Search

You may also like

dislike
D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie
International Neiegkeeten

D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie

Se si Magistrate, Universitairen oder Bänker. Mee hannert hirem Profil

Bimbo Theater – Op der Sich no der Zäit
International Neiegkeeten

Bimbo Theater – Op der Sich no der Zäit

Keen huet Zäit fier den Draach an d’Sonny huet iwwerhaapt

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou
International Neiegkeeten

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou

Laut engem Rapport vun UN-Experten, hëlt de Mënschenhandel a Libyen

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou

Mëttlerweil ass d‘Infektioun duerch de Virus 2019-nCov a 24 Länner confirméiert ginn

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou

D‘Provënz Hubei, wou de Coronavirus an der Milliounemetropol Wuhan ausgebrach ass, ass nach ëmmer déi am stäerkste betraffe Regioun. Eleng hei sinn um Sonndeg nach emol 56 weider Affer an iwwer 2.100 nei Infektioune gemellt ginn. En éischt Affer gouf elo vun de Philippinnen gemellt.

CoronavirusLandeswäit, esou déi chinesesch Autoritéiten, sinn aktuell ronn 17.200 Persoune vun dësem Virus befall, Tendenz steigend. D‘Zuel vun den Doudesaffer a China läit elo bei 361. Domadder ass dësen neiaartege Coronavirus méi déidlech a wiesentlech méi expansiv wéi bei der 2002/3 ausgeléister Epidemie duerch de SARS-Virus. Un dësem ware sengerzäit 349 Persoune verstuerwen.

Vu China aus huet sech de Coronavirus a mindestens 24 Länner ausgebreet. Dee bis ewell eenzegen Doudesfall baussent China ass an der philippinnescher Haaptstad Manila gemellt ginn. Laut der WHO handelt et sech ëm ee Chines aus Wuhan.Weltwäit ginn eng 180 Infektioune bestätegt. Bei eisen däitschen Noperen ass de Virus bei 10 Leit, an am Frankräich bei 6 Persounen nogewise ginn.

CoronavirusFir eng weider Ausbreedung méiglechst ze verhënneren, hunn déi chinesesch Autoritéite 17 Stied mat ronn 56 Milliounen Awunner ofgerigelt. Datt eng Operatioun an dësem Ausmooss iwwerhaapt méiglech ass, huet vill domadder ze dinn, datt sech d‘Kontroll vun der kommunistescher Partei bis déif an déi gesellschaftlech Strukturen erstreckt. Arméi a Police besetze Kontrollpunkten.

Verbindungen zu China ofgebrach

Den nationale Sécherheetsberoder Robert O‘Brien huet dem Sender CBS gesot, datt d‘USA de Chinesen Hëllef ugebueden hätten, mee Peking hätt déi nach net ugeholl. Hie begréisst, datt sech China am presente Fall vill méi „transparent“ wéi an anere Krisen, gewisen hätt. Den Donald Trump huet sengersäits „seng Moossnamen“ géint d‘Epidemie als Erfollegräich ëmschriwwen…

Coronavirus„Mir wäerte gesi wat geschitt, mee jo, mir hunn et ausgeschalt“, esou de Milliardär géinteniwwer sengem Haussender „Fox“. Gëscht sinn an den USA, drastesch verschäerfte Reesbeschränkungen a Kraaft getrueden. D‘Fluchgesellschaften „American Airlines“ an „Delta“ hunn annoncéiert, datt d‘Ënnerbriechung vun de Flich tëscht den USA a China sech op Wochen hinzéie kéint.

An der tëscht hu vill Länner hir Bierger aus China ausgeflunn, nieft den USA an Australien, esou och Däitschland a Frankräich. Gëschter am Nomëtteg ass en A380 vun „Hi Fly Malta“ mat 250 Passagéier zu Istres-le-Tubé (Marseille) mat Staatsbierger aus der Belsch, Éisträich, Frankräich an der Schwäiz gelant. Eng zwanzeg Passagéier géife Symptomer opweisen, d‘Tester lafen nach.

CoronavirusAll dës leit mussen elo 14 a Quarantaine bleiwen, fir weider Infektiounen auszeschléissen, esou de franséische Vizegesondheetsminister Adrien Taquet. Virum Offluch zu Wuhan waren d‘Passagéier engem Gesondheetscheck ënnerzu ginn a u Bord vum Fliger hu si musse Gesiichtsmasken droen. D‘Personal huet selwer och Schutzkleedung missen undoen. D‘Preventioun gëtt eescht geholl.

mat indymedia/tpe/was/gva/mrs/ber

Foto: Zu Wuhan (China, Provënz Hubei) ass bannetńt zéng Deeg e Spidol mat 1.000 Better aus dem Buedem gehuewe ginn. Eng exemplaresch Leeschtung, déi allerdéngs och ënnersträicht, datt dat mat dësem neiaartege Coronavirus schonn eescht muss geholl ginn. © Xinhua

Next post Previous post