Search

You may also like

D’ULC warnt virun der Ofschafung vum Boergeld
Geek Neiegkeeten

D’ULC warnt virun der Ofschafung vum Boergeld

D’Thema ëm d’Ofschafung vum Boergeld daucht mëttlerweil ëmmer erëm op.

Editorial: Geheimniskréimerei virun den EU-Wahlen
Geek Neiegkeeten

Editorial: Geheimniskréimerei virun den EU-Wahlen

Et freet ee sech heiansdo wat sech déi dichteg Hären

D‘Fundament fir „europäesch“ Léisungen am Krisefall ass dënn (Analys)
Geek Neiegkeeten

D‘Fundament fir „europäesch“ Léisungen am Krisefall ass dënn (Analys)

D‘Bierger vun Europa erwaarde vill vun der EU-Kommissioun, déi awer

geek

Lëtzebuerg misst europäesch Copyrightreform bis Juni ëmsetzen

Eng weider d‘Rechter vun de Bierger beschneidend Direktiv? Kritt d‘Regierung eng dem Land a sengen Awunner gerecht Ëmsetzung hin?

Lëtzebuerg misst europäesch Copyrightreform bis Juni ëmsetzen

Déi sougenannt „Digital Single Market“ Direktiv 2019/790 (Copyrightreform) war bekanntlech de 26. Mäerz 2019 vum Europaparlament gestëmmt ginn, wat d‘vum Chaos Computer Club (C3L) als „Schwaarzen Dag fir Europa“ bezeechent gouf. Zu Recht, woubäi d‘Leit sech och wéineg zur Wier gesat haten…

Et ass nu emol esou, datt et kee Grond gëtt, och wann d‘Bier geschielt ass, datt een den Thema net sollt politiséieren. Elo ass et un den nationale Regierungen a Parlamenter, fir den derzougehéierege Gesetzestext auszeschaffen, an hei géif et schonn eppes Spillraum, behaapt de C3L. Si hunn dofir e verständlecht Positiounspabeier zur Direktiv virgeluecht. Dee gëtt de Parteien zougeschéckt.

Zäitgläich ass elo dëser Copyrightreform – „een Auteursrecht fir d‘21st Joerhonnert“ – eng ganz Internetsäit gewidmet ginn, wou een a Lëtzebuerger Sprooch zur Direktiv informéiert gëtt, a wou et esouguer méiglech ass, mat wéinege Klicks sengem Minister/Deputéierten eng e-Mail ze schreiwen (et ass och eng Printversioun virgesinn). Dat wann d‘Positioun vun C3L berécksiichtegt soll ginn.

Jidderengem, deen am Alldag och publizistesch, egal op mat engem eegene Blog/Vlog, oder engem Kanal op YouTube/Vimeo/Switch asw. am Internet ënnerwee ass, mee och d‘Benotzer vun de sozialen Netzwierker wéi Facebook/Twitter, sollten sech déi vun C3L ausgeschaffte Positiounen an Erklärungen zu Gemitt féieren. Wéi gesot, méi verständlech an och op lëtzebuergesch geet et net.

Well elo leider gewosst ass, datt déi (wierklech) allermeeschten nëmme marginal interesséiert sinn, et selbstverständlech och Leit huet déi deenen et generell eppes egal ass, a sech wuel och eppes drop verlooss gëtt, datt d‘Politik scho „keng Dommheete“ maache wäert, muss et erlaabt sinn op dëser Plaz eppes ze insistéieren. Vill Britten hate sengerzäit beim Brexit och wéineg Interessi….

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics C3L, Chaos Computer Club Lëtzebuerg, Digital Single Market, Direktiv 2019-790
Next post Previous post