ëm

Wéi gutt schneits du bei dëse 15 Froe vun eisem Lëtzebuergesch-Quiz of?
International Neiegkeeten

Wéi gutt schneits du bei dëse 15 Froe vun eisem Lëtzebuergesch-Quiz of?

[onionbuzz quiz-id=166][/onionbuzz] Dës Kéier hu mer eis nach méi wéi

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest
International Neiegkeeten

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest

Et ass, vun engem demokratesche Standpunkt hir betruecht, eng lëschteg

COP25: Op dës Ofschlosserklärung hätten se verzichte kënnen

COP25: Op dës Ofschlosserklärung hätten se verzichte kënnen

Eigentlech sollt d‘UN-Klimakonferenz COP25 schonn e Freideg ofgeschloss ginn. Well ee sech net wëll eens ginn, hat et eng 40 Stonne-Verlängerung ginn. E Sonndeg hu se dunn zu Madrid eng Erklärung ofginn, déi dës Konferenz zur schlechtster vun alle Konferenze mécht. Gutt geschafft…

40 Stonnen nom geplangten Enn vun der COP25 huet déi chilenesch Konferenzpresidentin Carolina virun den Delegéierten aus 196 Länner d‘Eenegung zur Ofschlosserklärung bekannt ginn. Inhalt gëtt et keen, relevant Punkte sinn op d‘COP26 zu Glasgow (2020) verluecht ginn. Domatter steet fest, datt bis op d‘Entwécklungslänner an d‘Inselstaaten, kee wierklech Interessi um Klima huet.

COP25Eigentlech sollt sech zu Madrid op e Fonds gëeenegt ginn, mat deem Entwécklungslänner an déi vum Klimawandel bedreeten Inselstaaten, de bereets agetruedene, klimabedéngte Schied a Verloschter, begéine kënnen. Dat huet sech net maache gelooss an och d‘Iddi vun enger Ëffnung vum bereets bestoende „grénge Klimafonds“, dee Goss fir Klimaschutzmoossnamen an dir d‘Upassung un d‘Äerderwiermung bereet hält, ass an der Ofschlosserklärung verwässert ginn.

An och d‘Ausgestaltung vum Artikel 6 vum Paräisser Accord ass nees net gelongen. Zu Katowice (Polen) hat d‘COP24 schonn eng schwaach Virstellung gebueden, mee zumindest konnten sech déi 196 Länner op all déi aner „Kapitel“ verstännegen. Den Artikel 6 war op d‘COP25 verluecht ginn, wou et op en Neits keng Fortschrëtter ginn huet, an dëst Kapitel dann zu Glasgow nees virläit.

COP25Heibäi geet ëm den Emissiounshandel: dat heescht, datt wann ee Land iwwert seng Ziler eraus bei den Emissioune spuert, dierf et den „Iwwerschoss“ als Zertifikater verkafen. An dësem Kontext huet Brasilien sech mat der Aart a Weis wéi dat ugerechent gëtt onzefridde gewisen. Woubäi déi meescht Länner drop gepocht hunn, datt näischt duebel gezielt gëtt. Et sollt also net zu engem Accord kommen. Dat op 2020 ze verleeë war dat eenzegt wourop sech um Enn gëeenegt gouf.

En „Trouscht“ sinn do den EU-Klimaplang an de Klimaplang dee sech Lëtzebuerg ginn hunn. Bei der EU gëtt et nach eppes Widderstand vu Polen, Tschechien an Ungarn, déi entspriechend Hëllef – haaptsächlech finanziell – a länger Transitiounsphase gefuerdert hunn. Zu Madrid ass een iwwert en onverbindlechen Appell u sech selwer net erauskomm. D‘Enttäuschung weit schwéier…

mat indymedia/mad

Related topics COP25, Fridays for Future, Greta Thunberg, Madrid, UN-Weltklimakonferenz, UNFCCC, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post