Copy Cat: Tatsächlech eng Kopie oder dach net?

Bei dëser léiwer gro-wäisser Pelzknujel fält op den éischte Bléck näischt Spezielles op. Ma, dem Déierchen säin Numm – Copy Cat (CC) – weist schonn, datt et sech wuel net ëm déi typesch Kaz handelt. Den 22. Dezember 2001 ass zu Texas déi éischt geklonte Hauskaz op d’Welt komm.

Schonn 1996 ass et a Schottland gelongen d’Dolly, e geklonte Schof, der Ëffentlechkeet ze presentéieren. Haut virun 20 Joer war dunn de grousse Moment vun de Wëssenschaftler vun der Texas A&M Universitéit.

Mam Copy Cat ass eng genetesch Copie vun der Kaz „Rainbow“ per Keeserschnëtt op d’Welt komm. Et sollt sech awer „just“ ëm eng Reproduktioun handelen – béid Kazen haten zwar déi selwecht Genen, hu sech awer vum Ausgesinn a Verhalen hir ënnerscheet.

Beim Klonen gëtt de Genom aus der Eezell vun engem Déier erausgeholl an ersat duerch e Genom vun enger anerer Kierperzell. Entsteet en Embryo, gëtt dësen an eng Ersatzmamm agesat. Ma, an dësem Fall konnt sech vun den iwwer 80 ageplanzten Embryoen just d’Copy Cat zu enger lieweger Kaz entwéckelen.

A wat ass den Notzen? Natierlech wëll d’Wëssenschaft ëmmer erëm testen, wat méiglech ass. Geklonten Déiere kéinten dobäi hëllefe bedreeten Aarten ze retten, awer och neurologesch Krankheeten ze ënnersichen a wierksam Medikamenter ze sichen. Da wier do och nach den emotionalen Aspekt: Déierebesëtzer déi hire léifste Véierbeener nom Dout zeréck wëllen, kéinnte vun der Fuerschung profitéieren.

Dogéint schwätzen allerdéngs déi ethesch Aspekter. Et handelt sech ëm Déierenexperimenter. D’Leed an d’Gesondheetsproblemer bei der Ersatzmamm an dem geklonten Déier rechtfäerdegen dës Aarbecht nëmme bedéngt. Et muss een déif an d’Täsch gräifen, fir sech d’Klone leeschten ze kënnen, an dann ass relativ heefeg esou, datt d’Prozedur scheitert.

Déi Doudeg soll een net zeréckhuelen, mee a gudder Erënnerung behalen. Esou handelen Hausdéierbesëtzer eigentlech just am eegenen Interessi, wa si eng Kopie vun hirem Hond oder der Kaz wëllen.

Ma, och haut nach gi vun Afen bis hin zu Schof Déiere geklont. Déi südkoreanesch Firma Sooam Biotech Research Foundation bitt souguer dat kommerziellt Klone vun Hënn un, wat gutt 100.000 Dollar a méi kaschte kann.

Den 3. Mäerz 2020 ass d’Copy Cat am Alter vun 18 Joer un Niereversoe gestuerwen.

Dernières nouvelles