Search

You may also like

Irak: Tierkesch Offensiv géint Kurdesch PKK
Neiegkeeten

Irak: Tierkesch Offensiv géint Kurdesch PKK

Zanter Deeg beschéisst déi tierkesch Arméi den irakeschen Norde mat

5 Bicher, déi s de zu Halloween liese kanns
Neiegkeeten

5 Bicher, déi s de zu Halloween liese kanns

Halloween steet virun der Dier. An domatter eng ganz speziell

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren
Neiegkeeten

ACL: De Staat sollt sech méi op Motorrieder konzentréieren

An engem oppene Bréif riicht sech de Lëtzebuerger Automobilclub elo

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass

De Misär eng Parkplaz ze fannen, déi méiglechst och ze bezuelen ass, dat betrëfft och all déi wou um Kierchbierg ënnerwee sinn. E gäre genotzte Parking, ass dee vum Sport- a Kulturzentrum Coque. An do muss dann och am Prinzip jidderee bezuelen, woubäi déi wou och an d‘Coque ginn eppes besser gestallt sinn.

E Constat deen sech aus der Äntwert vum Minister Romain Schneider op d‘Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Arendt ergëtt. Woubäi et wichteg ass drop hinzeweisen, datt de Parking „Coque 1“ mat sengen 200 Stellplaze staark vu Leit genotzt gëtt, déi eigentlech mam Etablissement näischt ze dinn hunn.

De Minister gesäit hei de Grond beim allgemenge Parkplaz-Mangel um Kierchbierg. D‘Beamte vun den Institutiounen, mee och all déi Leit déi u Formatioune bei a ronderëm der Coque deel huelen, maachen intensiv gebrauch vun dësem Parking. Dat féiert dozou, datt d‘Gäscht vun der Coque de Parking oft nëmmen ageschränkt kënnen notzen.

Fir dem entgéintzewierken hunn se an der Coque d‘Tariffer fir de Parking zolidd iwwerschafft. Wien also weder Client, Sportler oder soss iergendwéi eppes mat der Coque ze dinn huet, dee muss uerdentlech an d‘Täsch gräifen.

Coque

E Bléck op d‘Tariffer mécht et däitlech: wien sech et net leeschte kann oder wëll deet gutt drun anzwousch anescht ze parken. © Martine de Lagardère/moien.lu

Parken op „Coque 1“ kascht 3,50 Euro/Stonn fir déi éischt dräi Stonnen, duerno dann nach „just“ 2,00 Euro/Stonn. Eng Moossnam déi wierkt, allerdéngs haaptsächlech bei Mënsche mat klengem Akommes. Fir Sportler an Cliente vun der Coque, sinn déi éischt dräi Stonne gratis. Passiv Notzer, also Zuschauer vun „Events“, Leit déi u Konferenzen deel huelen, bezuele prinzipiell vun der éischter Stonn un.

Woubäi een hei relativiséiere muss. D‘Coque bitt och bei grousse Veranstaltungen den Zuschauer an de ville Benevollen „Léisungen“ un. Wien en Ticket fir eng Veranstaltung an der Coque huet, kann den ëffentlechen Transport, beim virweise vum Entréesticket, gratis benotzen.

Zudeem, an do läit de Romain Schneider net ganz Falsch, huet et ronderëm de Kierchbierg, e sëlleche Park & Ride Méiglechkeeten. Déi sinn zumindest bei sportlechen oder kulturellen Events eng ganz vertrietbar Alternativ. An de Minister ass iwwerzeegt, datt wann den Tram ab dem 10.Dezember de Betrib ophëlt, den Zougang zur Coque nach eppes besser wäert ginn.

Coque

De Sport- a Kulturzentrum ass eigentlech ganz gutt mam ëffentlechen Transport erreechbar. Datt hei d‘Sportler a soss Cliente vun der Coque bevirdeelegt ginn ass novollzéibar. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mee och generell géif iwwer alternativ Léisungen nogeduecht, fir dem Parkplazproblem um Kierchbierg Här ze ginn. Diskussioune mat Bedreiwer vu Parkhaiser bei der Coque sinn eng vun de Pisten.

Wéi déi méiglech Zesummenaarbecht soll ausgesinn, steet net an der Äntwert vum Minister. Mee iwwert en Zougang zum Parking „Coque 2“, deen dem Sport- a Kulturzentrum net Zur Verfügung steet, gëtt nogeduecht. D‘Benotzung allerdéngs kéint, esou de Romain Schneider, wéinstens punktuell d‘Situatioun verbesseren.

Foto: De Parking „Coque 1“ fënnt net nëmme bei de Cliente vum Sport- a Kulturzentrum gefalen. Vill Beamte vun den Institutiounen, Leit déi eng Formatioun bei der Handelskummer oder dem INL absolvéiere maache gäre gebrauch vun dësem Parking. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Coque, Kierchbierg, Nancy Arendt, Parking, Romain Schneider
Next post Previous post