Search

You may also like

Interview mam Blake Crouch – Literatur ass en anere Verstand
International Neiegkeeten

Interview mam Blake Crouch – Literatur ass en anere Verstand

De Blake Crouch ass en internationale Bestsellerauteur. 1978 an North

Amerika bereet sech op de sanitären Holocaust vir
International Neiegkeeten

Amerika bereet sech op de sanitären Holocaust vir

Wann ee sech déi gesamt Entwécklung vun der Reaktivitéit op

Ee Live Q&A (Froen an Äntwerten) zu der Impfung
International Neiegkeeten

Ee Live Q&A (Froen an Äntwerten) zu der Impfung

Impfen oder net impfe loossen – dat ass hei d‘Fro.

Corona-Protest zu Berlin: Widderstand géint d’Infektiounsschutzgesetz

Corona-Protest zu Berlin: Widderstand géint d’Infektiounsschutzgesetz

Berlin – Wärend den Bundestag iwwer nei Infektiounsschutzgesetzer debattéiert, hunn sech an der Strooss vum 17. Juni d´Berliner Awunner versammelt fir géint d’Corona-Politik ze protestéieren.

Méi wéi 8.000 Mënschen hu sech dofir gëschter am Regierungvéirel zesummefannt, fir géint déi nei Infektiounsschutzgesetzer ze demonstréieren. Den Bundestag plangt d’Infektiounsschuttzgesetz nach emol ze verschäerfen, riets ass vun enger sougenannter Noutbrems fir d’Pandemie weider anzedämmen.

De Gesetzesentworf zum Infektiounsschutzgesetz soll der Regierung nach méi Handlungsfräiheeten bidden wéi virdrun. Hei steet virun allem nach ëmmer als Haapt-Diskussiounspunkt eng Ausgangsspär fir d’Nuecht un, wou een einfach net op een gemeinsamen Nenner kennt. Des Ausgangsspär, sou war et geduecht, sollt vun 22:00 bis 5:00 Auer gëllen. Als Ausnamen zielt natierlech wann een op d’Aarbecht muss oder eng krank Persoun betreit.

Ween dann awer Owes nach den Drang verspieren sollt eng Ronn joggen ze goen dierf dat natierlech bis Mëtternuecht maachen, awer eleng. Sport, Gastronomie, Kultur- an Fräizäitariichtungen (z.B. Kino) sollen weiderhin zou bleiwen. An Muséeën sollen, nodeems se elo zënter puer Wochen op waren an och nëmmen mat Rendez-vous, FFP2-Mask an negativem Test ze besichtegen waren, erëm hier Dieren zoumaachen.

Infektiounsschutzgesetz
© Henning Rosenbusch

Dës politesch Diskussiounen hunn dofir gesuergt, datt d’Demonstranten „Friede, Freiheit, keine Diktatur“ an „Wir sind das Volk“ bei hirer Demo geruff hunn. D’Police war mat 2.200 Mann op der Platz vertrueden a gouf vun der Bundespolizei a Polizist*innen aus verschiddenen Bundeslänner ënnerstëtzt.

Infektiounsschutzgesetz
© Henning Rosenbusch

De Reichstag an d’Brandenburger Tor waren ofgespaart, Waasserwerfer stoungen fir den Fall vun enger Ausaartung bereet. D’Ofstandsreegelen an d’Maskeflicht gouf bei villen Protestanten net respektéiert, sou datt d’Police d’Demonstratioun am Nomëtteg opgeléist huet.

Opmaacherbild: © Kajetan Sumila / unsplash

Related topics Ausgangsspär, Berlin, Corona-Protest, Covid-19, Demonstratioun, Diktatur, Infektiounsschutzgesetz, Pandemie, Querdenker, Reichstag, Spärstonn
Next post Previous post