Search

You may also like

De Bréifdréier virum Ausstierwe retten!
Neiegkeeten

De Bréifdréier virum Ausstierwe retten!

Um vergaangene Samschdeg huet d’Bréifdréieschgewerkschaft op hire Kongress invitéiert. Mat

Den Direkter vun der Uni.lu muss keen Däitsch kënnen
Neiegkeeten

Den Direkter vun der Uni.lu muss keen Däitsch kënnen

Während iwwert d’Sproochen am Enseignement nawell vill dëser Deeg geschwat

Neien Ufank: Integratioun vun 120 Famillen
Neiegkeeten

Neien Ufank: Integratioun vun 120 Famillen

Fir hire Projet „Neien Ufank“ virzestellen, hat Caritas Lëtzebuerg d‘Press

Chef-Lobbyist vun der COPAS mat Krisegestioun zefridden

Chef-Lobbyist vun der COPAS mat Krisegestioun zefridden

De President vum Verband vun de Prestataire vun Déngschtleeschtunge fir d‘Senioren ass mat der Aart a Weis wéi déi sanitär Kris an den Alters- a Fleegeheemer ganz zefridden. De Marc Fischbach, ex-Ombudsmann ass esouguer iwwerzeegt, datt d‘Kris gewësse Revendicatioune viru bruecht huet.

Et war fir de fréiere CSV-Minister, Riichter um Mënscherechtsgeriichtshaff an Ombudsmann, Marc Fischbach (74) sécherlech eng gutt Saach de Bierger am Land annoncéieren ze kënnen, datt – am Géigesaz zu eisen Noperen – mir eis Leit an den Alters- a Fleegeheemer wärend der sanitärer Kris gutt geschützt hunn. Och wa ronn d‘Hallschent vun de Covid19-Affer aus dësen Haiser kommen.

Laut dem COPAS-President, deen d‘Majoritéit vun den Alters- a Fleegeheemer vertrëtt, huet et ënnert de ronn 6.000 Residenten nëmmen 313 Infektiounsfäll ginn, 68 dovunner mat engem déidleche Krankheetsverlaf. Dat wiere 5% vun de Leit déi vun de COPAS-Haiser betreit ginn.

De „jonke“ Jurist mat engem Faibel fir gutt dotéiert Verwaltungsrotsposten, huet e Méindeg erkläert, datt bei der Generalversammlung vun der COPAS (26. September) eng Analys vun de Léieren, déi aus dëser Kris ze zéie sinn, gemaach gouf. Esou wier déi gutt Gestioun dank dem Asaz vum Fleegepersonal an der Kooperatioun mat den ëffentlechen Instanze méiglech gewiescht.

Ee bëssi Verloscht ass ëmmer

Interessant hei, datt de Marc Fischbach, deen et eigentlech net esou mat der Valorisatioun vum Personal an den Alters- a Fleegeheemer huet, dësen zougesteet eng gutt Aarbecht geleescht ze hunn. Him ass esouguer opgefall, datt de Residenten hir Bierger- a Mënscherechter beschnidde goufen.

Datt bei enger „neier“ Covid19-Well nach emol kéint decidéiert ginn, dës Leit vun der Baussewelt ofzeschneiden, wëll de fréiere Riichter um Mënscherechtsgeriichtshaff awer ausschléissen. Dofir ass hien dann ëm esou méi erfreet, datt d‘COPAS eng Rei Revendicatiounen duerchgedréckt kritt huet. Esou d‘Recht, „urgent Medikamenter“ an den Haiser ze lageren. Mee och aneres war wichteg.

Esou d‘Permanence vun de Generalisten an den Haiser, dat iwwert d‘Weekender an/oder Feierdeeg, eng vun den eelere Fuerderunge vum Verband. An dësem Kontext ass zesumme mat der AMMD, dem Gesondheets- a Familljeministère et Pilotprojet an d‘Liewe geruff ginn. Dee soll 2 Joer lafen.

De Marc Fischbach begréisst dann och, datt d‘COPAS endlech déi Visibilitéit bei den Autoritéiten erhalen huet, déi dësem Verband laang verweigert ginn ass. De „Secteur“ wier ni consideréiert ginn, ass awer dee gréissten ausserspidolesche Secteur a misst och als Solches unerkannt ginn. Mee et ass net alles gutt, an esou muss de COPAS-President och iwwer déi schlecht Erfarungen ee Wuert soen.

Ouni Doleance wier et net d‘COPAS

Esou hätt sech d‘COPAS dann och massiv fir d‘Integratioun vum Secteur vum Handicap, bezunn op d‘Demarchen a Verbindung mat der Kris agesat. Dëse Secteur wier net consideréiert ginn an elo ze behaapten, datt dee manner vulnerabel wier, hält de Marc Fischbach fir eng gewoten Ausso.

De Secteur „Handicap“ vun den Alters- a Fleegeheemer ze trennen, wier grondsätzlech falsch. Hie war gëschter awer iwwerzeegt, datt een dat a Regierungskreesser matkritt huet, an datt sech elo déi zoustänneg Autoritéiten och dësem „Problem“ zouwenne wäerten. Datt et der COPAS dobäi och ëm ee profitabelt Geschäft geet, huet de konservative Jurist natierlech net zum Ausdrock bruecht.

Nach ee vun den interessante Punkten, op deen hinzeweisen ass: d‘Grenzgänger! Wann allgemeng de Lëtzebuerger Gesondheetssystem vu Fleegepersonal mat Statut „Frontalier“ ofhängeg ass – dat och wéinst der Logementskris – esou ass datt an den Alters- a Fleegeheemer nach méi de Fall.

Fir d‘COPAS wier et, esou de Marc Fischbach, essentiell sech kënnen drop ze verloossen, datt hir Lounofhängeg net op de Grenze festgehale ginn, a fuerdert net manner, wéi datt dës Problematik am Kontext vum Gesondheetsdësch op de Leescht geholl gëtt. Hier fuerdert och, datt d‘Regierung sech dofir asetzt, méi jonk Mënsche fir ee Beruff an der Seniorefleeg ze motivéieren…

Illustratioun: Wärend dem Etat de Kris (Lockdown), sinn d‘Rechter vun den eelere Mënschen an den Alters- a Fleegeheemer zolidd ageschränkt ginn. Wien d‘Gléck hat mat den neien Technologien eens ze ginn, an och nach iwwert ee Smartphone oder eng Tablett ze verfügen, war am Virdeel. © Joseph Chan / unsplash

Related topics Altersheem, Copas, Fleegeheem, Krisegestioun, Marc Fischbach
Next post Previous post