COP26: Wëssenschaftler hu Gespréichsbedarf

Eng vun de ville Froen: „Wie muss fir Klimatechnologie blechen?“ sollt zäitno beäntwert ginn

Wann et un eppes net sollt feelen, da sinn et ëmfänglech Daten. Zanter 1972 gëtt eisen Ëmgang mat der Natur an Ëmwelt vun der Wëssenschaft dokumentéiert. Bis heihinner konnten allerdéngs vill net Wëssenschaftler mat hirem Geld entweder Verëffentlechungen (finanziell) beaflossen, respektiv sech direkt déi passend Expertise vu kaafte Wëssenschaftler ausstelle loossen.

Dat gouf ëmmer bereetwëlleg vun der Politik, déi jo selbstverständlech och vun deenen „aneren“ Expertise woussten, matgedroen, jo esouguer tatkräfteg ënnerstëtzt. Dat aus guddem Grond, strieft dach de selbstbewosste politeschen Acteur, eng maximal lukrativ Weiderverwäertung vu senger rhetorescher Konscht, bannent engem oder méi Verwaltungsréit, no der politescher Carrière un.

Säit kuerzem schéngen sech awer och gewësse politesch Decideure bewosst ze sinn, datt dat villt „Kannergejäiz“ fir de Klima a géint d‘Äerderwiermung mëttelfristeg gehéireg Konsequenze kéint hunn. Ikone vun der jugendlecher Ëmweltbeweegung, wéi d‘Greta Thunberg an d‘Luisa Neubauer beispillsweis, sinn elo an engem Alter wou se wielbar ginn. An u Wieler feelt et hinne kloer net.

Jo déi „Kanner“, egal op „Fridays for Future“, „Youth for Climate Lëtzebuerg“ a wéi sech soss nach wëlle benennen… all dës Mënschen dierfe schonn oder wäerte geschwënn dierfe wielen. Elo kréien dës Teenager de Réck och nach vu wëssenschaftlechen Experte gestäipt. Gutt an eppes kreativer Form, mee et heescht, datt esou wéi et leeft, den Thermometer eis wäert ëm d‘Ouere fléien…

Wëssenschaftler lancéiere Finanzéierungsdebat

Mir wëssen dank der kommunikativer Transparenz vun eise Klimahelden, datt jo net nëmmen eis gréng Minister (Ëmwelt, Energie a Mobilitéit) mee och de Gestionnaire vun der Finanzplaz mat sengen nohaltege Fongen an enger maximal klimaresilienter Fondsindustrie – gemengt ass de Pierre Gramegna – eng ganz grouss Missioun zu Glasgow ze erfëllen huet. Hien ass hei direkt betraff.

Laut der Wëssenschaft (also zumindest engem erhieflechen Deel dovunner) ass mat den aktuelle Bestriewungen, d‘Begrenzung vun der Äerderwiermung op maximal +1,5°C net ze maachen. Et heescht vun dëser Säit, datt mir kënfteg wäerte mussen de Kuelendioxid (CO²) aus der Atmosphär ofsaugen. Dat ass net nëmme komplizéiert an ëmständlech, mee leider och nach immens deier.

An „deier“ ass ee Wuert wat weder bannent der Industrie a Wirtschaft, a schonn emol guer net vun de politeschen Decideure gäre gehéiert gëtt. Sécher, dem klassesche Steierzueler kann ee villes operleeën – besonnesch bei eis am Land, wou d‘Fauscht bis ewell nach ëmmer an der Täsch gemaach gëtt – woubäi alles esou seng Grenzen huet. Freet also ganz konkret, wier muss bezuelen?

Den éisträichesche Physiker Johannes Bednar (Institut fir ugewannte Systemanalys zu Laxenburg) stellt dréche fest, datt esouguer wa sech déi ganz Welt (politesch) kéint bis 2050 op déi sougenannt Klimaneutralitéit beruffen, géifen déi ugestrieften Ziler, also maximal +1,5°C net méi agehale ginn an den Ament mécht d‘Wirtschaft och net de geréngsten Effort, oder verheemlecht dat ganz gutt.

Wéi, geet et net méi duer engem Gott nozelafen?

