Search

You may also like

De Sebastian Kurz huet keng Loscht op d’Tierkei
Neiegkeeten

De Sebastian Kurz huet keng Loscht op d’Tierkei

Éisträich verlaangt vun der EU eng kloer Haltung géintiwwer der

Rock de Schleck mécht Stëmmung
Neiegkeeten

Rock de Schleck mécht Stëmmung

Wann déi 9. Editioun vu Rock de Schleck och vum

Erfollegräiche Start fir d’Schueberfouer
Neiegkeeten

Erfollegräiche Start fir d’Schueberfouer

Scho no puer Deeg ass kloer, d’Fouer ass en Erfolleg. Dat gutt

Coronavirus: Drëtten Infektiounsfall zu Lëtzebuerg

Mat enger klenger globaler Iwwersiicht

Coronavirus: Drëtten Infektiounsfall zu Lëtzebuerg

Gëschter Owend huet d‘Gesondheetsdirektioun den drëtten Infektiounsfall fir Lëtzebuerg bestätegt. D‘Persoun di sech mam Coronavirus Covid19 infizéiert huet koum no engem Openthalt am Elsass zréck. Dës Persoun presentéiert wéineg Symptomer an ass entspriechend de Prozeduren opgeholl ginn.

Coronavirus

Lauschtert op dat medezinescht Personal. Si kämpfen Dag an Dag aus mat Krankheeten (jo och Infektiounskrankheeten) a sinn definitiv méi Vertrauenswierdeg wéi alles wat engem „Experten“ am Netz opbanne wëllen. A virun allem, hutt Respekt virun hinnen, si sinn et déi eis Gesondheet sécheren, net d‘Trollen am Internet a leider och net d‘Politiker…

Wat den zweeten Infektiounsfall (Diagnostik vum 5. Mäerz) betrëfft, esou heescht et hei, datt de Kontroll-Test positiv ass. Wat déi weider Entwécklung vun der Situatioun zu Lëtzebuerg ugeet, esou kann ee sech nëmme widderhuele: Respektéiert déi (eigentlech) allgemeng Hygiènesregelen, wann dir fäert infizéiert ze sinn, dann hält w.e.g. Ofstand vun de Risikogruppen (eeler Mënschen, Persounen déi grad operéiert goufen oder soss eng Pathologie hunn déi hiren Immunsystem schwächt. Et mécht weder Sënn, nach ass et hëllefräich, sech vun Internet-Trolle joen ze loossen…

De Covid19 an der Welt

Op engem Croisièresschëff zu San Francisco (USA) sinn 21 Infektiounsfäll ze bekloen. Bei eisen däitschen Noperen huet et aktuell 670 bestätegt Infektiounen. Zu Bamberg (Bayern) si 60 Familljen a Quarantaine gesat ginn. Déi meescht Fäll gëtt et an de Bundeslänner: Nordrhein-Westfalen, Bayern n Baden-Württemberg. Éisträich mellt 47 Fäll, bei de Fransouse sinn et der 423 mat 7 Stierffäll. Spuenien zielt aacht Doudeger. A Schweden an a Norwege sinn et iwwer 200 Fäll.

Coronavirus

Et kann een alles iwwerdreiwen. Woubäi; wie mental esouwäit ass, huet wuel ganz aner Suerge mat der Welt.

An Holland gëtt et ronn 80 Infektiounsfäll a leider och schon en Affer. Nach ëmmer am schlëmmste Betraff ass Italien: trotz massive Moossname klëmmt d‘Zuel vun den Infektioune weider. Eleng gëschter sinn nach emol eng 50 Mënschen um Coronavirus gestuerwen. Bis ewell sinn esou 197 affer ze bekloen. Zuel vun den Infektiounsfäll huet den Zivilschutz mat 4.636 Mënschen uginn. A China, wou et nach ëmmer déi meeschten Infektiounsfäll gëtt, schéngt et sech elo ze berouegen.

Dofir klammen Zuelen nach ëmmer Rapid a Südkorea. Hei sinn elo ronn 6.800 Mënsche mam Covid19 infizéiert. Nordkorea huet zur Stonn nach ëmmer keen Infektiounsfall gemellt. A Japan sinn et elo 380 Fäll an 12 Affer. Weltwäit si ronn 3.400 Doudesfäll bestätegt, iwwer 100.000 Mënschen hu sech mat dësem neiaartege Virus ugestach. Eng staark Verbreedung fäert d‘WHO, kéint et an deene Länner ginn, déi schlecht Gesondheetssystemer hunn.

De wirtschaftlechen Impakt

Eng vun de weidere Geforen déi de Coronavirus mat sech bréngt betrëfft d‘Wirtschaft. Scho bei der SARS-Pandemie 2002/2003 hat et zolidd Turbulenzen op de Weltmäert ginn. Ganz schwéier betraff ass de Secteur vum Tourismus an hei méi prezis d‘Fluchgesellschaften. De „Verkéier“ wier schonn ëm 17% agebrach, mat Abousse vu bis zu 200 Milliarden Euro wier ze rechnen, esou Experten.

Coronavirus

Besser ass et sech iwwert dëse Wee, dem Covid19 ze stellen. An eigentlech misst ee jo mengen (emol vun der Musek ofgesinn) datt „Hänn wäschen“ an eiser Gesellschaft zur „Gewunnecht“ ginn ass. Mee dat ass just eng Meenung…

Als weider grouss Suerg: villes wat eis Industrie brauche fir Wueren hierzestelle geet nëmmen nach a China hiergestallt. Esou beispillsweis géif (ausser bei deene ganz deiere Marken an och do) keng Bremspedall ginn, firwat méiglecherweis deemnächst kengg Autoe kéinte gebaut ginn. Och bei de pharmazeutesche Produiten, kéint et enk ginn, well d‘Produktioun integral „verlagert“ ginn ass.

Béis Zonge behaapten elo, datt et zu enger Wirtschaftskris komme kann, déi mat der Finanzkris vun 2008 vergläichbar wier. Wann et gutt a richteg ass, datt d‘Regierunge Mesuren ergräife wëllen, fir hir Wirtschaft ze schützen, esou ass de Covid19 de Politiker eng Warnung: essentiell Produiten déi een hierstelle kann, sollt een net op dee bëllegste Produktiounsstanduert verleeën. Wann ee sech bei de Bremspedall nach hëllefe kann, esou ass dat bei Medikamenter net esou einfach…

mat indymedia

Related topics Coronavirus, Covid19, Epidemie, Longeninfektioun, Pandemie, SARS-CoV2
Next post Previous post