Search

You may also like

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn
Neiegkeeten

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn

Et war de fréieren Iechternacher Buergermeeschter, Jos Scheuer (LSAP), deen

Gitt dach einfach anstänneg!
Neiegkeeten

Gitt dach einfach anstänneg!

Et kéint een et als eng droleg Form vu „briteschem

Editorial: D’Zesummespill vun Terrorismus a Journalismus
Neiegkeeten

Editorial: D’Zesummespill vun Terrorismus a Journalismus

Terroristesch Attentater treffen net nëmmen d’Affer iwwerraschend, mee schockéieren och

Och zu Ettelbréck steet de virgeluechte Behandlungszenter

Zanter gëschter 14 Auer huet, no der LuxExpo um Kierchbierg an der Rockhal zu Esch-Uelzecht, dann elo och de virgeluechte Behandlungszenter (Centre de Soins Avancés) an den Däichhalen zu Ettelbréck seng Missioun opgeholl. Et ass een elo och hei op de Coronavirus Covid19 virbereet.

De Prinzip datt ee sech net soll dohinner begi wann ee keng Ordonnance vum Dokter huet, gëllt weider. D‘Tëlee-Consultatioun gëtt prekoniséiert, dat méiglechst mat sengem Hausdokter. Wien keen huet, kann sech – esou déi offiziell awer widderspréchlech Meldung – an engem Zenter mellen, mee dat dierf net d‘Reegel sinn, esou d‘Gesondheetsministesch.

Haut da soll zu Gréiwemaacher de 4. a viraussiichtlech leschte virgeluechte Behandlungszenter seng Dieren opmaachen. Wann den Timing esou wéi op allen anere Plazen agehale gëtt, da wäert d‘Paulette Lenert sech um 14 Auer mat eegenen Aen dovunner iwwerzeegen, datt d‘Ekippen op der Plaz operationell sinn. Säi Standuert ass de Kulturzenter zu Gréiwemaacher.

Fotosgalerie: Biller vun der Mise en Place vum Centre de Soins Avancés zu Ettelbréck © Lëtzebuerger Regierung


Biller vun den aneren Zentere fir erweidert Fleeg fannt Dir hei:

Related topics Centre de soins avancés, Coronavirus, Covid19, Ettelbréck, Infizéiert, Labo, Pandemie, Zenter fir erweidert Fleeg
Next post Previous post