Search

You may also like

Nees Flüchtlingen aus engem Camion befreit
Money Neiegkeeten

Nees Flüchtlingen aus engem Camion befreit

Déi däitsch Police huet un enger Raschtplaz nei Passau (Bayern)

Bei der CSV maachen se elo Neel mat Käpp
Money Neiegkeeten

Bei der CSV maachen se elo Neel mat Käpp

Um éischten Oktober huet zu Ettelbréck d‘Sëtzung vum CSV-Nationalrot mat

Krautmaart: de Budget ass duerch!
Money Neiegkeeten

Krautmaart: de Budget ass duerch!

Et gouf gëschter um Krautmaart nach déi leschten „Interventiounen“ zum

money

Coronavirus: Bis ewell kee wirtschaftlechen Impakt op Lëtzebuerg

Coronavirus: Bis ewell kee wirtschaftlechen Impakt op Lëtzebuerg

Säit de Coronavirus sech an der Welt ausbreet, an esou net nëmme méi Zentralchina am Fokus vun de Gesondheetsdéngschter ass, ginn d‘Leit onroueg an net nëmmen déi. De Covid19, wéi de Virus am offizielle Jargon bezeechent gëtt, huet mëttlerweil och Auswierkungen op d‘Ekonomie.

Iwwerall op der Welt sinn d‘Bourse vun de Konsequenze vum Coronavirus affektéiert. Der Grond: a China besonnesch, mee och op anere Plazen an der Welt si ganz Produktiounsberäicher ugehale ginn, an dat mëssfällt besonnesch den Aktionären, erfreet anersäits awer nees d‘Spekulanten. Datt duerch d‘Verbreedung vun der Infektiounskrankheet eng Rei Geschäftsberäicher zolidd betraff sinn, dat léist sech awer net vun der Hand weisen.

Betraff sinn an éischter Linn all Aktivitéiten am global grenziwwerschreidende Verkéier (Transport, Logistik, Tourismus, asw.). D‘Bourse vu Frankfurt, London, Madrid Paräis an Zürech hunn iwwer 3% verluer, zu Mailand esouguer iwwer 4%. Den Index „EuroStoxx50“ vun der Eurozon huet 3,6% hänke gelooss. An Asien ass d‘Situatioun eppes méi ugespaant an a China besonnesch. Esou hunn d‘Bourse vun Hong Kong a Shanghai héich Verloschter ze verbuchen, Shanghai dogéint hält sech.

Fir den neie Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) bestett zur Stonn awer kee Grond sech hei am Land Suergen ze maachen. Wuel hätt d‘Land eng ganz „oppe“ Wirtschaft, déi eis geféierlech kéint ginn, mee den Ament géif et keng Unzeeche vun engem Impakt op ei Lëtzebuerger Konjunktur. Et géif awer d‘Lag ganz genee am A behalen, well déi séier evoluéiere kann. Dowéinst bleift een och am stännege Kontakt mam „Héije Kommissariat zum nationale Schutz“ (HCPN).

De Minister weist nach drop hin, datt zur Stonn keng Lëtzebuerger Entreprise eng Demande fir „Kuerzaarbecht“ agereecht huet, déi an Zesummenhang mat dem Coronavirus ze brénge wier. De Franz Fayot preziséiert weider, datt awer de Secteur vun de Loftfracht, deen zur Zäit am stäerkste betraffenen ass, woubäi dat virauszegesi war. Zudeem ass et am Kontext vum chineseschen Neijoer generell eppes méi roueg an der Loftfracht.

An iwwert dëse Wee ass da logescherweis och d‘POST Lëtzebuerg eppes impaktéiert. Well kaum nach Wueren aus China antreffen, hu eng Rei leit misse mat aneren Aufgabe vertraut ginn, esou de Minister. Sollt sech aus wirtschaftlecher Siicht eppes doen, géif dat matgedeelt, esou de Ministère…

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Ekonomie, Fränz Fayot, SARS-CoV2, Wirtschaft
Next post Previous post