Search

You may also like

Editorial: Kornischongsparty gefälleg?
International Neiegkeeten

Editorial: Kornischongsparty gefälleg?

Dickpics – Fotoe vum Mann sengem beschte Stéck, an dat

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm
International Neiegkeeten

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm

De Kulturschäffe vun Esch/Uelzecht, de Jean Tonnar, ass e Mann

Patronat & Gewerkschaften: Et gëtt (nees) matenaner geschwat
International Neiegkeeten

Patronat & Gewerkschaften: Et gëtt (nees) matenaner geschwat

Jee nodeems wéi ee Brëll een sech opgesat huet, konnten

Coronavirus: Frankräich am Noutstand

Coronavirus: Frankräich am Noutstand

Nodeems bal all Veranstaltungen ofgesot an ëffentlech Gebaier wéi kulturell Sehenswierdegkeeten zougemaach goufen, huet déi franséisch Regierung entscheet och all d‘Geschäfter déi net „wichteg“ sinn, an d‘gastronomesch Betriber wäitleefeg zur Schléissung ze animéieren. Haut ginn trotzdeem a Frankräich d‘Kommunalwahlen ofgehalen.

CoronavirusD‘Éisträicher an eis Belsch Noperen hunn et schonn deels ëmgesat, elo huet och de Premierminister vu Frankräich, Edouard Philippe, d‘Moossnamen nach emol verschäerft. Well d‘Leit sech net kënnen (oder wëllen) un d‘Opfuerderungen halen, gëtt elo massiv an den Eenzelhandel an och an d‘Gastronomie agegraff. Bistroen, Restauranten, Diskothéiken a Kinoen, alles muss zoumaachen.

Ausgeholl si Liewensmëttelgeschäfter, Apdikten, Banken an Tankstellen. Mesuren déi de Premier mat der staarker Erhéijung vun den Infektiounsfäll begrënnt. Um Samschdeg hat Frankräich 4.500 Infektiounsfäll (um Freideg nach 3.661) gemellt. 90 Mënsche sinn dem Covid19 bis ewell erleeën. Dat, esou den Edouard Philippe, géif weisen, datt d‘Mesure bis ewell net genuch gegraff hunn.

CoronavirusNo der Ried vum President Macron wieren nach ëmmer vill ze vill Leit ënnerwee gewiescht, dobäi hätt ee zimlech däitlech drop higewisen, datt de beschte Schutz géint de Coronavirus, déi raimlech Distanz ass. Trotzdeem waren um Freideg an och ee Samschdeg d‘Bistroen an d‘Restaurante voll, wat de Begrëff „Raimlech Distanz“ dann eppes iwwerstrapazéiert an eng Reaktioun erfuerdert huet.

Den nationale Gesondheetsdirekter Jerôme Salomon huet fir Frankräich d‘Antriede vun der Phas 3 verkënnt. Dat ass déi héchste Stuf am Kampf géint Epidemien a weist drop hinn, datt de Covid19 am ganze Land verbreet ass. Deem ze begéine geet nëmme mat vill Disziplin a Solidaritéit. A jo et wäerten nach méi Mënsche stierwen, an et si vill Affer ze bréngen, mee et wier elo einfach esou.

CoronavirusVerwonnert dierf een awer sinn, datt ënnert dësen Ëmstänn dann haut awer soll gewielt ginn. Déi éischt Ronn fir d‘Kommunalwahlen, solle ganz „normal“ allerdéngs mat entspriechende Mesuren, ofgehale ginn. Wéi een dat verstoe soll, léisst sech vun dëser Säit net erklären, mee et weist nees däitlech drop hinn, datt Politik a Gesellschaft zwou ganz ënnerschiddlech Entitéite sinn.

mat indymedia/par

Related topics Coronavirus, Covid19, Eduard Philippe, Emmanuel Macron, Epidemie, Frankräich, Grenzschléissung, Longeninfektioun, Pandemie, SARS-CoV2, Stëllstand
Next post Previous post