Search

You may also like

Mir kréien eng nei Identitéitskaart
International Neiegkeeten

Mir kréien eng nei Identitéitskaart

Gëschter gouf an der Chamber de Gesetzprojet 7715 betreffend d‘Identifizéierung

No de Walen an Tschechien
International Neiegkeeten

No de Walen an Tschechien

Am Kontext vun de Parlamentswalen an Tschechien, huet eng zolidd

Den Armin Laschet ass CDU-Parteichef
International Neiegkeeten

Den Armin Laschet ass CDU-Parteichef

Beim Rennen ëm de Poste vum Parteichef vun der Chrëschtlech

Coronavirus: Drénglechkeetssëtzung zu Bréissel, Lëtzebuerg nach ëmmer entspaant

Coronavirus: Drénglechkeetssëtzung zu Bréissel, Lëtzebuerg nach ëmmer entspaant

Déi Spronghaft Zounam vun den Infektiounsfäll an Europa fuerdert konkret Moossnamen. Italien kritt d‘Situatioun net an de Grëff a bei eisen Noperen heefen sech d‘Neiinfektiounen. Haut sollen d‘Gesondheetsminister vun der Unioun iwwer Léisunge beroden.

Laut dem europäesche Seechenzenter (ECDC) gëtt et aktuell ronn 4.200 Bestätegt Infektiounsfäll an der Unioun. Ganz batter ass d‘Lag an Italien, wou den Zivilschutz 148 Doudeger an iwwer 3.800 Infektiounsfäll registréiert huet. Bei eisen däitschen Nopere gouf de Covid19 bei mindestens 400 Leit nogewisen, an d‘Fransouse melle 423 Infektiounsfäll. An et wäert nach weider Fäll ginn.

De Coronavirus ass awer net nëmmen zu Bréissel e prioritäert Thema. Zu Koblenz fënnt aktuell de grousse „Noutfallmedezin-Kongress“ statt. Haut soll och do iwwert d‘Verbreedung vum Covid19 diskutéiert ginn. Hei gouf scho gëschter bemierkt, datt wa sech un d‘Recommandatioune vum Robert-Koch-Institut gehale géif, also dat medezinescht Personal ënner Quarantaine ze setzen, dat mat infizéierte Kontakt hat, wier de Risk grouss, datt d‘Gesondheetsversuergung zesummebrécht.

Zu Genève beklot d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) datt eemol ze vill Länner keng der Pandemie ugepasste Moossnamen ergraff hunn. De WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus: „Mir si besuergt, datt eng Rei Länner d‘Bedreeung net eescht genuch huelen oder schonn entscheet hunn, datt si souwisou näischt dergéint ënnerhuele kënnen“. An genee do läit de Problem.

Wéi gesäit bei eis aus?

Gëschter Owend huet de Gesondheetsministère ee weidere Covid19-Infektiounsfall bei eis am Land bestätegt. Heibäi géif et sech ëm eng Persoun handelen déi aus Norditalien erëmkomm ass. Et ass dat den zweete confirméierte Fall, zanter dem leschte Samschdeg. De Patient ass elo am CHL a wéi et säitens der Gesondheetsdirektioun heescht, géif elo op d‘Resultat vum zweeten Test gewaart.

A während de Patient gutt versuergt ass, muss sech elo Gesondheetsinspektioun këmmeren an kläre mat wiem dësen alles Kontakt hat. Zudeem ginn d‘Bierger am Land invitéiert op der Internetsäit: www.gouvernement.lu/coronavirus déi heefegst gestallte Froen zu consultéieren. Hei kann ee villes a punkto Preventioun an einfach Handgrëff léieren. Ënnert der Telefonsnummer 8002 8080 kann ee wieder Renseignementer kréien. Hei soll een och uruffe wann ee mengt Symptomer ze hunn…

Well een et einfach net oft genuch widderhuele kann – wat dorunner geleeën ass datt d‘Leit all Topegkeet am Netz gleewen – hei nach emol: Et besteet zur Stonn absolut kee Grond a Panik ze geroden. Haalt iech w.e.g. un déi einfach Reegelen déi och bei der saisonaler Gripp gülteg sinn. Wäscht iech regelméisseg är Hänn, an am Zweiwel bleift vu fragiliséierte Mënschen ewech.

Eppes Konsens wier awer net vu Muttwëll

Veranstaltunge bäibehalen oder ofsoen, ass een vun de groussen Themen deen esouwuel d‘Kultur wéi och de Sport beschäftegen. De „Relais fir d‘Liewen“ ass bekanntlech ofgesot ginn, de Festival „Zeltik“ – wou all Joers bis zu 12.500 Leit erwaart ginn – fënnt statt. Och an der Rockhal zu Belval gëtt näischt aus eegener Initiativ ofgesot. Annulatiounen hänke vun der ekonomescher Strategie of.

Idem an der Stad, wou kee Kulturhaus eeschthaft gedenkt Virféierungen oder Events ofzesoen. An de Rotonden hält ee sech un déi gängeg Virsiichtsmoossnamen, méi wier den ament net virgesinn. Et wäert allerdéngs zu Ausfäll kommen, wëll Artisten entweder hir Tournée annuléiert oder aus Precautioun ofgebrach hunn. De FilmFest huet ganz normal gëschter ugefaangen an de Programm gëtt onverännert bäibehalen. De Risk wier ganz geréng, heescht et säitens der Organisatioun.

Am Casino zu Munneref ass ee wuel eppes méi um „Dill“ wéi dat soss üblech ass, an et gëtt och eppes méi intensiv „gebotzt“. D‘Personal ass entspriechend gebrieft ginn a wie mengt Symptomer ze hunn, soll zur Sécherheet doheem bleiwen. Och d‘Gastronomie an d‘Evenementer bleiwen zur Stonn wéi am Programm ugekënnegt. Dat alles heescht net dat et muer scho kann anescht sinn…

Illustratioun: © Dmitry Ratushny / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Edpidemie, Gesondheetsinspektioun, Gesondheetsministère, Longeninfektioun, Pandemie, SARS-CoV2
Next post Previous post