Search

You may also like

Zu Bréissel stoung d’Landwirtschaft am Virdergrond
International Neiegkeeten

Zu Bréissel stoung d’Landwirtschaft am Virdergrond

Um Rot fir „Landwirtschaft a Fëscherei“ zu Bréissel, un deem

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“
International Neiegkeeten

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“

De Brendon Tarrant war schwéier bewaffent an zwou Moscheeën zu

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt
International Neiegkeeten

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt

D‘Chamberwahle leien hannert eis, d‘Koalitiounsgespréicher komme virun an esou lues

Coronavirus: Si Kanner grad esou ustiechend wéi déi Erwuessen?

Coronavirus: Si Kanner grad esou ustiechend wéi déi Erwuessen?

D‘Schoule solle progressiv nees hir Dieren opmaachen, dat virun allem, well Kanner/Jugendlecher kaum bis guer net vum Covid19 „betraff“ wieren. Ab ee Méindeg maachen zu Lëtzebuerg déi „Grouss“ den Ufank iert dann och d‘Butzen nees sollen dierfen an d‘Schoul oder d‘Crèche goen.

Elo läit eng Etüd vum „Team Drosten“, genannt nom däitsche Virolog vun der Charité zu Berlin, de Professer Christian Drosten vir, déi nei Erkenntnisser bitt. Heiranner ass drëms gaangen déi viral Belaaschtung duerch de COVID19 – wëssenschaftlech: SARS-Cov2 – bezunn op den Alter vun der infizéierter Persoun ze evaluéieren. Analyséiert goufen esou d‘PCR-Tester vun 3.712 Persounen.

CoronavirusFakt: si hu keng signifikativ Differenzen tëscht den Altersklasse fonnt, och oder grad bei de Kanner a Jugendleche Patienten. Opfälleg an dowéinst ganz Interessant, déi viral Belaaschtung bei jonke Mënschen ënnerscheet sech net wesentlech vun där, wéi se bei Erwuessene festgestallt ginn ass. Si empfeelen dann och entspriechend virsiichteg mat der Reprise vum Unterrecht virzegoen.

Methodologie:

Tëscht Ufank Januar an Enn Abrëll hunn d‘Laboratoire vun der Charité a „Labor Berlin“ sech de PCR-Tester vun 59.981 Patienten ugeholl, déi verdächteg waren sech mam Covid19 infizéiert ze hunn. 3.712 Fäll (6%) ware positiv. Si hunn dës Fäll an zwou Kategorien opgedeelt, fir kënne festzestellen, op et eng Korrelatioun tëscht Alter a viraler Belaaschtung bei der Populatioun gëtt.

An der éischter Kategorie gouf sech op d‘Altersklasse bezunn (1-10 Joer, 11-20 Joer asw…) an der zweeter Kategorie gouf ënnerscheet tëscht de Crèchen (0-6 Joer), de Grondschoulen (7-11 Joer), Héichschoulen (20-25 Joer) Erwuessener (26-45 Joer) an alles ab 46 Joer.

Kanner ënnerrepresentéiert

Dës Ekipp vu Wëssenschaftler a Fuerscher weisen drop hin, datt d‘Kanner an de meeschte Fäll „asymptotesch“ sinn, firwat si och an de Tester ënnerrepresentéiert wieren. Zudeem muss een hei berécksiichtegen, datt d‘Schoule laang zou waren, firwat et net méiglech ass, eng Iwwerdroung ënnert „normale Konditiounen“ ze evaluéieren. Dat kann zur Mëssinterpretatioun féieren.

Hir Conclusioun: „déi potentiell Transmissioun vum Virus an de Crèchen an am Precoce, misst op der gläicher Reflexiounsbasis wéi d‘Iwwerdroung bei den Erwuessenen evaluéiert ginn“. Si hu geroden, méi viral Donnéeë vun den Test-Laboratoiren ze analyséieren, fir dës Resultater besser bewäerten ze kënnen, a recommandéiere virsiichteg mat der Reprise vum Unterrecht virzegoen.

De Professer verweist och drop hin, datt dës Etüd aus der Nout eraus entstanen ass, well et nach net méiglech war „gewéinlech Haushaltsetüden“ ze maachen. Dat wier virrangeg dem Kontaktverbuet geschëlt, déi d‘Resultater verzerren. Doriwwer eraus misste mir eis bewosst ginn, datt mir nach ëmmer um Ufank vun der Pandemie stinn an vill Erkenntnisser nach ausstinn.

China schonn ee Schratt vir

Weider Erkenntnisser zur Roll vun de Kanner bei der Verbreedung vum Covid19, bitt elo eng Etüd aus China, déi am Wëssenschaftsmagazin „Science“ verëffentlecht ginn ass. Dës Etüd déi zu Wuhan a Shanghai gemaach ginn ass, huet d‘Kontaktverhale vu Patienten ënnersicht, an esou erausfonnt, datt e Kand nëmmen et Drëttel vum Risk vun engem Erwuessenen huet sech unzestiechen.

D‘Ekipp vum Professer Drosten bewäert d‘Aarbecht vun hire chinesesche Kollegen als valabel, woubäi hei net konnt berécksiichtegt, datt d‘kleng Kanner an de Crèchen an am Precoce een däitlech méi enke Kontakt zu enaner hunn, wéi dat bei Erwuessenen de Fall ass. Dogéint bitt déi chinesesch Etüd eng Zousazanalys, déi Opschloss iwwert d‘Wierkung vu Schoulschléissunge bitt.

Fir de Professer Ansgar Lohse vun der UNI-Klinik zu Eppendorf, wier et plausibel, datt sech Kanner méi seelen ustiechen a bezitt sech hei op eng Etüd aus Island. Do war keen eenzegt Kand ënner 10 Joer positiv getest ginn, wärend d‘Infektioun bei 1% vun der Populatioun nogewisen ass. Dat géif bedeiten, datt sech de Covid19 a Kanner net laang hält an eng Verbreedung „geréng“ wier.

An nach eng Etüd

Zur Etüd aus Island gëtt et kritesch Stëmmen, well net gekläert ass, wéi sech dës „Stéchprouf“ op déi ganz Bevëlkerung vun Island soll iwwerdroe loossen. De Professer Eckhard Nagel vun der UNI-Bayreuth bezitt sech op eng hollännesch Analys. An Holland goufe bei den Hausdoktere Familljen ënnersicht an deenen et mindestens eng infizéiert Persoun ginn huet.

Laut de Resultater soll festgestallt gi sinn, datt net een eenzegt Kand erkrankt oder positiv getest ginn ass. Dat léisst engersäits de Schluss zou, datt d‘Kanner keng Vireschleidere sinn, mee et ass net gewosst, firwat Kanner manner ufälleg sinn. Hei bréicht et wesentlech méi Studien, firwat och d‘Professere Lohse an Nagel, d‘Virsiicht a méi wäitreechend Etüde recommandéieren.

Illustratioun: © Paul Hanaoka / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Etüden, Expertisen, Kanner
Next post Previous post