Search

You may also like

Test däi Lëtzebuergesch-Wëssen!
Neiegkeeten

Test däi Lëtzebuergesch-Wëssen!

[onionbuzz quiz-id=217][/onionbuzz] Fann an eisem Quiz eraus, wéi gutt s

Vereedegung vun zwee Ënneroffizéier – mir gratuléieren!
Neiegkeeten

Vereedegung vun zwee Ënneroffizéier – mir gratuléieren!

Um haitegen 26. Mäerz huet de Generol Alain Duschène d’Vereedegung

Weltdag ouni Tubak – T’ass ni ze spéit opzehalen!
Neiegkeeten

Weltdag ouni Tubak – T’ass ni ze spéit opzehalen!

Den Tubak steet weltwäit op der éischter Plaz vun de

corona.letzshop.lu: Déi nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Persounen

corona.letzshop.lu: Déi nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Persounen

Um haitegen Dag lancéieren de Minister fir Mëttelstand Lex Delles an d’Ministesch fir Familljen an Integratioun Corinne Cahen, déi nei Online-Verkafsplattform corona.letzshop.lu fir vulnerabel Persounen.

Am Kader vun der uerger Pandemie sollen och déi Mënschen ënnerstëtzt ginn, déi net selwer an der Lag sinn akafen ze goen. Mat der Plattform corona.letzshop.lu gëtt elo ee Liwwerservice bis Heem ugebueden, dee méi wéi 40 Grondnahrungsmëttel, wéi Räis, Nuddelen, Mëllech, Uebst a Geméis, am digitale Regal zur Verfügung hunn. Et soll een drun denken, datt d’Plattform corona.letzshop.lu net nëmmen iwwert den Internet, mee och iwwert d’Telefonsnummer 8002 9292 erreechbar ass.

Zesummenhänkend domadder huet de Minister Lex Delles nach emol drop higewisen „datt mir grad an dëse schwéieren Zäiten Solidaritéit weise mussen. Dank der Plattform corona.letzshop.lu hu vulnerabel Persounen Zougang zu Grondnahrungsmëttel, ouni datt si enger potentiell geféierlecher physescher Proximitéit ausgesat sinn.“

letzshop

Och d’Ministesch Corinne Cahen huet ervirgehuewen, datt gefährt Leit geschützt musse ginn. „Déi nei Plattform ass dobäi ee Schlësselelement, wëll si Betraffenen eng Versuergung a vëlleger Sécherheet erméiglecht. Ech wëll och nach emol betounten, datt an dëse Krisenzäit d’Solidaritéit méi eng wichteg Roll spillt, wéi jeemools virdrun a fuerderen dofir d’Bierger op, d’Plattform just dann ze notzen, wa si als gefährt gëllen a keng aner Méiglechkeet hunn, sech ze versuergen.“

Zu de vulnerabele Persounen, déi op dësen Déngscht zeréckgräifen dierfen, gehéieren all Persounen iwwer 65 Joer, wéi och Persounen, déi un Diabetis, Häerzkreeslafkrankheeten, chroneschen Erkrankunge vun den Otemweeër, Kriibs oder un enger Immunschwächt, opgrond vu Krankheet oder Therapie, leiden. Wien fir d’Versuergung op aner Persounen (z.B. Familljememberen oder Scouten) zeréckgräife kann, soll d’Internetsäit net notzen.

D’Säit letzshop.lu bleift weiderhin fir déi gesamt Ëffentlechkeet zougänglech.

Related topics Akafen, Corinne Cahen, corona.letzshop.lu, Coronavirus, Covid-19, Lex Delles, Liewensmettel, Online-Verkafsplattform, Plattform, vulnerabel Persounen
Next post Previous post