Search

You may also like

Fotogallerie: Autocross zu Helleng
International Neiegkeeten

Fotogallerie: Autocross zu Helleng

Expovin statt Springbreak
International Neiegkeeten

Expovin statt Springbreak

Wie bei sengem Besuch op der Springbreak (14-17. Mäerz) no

Mat Empathie an Häerz: Haut ass de „Monter-den-Einsamen-op-Dag“
International Neiegkeeten

Mat Empathie an Häerz: Haut ass de „Monter-den-Einsamen-op-Dag“

Och wann all Dag Zäit fir eng gutt Dot ass,

Coronavirus: Europa mécht seng Grenzen Zou

Coronavirus: Europa mécht seng Grenzen Zou

Ugesiichts der grasséierender Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, ergräift och d‘EU-Kommissioun ëmmer méi drastesch Moossnamen. Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun ënnert der Leedung vum Ursula von der Leyen proposéiert, fir 30 Deeg d‘Arees an d‘Unioun ze ënnersoen. Déi endgülteg Decisioun soll nach um haidegen Dënschdeg matgedeelt ginn.

Fir déi sanitär Kris an de Grëff ze kréien, an virun allem d‘Verbreedung vum Virus anzedämmen, denkt elo och d‘EU-Kommissioun iwwert d‘Schléissung vun de Grenzen no. No enger Videokonferenz mat de G7-Staatscheffen huet d‘Ursula von der Leyen erkläert, datt si genee dës Moossname virschloe well. Wat manner Leit reesen, wat et méi liicht ass d‘Verbreedung unzehalen.

D‘Aschränkung vun der Beweegungsfräiheet ass eng zwéngend Moossnam, déi an enger éischter Phas fir 30 Deeg gelte soll. Woubäi et Ausname gëtt, esou beispillsweis fir EU-Bierger déi heem wëllen, Persounen aus dem medezinesche Beräich, d‘Grenzgänger an all déi Leit déi fir den Transport vu wichtege Gidder. Dat soll haut de Mëtteg via Videokonferenz decidéiert ginn.

CoronavirusScho virun dëser Annonce an nodeems monéiert gouf, datt et gemeinsam a keng eesäiteg Decisioune brauch, hu vill Länner hir Grenzen dicht gemaach. Esou ass dovunner auszegoen, datt sech kee vun de Staats- a Regierungscheffen, der Schléissung vun den europäesche Grenze wäert verwieren. Dat heescht dann awer net, datt déi national Dispositioune géife revidéiert ginn.

Sënn an Zweck vun der ageschränkter Beweegungsfräiheet ass et, d‘Verbreedung vum Covid19 esou anzedämmen, datt d‘Gesondheetsdéngschter och d‘Chance behalen, sech de Patienten unzehuelen. Déi gréisste Gefor vun der Pandemie residéiert an der Iwwerbelaaschtung vun eben de Gesondheetsdéngschter. An dës Kris, esouvill ass sécher, wäert eis nach laang beschäftegen.

mat indymedia/bru

Foto: Zu Bréissel jot eng Krisesëtzung déi aner. De Budget, d‘Fräihandelsofkommes mat de Britten (dat bis zum 31. Dezember stoe misst), d‘Konflikter an der Welt… all dat muss sech elo hannert der sanitärer Kris ustellen. Ob Europa an der Kris nees zu där Wäertergemeinschaft gëtt déi mat grousse Wierder vun de politeschen Entscheedungsträger verkënnt gëtt? Dat dierft sech zäitno weisen… © EuCo

Related topics Coronavirus, Covid19, EU-Kommissioun, Europa, Grenzschléissung, Pandemie, SARS-CoV2, Ursula von der Leyen
Next post Previous post