Search

You may also like

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet
Meenung Neiegkeeten

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet

„D‘Onofhängegkeet? Suspendéiert!“: dat waren d‘Wieder déi um Dënschdegowend e bëssen

US-Budget 2021: President wëll Geld fir seng Mauer an nei Atomwaffen
Meenung Neiegkeeten

US-Budget 2021: President wëll Geld fir seng Mauer an nei Atomwaffen

An der Nuecht huet Donald Trump am Kongress säi Budgetsentworf

GEWËNNSPILL 2019: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
Meenung Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2019: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner

Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann

D‘KPL Fuerdert 100 statt 80 Prozent fir d‘Kuerzaarbechter

Et ass eng Fro vun der Solidaritéit an der sozialer Gerechtegkeet

D‘KPL Fuerdert 100 statt 80 Prozent fir d‘Kuerzaarbechter

Ugesiichts den Erausfuerderunge vun der Coronavirus-Pandemie ass d‘Solidaritéit déi sech a ville Geschäftsberäicher entwéckelt, bemierkenswäert. Ervirzehiewen sinn och d‘Ustrengungen déi vun de Lounofhängege geleescht ginn, fir d‘Versuergung vun de Mënschen an d‘Produktioun oprecht ze erhalen.

Ze begréissen ass an dësem Zesummenhang d‘Ukënnegung vun der Regierung, Betriber séier an onkomplizéiert ënnert d‘Äerm ze gräifen, fir negativ Auswierkunge vun der sanitärer Kris op d‘Wirtschaft an d‘Aarbechtswelt ze beschränken an Aarbechtsplazen ofzesécheren.

Guer net solidaresch ass dogéint d‘Entscheedung de Beschäftegte vun den iwwer 3.200 Betriber, déi Kuerzaarbecht aféieren, an der aktueller Ausnamesituatioun weiderhin nëmmen 80% vum normale Loun fir net geleeschten Aarbechtsstonnen ze bezuelen. Dat ass net nëmmen, mee ganz besonnesch fir déi Lounofhängeg mat klengen a mëttlere Léin ganz Schmäerzhaft.

D‘KPL erënnert dorunner, datt si dës Ongerechtegkeet zanter dem Bestoe vum Gesetz iwwert d‘Kuerzaarbecht uprangert a widderhëlt hir Fuerderung un d‘Regierung, datt d‘Kuerzaarbechter net 80% mee 100% vun hire Léin erhalen. Dat ass net nëmmen eng Fro vun der Solidaritéit, mee vun der sozialer Gerechtegkeet.

Matgedeelt vun der Kommunistesch Partei Lëtzebuerg, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Sasin Tipchai / Pixabay

Related topics Coronavirus, Covid19, KPL, Solidaritéit, soziall Gerechtegkeet
Next post Previous post