Interessanterweis ass et dann och nach esou, datt längst un Technologie gefuerscht gëtt, mat deenen een de CO² afänken a späichere kann, woubäi… Wann ee sech d‘Modeller esou zu Gemitt féiert, mengt ee bal, d‘Entwéckler hätten eng Iwwersiicht betreffend d‘Gréisstenuerdnung. Dat ass leider net de Fall, an esou kann sech och keen dohistellen am erkläre wat de ganze Krëppeng kaschte soll.

Laut dem éisträichesche Physiker a sengem wëssenschaftleche Sozialëmfeld, wäert eis d‘Gestioun vum CO² esou deier ze stoe komme wéi de Gesondheetssystem. Eng schlecht gewielte Formel, well mam Gesondheetssystem ass et wéi mam Klima: dëse gouf politesch bewosst, gezillt an aus strikt finanzielle Grënn (wéi sollt een dann och soss als Politiker zu sengem kommen) vernoléissegt.

A wann hei vun „deier“ rieds ass, dann ass domadder net gemengt, datt een d‘Emissiounen op Null setzt. Nee hei gëtt sech eenzeg dem „ofsauge vum CO² aus der Atmosphär“ zougewannt. Käschten déi vun den uewe Genannte jonke Mënschen ze droe sinn. An déi wäerten net emol kënnen déi sëllege Verantwortlecher zur Rechenschaft zéien. Déi sinn all bis 2050 biologesch „terminéiert“.

Wat d‘Betriber, Entreprisen a Konzerner betrëfft, esou hunn déi eng zimmlech einfach, wann och sécherlech eppes krätzeg „Exit-Strategie“. Si mellen sech Faillite an Zack geet de Recours nees un de Steierzueler. Jo genee esou ass de System opgebaut: de Profit gehéiert privatiséiert (dat ass dat mat den 1%) an d‘Verloschter gi sozialiséiert. Esouvill zum Mythos „de Verursaacher bezilt“.

2050 dierft ee méi no u +3°C, wéi ënner +1,5°C sinn

Elo hunn déi wirtschaftspolitesch Verbriecher (déi niewebäi och eng maximal Schold am Kontext vun de bestoende Konflikter droen) schonn all déi Date virleien, aus deenen ze enthuelen, ass, datt mat all Zéngtel-Grad d‘Klimaschied zouhuelen, an déi dorausser resultéierend Käschten esou héich wäerten ausfalen, datt et fir d‘Finanzéierung vu reelle Moossname kee Goss méi wäert hunn.

Also och beim Steierzueler, dee jo zu gudder Lescht, wéi bei der Bewältegung vun de Folge vun de Konflikter, d‘Pan klake muss. D‘Politiker an hir Handlaanger stiechen de Profit vum Waffenhandel an, de Steierzueler iwwerhëlt all d‘Käschte vun den dorausser resultéierende Fluchtursaachen. Ass dach esou einfach, an déi meescht si anscheinend tatsächlech ze domm fir d‘Ausmooss ze erfaassen.

Wat elo méi konkret d‘Virschléi betrëfft, esou ass dat meescht dovunner reng Utopie an kann esou keng politesch Majoritéit op sech zéien. Heescht et dach beispillsweis, datt een sech net sollt dierfen d‘Recht kafen, CO2 permanent an der Atmosphär anzelageren, mee een dofir a gewëssem Sënn soll ee Loyer bezuelen an sech muss verflichten den CO² och nees „zeréckzehuelen“. Dat ass Utopie.

Nach besser: ee System analog zu de Bankkreditter. Dat heescht, datt Entreprisen zukünfteg, an dat passend zu den Emissiounen, eng Aart CO²-Recuperatiounskredit ophuele mussen an dorobber dann Zënse bezuele mussen. Wat de Risk méi grouss ass dat eng Entreprise d‘Bach ofgeet, wat d‘Zënse musse méi héich sinn. Schonn un der Formuléierung gëtt ersiichtlech, och dorausser gëtt näischt.

mam Sarah Kleeblatt, IM-global

Illustratioun: © Chris LeBoutillier / unsplash

Dernières nouvelles