Search

You may also like

Lifestyle: Wat een (och) iwwert Vegan-Ernärung wësse sollt
Neiegkeeten

Lifestyle: Wat een (och) iwwert Vegan-Ernärung wësse sollt

Och op der sich no Liewensmëttel ouni animalesch Inhalter? Da

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen
Neiegkeeten

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen

Et ass Fuesent an d‘Police hat et ugekënnegt: et kënnt

NATO: Visitt vum Generol André Lanata zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

NATO: Visitt vum Generol André Lanata zu Lëtzebuerg

Gëschter huet de Generol vun der franséischer Loftwaffe an alliéierten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 8. bis de 14. Mäerz

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 8. bis de 14. Mäerz

Och an de Schoule kann een sech mam Coronavirus infizéieren. Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg – ëffentlech a privat.

238 Fäll déi dem Zeenario 1 entspriechen, goufen an ëffentlechen oder private Schoulen, souwéi a Kompetenzzentre gezielt. Dobäi bezitt sech den Zeenario 1 dorops, datt e Schüler oder d’Léierpersonal sech ausserhalb vun der Schoul ugestach an de Virus sech net an der Schoul verbreet huet.

Dem Zeenario 2 entspriechen 72 positiv Fäll. Si goufen am Fondamental, sou wéi an ëffentlechen oder private Lycéeë gezielt. Dësen Zeenario seet aus, dass d’Infektiounsquell ongewëss ass oder wahrscheinlech ausserhalb vun der Schoul läit.

Dës weidere goufe 27 Fäll vum Zeenario 3 registréiert. Den Zeenario 3 beseet, dass dräi bis fënnef positiv Fäll an enger Klass gezielt gi sinn.

Den Zeenario 4 seet aus, dass et Infektiounsketten an der Schoul ginn an e puer Klasse betraff, respektiv fënnef positiv Fäll an enger Klass sinn. Et goufe keng Fäll registréiert.

Am Ganze waren et 337 Coronavirus-Fäll an de Schoulen.

Illustratioun: © Sharon McCutcheon / unsplash

Related topics Covid19, Educatiounsministère, Infektiounsfäll, Infektiounsquellen, Schoulen
Next post Previous post