Search

You may also like

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta
International Neiegkeeten

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen.

ADR-Nationalkongress: Keng Verfassung ouni Referendum
International Neiegkeeten

ADR-Nationalkongress: Keng Verfassung ouni Referendum

Um Freidegowend am Hotel Alvisse, war d‘Verfassungsreform ee vun de

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!
International Neiegkeeten

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!

[onionbuzz quiz-id=161][/onionbuzz] Am Laf vun de Joren huet Lëtzebuerg vill

Coronavirus-Hotspot Paräis

Coronavirus-Hotspot Paräis

270 Infektiounsfäll pro honnertdausend Awunner ass den Autoritéiten eppes ze vill, firwat elo all d‘Bistroen a Caféë mussen hir Dieren zoumaachen. D‘Restaurante sinn allerdéngs net betraff, an datt dat net jidderengem verständlech ass, sollt een elo net musse betounen.

Dem Patron vum Paräisser Kichechef-Verband, Alain Fontaine, dierft e Stee vum Häerz gefall sinn. Besonnesch d‘Restaurateuren hu gefaart och hir Diere missen zouzemaachen, well datt d‘Regierung ugesiichts der schlechter Entwécklung vun den Infektiounszuelen huet missen duerchgräifen, dat war jidderengem an der Branche bewosst. D‘Wiert hirersäits gesinn dat elo eppes differenzéiert.

Si fillen sech bedrunn, well och si hätten d‘Reegelen, déi an der Gastronomie mussen ugewannt ginn, jo och kënnen ëmsetzen. An dat ganzt ass och esou éischter verwirrend. Esou huet sech dann och d‘Fro gestallt, wéi ee soll mat de ville Brasserien ëmgoen, déi moies de Café zerwéieren, dann an der Mëttegstonn Restaurant sinn, an dertëscht kann och e Patt genoss ginn. Dat gouf elo gekläert.

An der Mëttegstonn, huet ee Méindeg de Police-Präfekt vu Paräis, Didier Lallement, sech zur Prozedur geäussert an Erklärunge geliwwert. „Als Restaurant definéiere mir Entreprisen, deenen hiert Haaptgeschäft doranner besteet Iessen ze verkafen“, esou den ieweschte Chef vun der Police. Datt dat allerdéngs kaum zu besserem Versteesdemech gefouert huet, muss elo net verwonneren.

D‘Welt dréit sech weider

Fir d‘Buergermeeschtesch Anne Hidalgo sinn déi getraffe Mesuren awer richteg a wichteg. Si huet kuerzt kommentéiert: „D‘Liewe muss weidergoen“. Hir gréisste Suerg ass a bleift de Lockdown, an dee gëllt et mat alle Moyenen ze verhënneren. Datt awer elo dës Moossnam fir vill kleng Bistroen d‘Enn bedeite kéint, sollt ee berécksiichtegen. Zudeem gëtt hei mat zweeërlee Mooss geschafft.

Zu Marseille haten si de ganzen Horesca-Secteur gläichgestallt, firwat do och d‘Restauranten hir Dieren hu missen zouspären. Dat hat ee massive Protest zur Folleg, dee vu ville Politiker an och der Buergermeeschtesch ënnerstëtzt gi war. Dat hat am Elysée zu Stress gefouert an dee wollt sech de Premierminister Jean Castex wuel net nach eng kéier undoen. Mee ass dës Decisioun judiciéis?

Bei de Medeziner herrscht och Onverständnis. Déi hu wuel vollst Versteesdemech derfir, datt een d‘Pandemie muss esou ugoen, datt de wirtschaftleche Schued sech a Grenzen hält, mee wann et net zäitno zu eppes Koherenz kënnt, wäerten d‘Leit ufänken op Distanz zu de politeschen Decisiounen ze goen. Restauranten, Schoulen an Universitéite ginn hei fälschlecherweis anescht behandelt.

Den Ëmgang mat den Erkenntnisser

Wa jo unhand de virleienden Erkenntnisser gewosst ass, datt sech esouwuel an de Bistroen, wéi an der Restaurante, Schoulen an Universitéite gréisser Coronavirus-Cluster bilden, dann hëlleft et net just eng Beruffsgrupp an de Lockdown ze schécken. Gutt et goufe streng Reegele fir d‘Gastronomie opgesat an op den Unie muss all zweete Stull „eidel“ bleiwen, mee ass dat elo wierklech Koherent?

Säitens den Experten, déi och esou kleng Schrëtt vir sënnvoll halen, kënnt d‘Decisioun alt nees vill ze spéit. Et wier een nees an der Situatioun wéi bei der éischter Well an et misst ee feststellen, datt een den Entscheedungen ëmmer nees hannendru leeft. Hei wier et ubruecht ze antizipéieren an de Leit verständlech Mesuren opzëerleeën. Si erënneren, datt et nach laang esou wäert bleiwen…

An tatsächlech ass déi aktuell Strategie vun der franséischer Regierung onverständlech. Et léisst sech kaum e Mënsch zu Paräis fannen, dee verstoe géif wéi esou Decisioune geholl ginn, an virun allem firwat. 75% vun de Fransouse sinn dann och éischter „besuergt“ wat d‘Covid19-Pandemie betrëfft a wënschen sech méi Kloerheet. Nëmme ronn 30% sinn nach mat der Regierung zefridden.

mat indymedia/par

Illustratioun: © Edouard Grillot / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Pandemie, Frankräich, Lockdown
Next post Previous post