Search

You may also like

Amerika bereet sech op de sanitären Holocaust vir
International Neiegkeeten

Amerika bereet sech op de sanitären Holocaust vir

Wann ee sech déi gesamt Entwécklung vun der Reaktivitéit op

Hannert der Iddi vun de Wahlbezierker stieche gutt Intentiounen an ongewollten Niewewierkungen
International Neiegkeeten

Hannert der Iddi vun de Wahlbezierker stieche gutt Intentiounen an ongewollten Niewewierkungen

Ënnert de ville Petitiounen, déi all Mount um Site vun

Weltwaasserdag: Fir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Natur
International Neiegkeeten

Weltwaasserdag: Fir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Natur

Zënter 1993 fënnt de Weltwaasserdag statt, a gëtt säit 2003

Coronavirus: Egypten huet éischten Infektiounsfall

De Virus „Covid19“ ass elo um afrikanesche Kontinent festgestallt ginn – Experte befierchten eng séier Verbreedung well d‘Gesondheetssystemer marod sinn

Coronavirus: Egypten huet éischten Infektiounsfall

Den egyptesche Gesondheetsministère huet gëschter informéiert, datt den neiaartege Coronavirus (SARS-CoV2) zu Kairo entdeckt ginn ass. Den aus dem Ausland stamende Patient hätt zwar keng Symptomer vun der Erkrankung, wier awer an engem Spidol isoléiert ginn, esou de Ministère.

Aus wéi engem Land de Mann an Egypten agereest ass, gouf net matgedeelt. Als éischt Land vun der arabescher Welt, haten d‘Emirater (UAE) véier bestätegt Fäll gemellt. An der tëscht si weider Erkrankunge gemellt ginn. An de meeschte Fäll handelt et sech ëm Chinesen. D‘Gefor ass grouss well a Länner mat enger schlechter Gesondheetsversuergung ka sech de Virus séier ausbreeden.

Baussent der Volleksrepublik goufen a bal 30 Länner eng 580 Fäll bestätegt. A China, wou de Coronavirus Covid19 ausgebrach ass, sinn e Freideg 5.090 nei Infektioune gemellt ginn, 121 Mënsche sinn gestuerwen. Domadder sinn eleng a China 1.380 Doudesfäll an 63.851 Infektiounen ze notéieren. Dës „spronghaft“ Zuelen erklären sech duerch eng ugepasstem Zielung.

CoronavirusEsou ginn elo an der Statistik och déi „Infektiounen“ opgeholl, déi no enger Diagnos awer nach virum Test an engem Laboratoire, erkannt ginn. Dat soll hëllefen déi Betraffen nach méi séier ze isoléieren. E weidere Fait suergt fir grousst Kappzerbrieches: zu den „Affer“ zielen ëmmer méi Membere vum medezinesche Personal. 1.700 Persoune wieren infizéiert 6 solle verstuerwe sinn.

mat indymedia/gva/cai

Foto: D‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) ass an Opreegung, well et elo heescht ganz séier déi afrikanesch Gesondheetssystemer ze ënnerstëtzen. Zu Genève ass een zouversiichtlech, dat méi meescht Länner kuerzfristeg an der Lag sollte sinn, Diagnosen an Tester virzehuelen. © Ehap

Related topics China, Coronavirus, Covid19, Egypten, Infektiounsgefor, SARS-CoV2, WHO, Wuhan
Next post Previous post