Search

You may also like

Saudesche Krounprënz verhënnert Putschversuch
Neiegkeeten

Saudesche Krounprënz verhënnert Putschversuch

Laut dem „Wall Street Journal“ an der „New York Times“

Istanbul: Oppositioun vereent sech géint d‘AKP
Neiegkeeten

Istanbul: Oppositioun vereent sech géint d‘AKP

No der Annulatioun vun de Wahlresultater huet sech d‘Oppositioun an

Sanktioune wéinst Belästegung: D’Monica Semedo akzeptéiert d’Sanktiounen
Neiegkeeten

Sanktioune wéinst Belästegung: D’Monica Semedo akzeptéiert d’Sanktiounen

Wéinst „psychologescher Belästegung“ ass d’EU-Deputéiert Monica Semedo fir 15 Deeg

Corona-Party am Bësch

Wann den Appell vun der Regierung net bei allen ukënnt, zwéngt een dës Mesuren ze huelen

Corona-Party am Bësch

Zu Buckels an der Gemeng Parc Housen, hat d‘Police um hellege Sonndeg eppes méi ze dinn. Um fréie Muere sinn dës alertéiert ginn, datt hei am Bësch eppes méi lass wier, an dem Kaméidi no ze urteelen, wuel eng Party am gaange wier.

Bezitt ee sech op de Policebericht, da hätten sech do tëscht 150 an 200 Persounen opgehalen. Dës Leit wiere maskéiert gewiescht an sollen och ganz kooperativ gewiescht sinn, esou d‘Police am genannte Bericht. Dës „Party“ soll iwwert d‘sozial Medien organiséiert gi sinn, an déi meescht „Gäscht“ wieren aus der Belsch an Holland op d‘Plaz komm. Net all d‘Partygäscht konnten sech d‘Zankerten zwecks Feststellung vun der Identitéit kropen, mee déi wou et getraff huet dierften dëse Sonndegmueren eppes an Erënnerung behalen. Et gouf wéinst Verstéiss géint Naturschutz an d‘Covid19-Mesure Protokoll erstallt.

Wat sech no engem banale „Virfall“ unhéiert, sollt een awer emol an den aktuelle Kontext stellen, a besonnesch déi Lëtzebuerger „Gäscht“ dierften sech a Fro stellen. Nach um Samschdeg haten de Premierminister Xavier Bettel an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert, drop higewisen, datt et nees vill Neiinfektiounen am Land gëtt, an et heescht déi nächst Zäit nach méi ëmsiichteg mat der Sitautioun ëmzegoen. Et goufen dann och keng weider Restriktiounen agefouert, well sech d‘Leit bis heihinner jo wierklech gutt beholl hunn.

Et heescht, mir hätten et selwer an der Hand

Si hunn een Appell un d‘bierger geriicht, dach wann ech gelift déi sozial Kontakter ze begrenzen, och am „private“ Beräich an d‘Entreprise goufe gebueden, den Homeoffice ze notzen, wann ëmmer dat méiglech ass. Solidaritéit wier de Schlëssel, an et sollt een all Ustrengung ënnerhuelen, fir de Gesondheetssystem net iwwer Mooss ze belaaschten, well och all déi aner Pathologie musse kënne behandelt ginn. Mat esou engem Beholl, wéi dann um Sonndeg vun der Police zu Buckels notéiert, geet dat sech natierlech net op.

Dës „jonk Leit“ déi de Message wuel net matkritt hunn, stelle mat hirer zimmlech blöder Aktioun der Regierung de Fouss a bidden am Ëmkéierschluss der Oppositioun eng ganz gutt Opportunitéit, sech mat deels ganz berechtegten Awänn ervirzedoen. Esou war d‘CSV-Fraktiounspresidentin dann och net verleeën, eng Attack ze reiden. D‘Martine Hansen war folgerichteg der Usiicht, datt hei d‘Regierung hätt misse wesentlech méi däitlech Reegelen opstellen. Ouni op de Virfall vu Buckels anzegoen, ass d‘CSV der Meenung, datt een an de Stied d‘Maskeflicht generaliséiere sollt, also déi och am ëffentleche Raum sollt undoen.

Op de Fernand Kartheiser (ADR) no der Party an der Gemeng Parc Housen nach mat der Decisioun vun der Regierung zefridden ass? Hien a seng Partei si jo éischter fir eng pragmatesch Approche a begréissen et wat keng Provokatioun unhand weidere Mesure bedriwwe gëtt. Esouguer déi lénk haten nom Briefing ee Samschdeg begréisst, datt den Ament keng weider Restriktioune mussen ergraff ginn. Mam topege Beholl vun dëse jonke Mënschen – erwisenermoossen eng Minoritéit, kéint sech d‘Blat onverhofft wennen…

Illustratioun: © Robert Anasch / unsplash

Related topics Buckels, Coronavirus-Party, Covid19, Covid19-Gesetz, Parc Housen, Police
Next post Previous post