Search

You may also like

Black Friday – een Dag mat Geschicht oder just Profitgier?
Meenung Neiegkeeten

Black Friday – een Dag mat Geschicht oder just Profitgier?

Och Lëtzebuerg konnt der Well aus Amerika anscheinend net widderstoen

Den Hygiènesdéngscht vun der Stad Bréissel entléisst Islamist
Meenung Neiegkeeten

Den Hygiènesdéngscht vun der Stad Bréissel entléisst Islamist

Fir de President vun der „Islam-Partei“, Abdelhay Bakkali Tahiri, deen

Mat der Luxair op d‘Weltausstellung
Meenung Neiegkeeten

Mat der Luxair op d‘Weltausstellung

Ënnert dem Slogan „Expo 2020 Dubai“ bitt déi national Fluchgesellschaft

Coronavirus: Mask oder net Mask? (e Kommentar)

Streng technesch gesinn, ass eng Gesiichtsmask, wann ee keng Symptomer huet an och net positiv getest gouf, beschtefalls ee „psychologesche“ Schutz, mee och hei ginn d‘Meenungen auserneen…

Coronavirus: Mask oder net Mask? (e Kommentar)

Eigentlech sollt sech beméit ginn, kloer a liicht verständlech Erklärungen a Richtlinnen, an dëser jo awer bedreelecher Situatioun un d‘Vollek ze riichten. Firwat sech elo awer och Medeziner mat vill Widderspréchleches zu Wuert mellen, kann nëmme mat „Selbstduerstellung“ beschriwwe ginn.

Gutt, datt de normale Mënsch, dee beschtefalls periodesch zur Kenntnis hëlt, datt et zu Genève eng Institutioun mam Numm „Weltgesondheetsorganisatioun“ (WHO) gëtt, déi zwar net genuch Geld mee dofir zolidd Erfarung am Ëmgang mat Epidemien/Pandemien huet, et virzitt sech all Blödsinn am Internet unzekucken an aus onerkläerleche Grënn dat dann och nach fir boer Mënz hëlt…

Dofir dann nach emol d‘Recommandatioun vun der WHO, der Santé an de „gescheiten“ Dokteren: sech eng Mask aus „Virsiicht“ – also eigentlech aus Angscht – virun d‘Gesiicht ze neelen ass vëlleg sënnfräi. Eng Mask sollten dofir just Persounen undoen, déi kontaminéiert sinn, am direkte Kontakt (also an de Spidoler, Liewensmëttelgeschäfter, Rettungsdéngschter a Police) mat anere stinn.

Mask

Hei gesäit een, datt esou eng Gesiichtsmask mat eppes Kreativitéit duerchaus ganz gutt kann ausgesinn. Vill Dammen uechtert d‘Land bitzen sech en Eck ewech an dat ass eng ganz gutt Saach. Egal op se an éischter Linn u Frënn a Bekannten oder fir d‘Fleegepersonal geduecht sinn. Et mécht de Kapp fräi ouni de Risk u sech ze verhënneren. Mee wann et der Moral hëlleft, sollt een sech eng virun d‘Gesiicht hänken. (Quell Facebook)

Si sinn et dann och déi dës Gesiichtsmaske brauchen, an dat gefällegst mat aller héchster Prioritéit. An awer maachen elo „Experten“ – vun deenen ee soss ni héiert – Aussoen, déi eenzeg derzou bäidroen, datt d‘Leit eppes weider beonrouegt ginn. Wien dësen Experte Gehéier schenkt, setzt sech selwer ënner Drock a ka séier dat grondsätzlecht aus den Ae verléieren. Dat ass och geféierlech.

Wann dann also de Virolog Prf. Dr. Claude Muller vum staatleche Laboratoire (LNS) am Tageblatt behaapt, datt ee vill ze laang d‘Meenung verbreet hätt, datt d‘Maske keng „Effeten“ hunn, an eng Mask soll genotzt ginn, fir sech an déi aner ze schützen, muss et erlaabt sinn sech ze wonneren, an vläicht och d‘Fro ze stellen, ob dat schonn déi ganz Ausso ka gewiescht sinn. Deen ass jo net Blöd.

Keng Falsch Sécherheete verspriechen

Wat dann elo de Wëssenschaftler am Endeffekt a sengem Gespréich mat de Kolleege vu Editpress gemengt huet, wësse mir net. Geséchert awer ass de Constat, datt esou Beiträg net geduecht sinn, d‘Mënschen zu iwwerluechtem Handelen, geschweig dann zur Besonnenheet ze animéieren. An d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass hei och net dat, wat een eng „Hëllef“ nenne kann.

Esou huet och déi sozialistesch Ministesch gemengt et wier Opportun de Leit ze erzielen, datt am Fall wou et Enkpäss gëtt, eng Gesiichtsmask aus Stoff „besser wéi näischt ass“. Dat trëfft fir all déi Leit déi de Problem net verstinn oder net verënnerleche wëllen, awer och net infizéiert sinn, sécher zou, well se berouegt sinn, fir méi daachen dës Masken allerdéngs net. Dat ass kontraproduktiv.

Mask

Fakt ass: weder eng chirurgesch Mask, nach eng selwer zesummegebitzte Mask, bitt dee Schutz deen am presente Fall vu Néite wier. An dat ganz besonnesch, wann een am Kontakt mat Leit ass, déi de Covid19 a sech droen., egal op mat oder ouni Symptomer. Wier et nähmlech mat enger Mask gedoen, géif et keen ersiichtleche Grond, firwat d‘Wirtschaft weider misst ugehale ginn!

Dofir – an et kann een et wierklech net oft genuch widderhuelen – „Bleift Doheem!“ wann et keen dréngende Besoin gëtt, dat ass an dëse wierklech ustrengenden Zäiten, dee wierklech bessere Choix wann och keng Garantie, datt ee sech de Covid19 net awer kann afänken. Halt är Distanzen, sidd verstänneg a loosst iech net verréckt maachen. Dat sollt de Motto vun dëser sanitärer Kris sinn.

Loosst deenen d‘Masken déi se brauchen

D‘Adjointe vun der Direktioun vun der Santé, d‘Dr. Françoise Berthet, déi an engem Niewesaz kuerz un den eigentlechen Zweck vum chirurgesche Mask erënnert huet (Dozou gëtt et eng ganz explizit Thees vum Dr. Bertrand Hervé aus dem Joer 2004) verweist hirersäits, op de psycheschen Effet fir d‘Acteuren um Terrain hin. An dat ass et eigentlech wourëms et an der Finalitéit geet…

Wa jo gewosst ass, datt sech de Virus iwwer „Drëpsen“, déi op Mënschen oder Uewerfläche projezéiert ginn, iwwerdréit, da sollt ee mëttlerweil och matkritt hunn, datt just Maske vum Typ FFP2/3 gëeegent sinn (Illustratioun: © Barthels-Rieger) an där gëtt et keng Massen, firwat se folgerichteg dem Gesondheetspersonal an de Rettung- a Sécherheetsdéngschter virbehale sinn.

Zudeem, och wann een iwwert iergendeen dubiéisen Ëmwee un esou Maske komm wier – an déi och „echt“ sinn – esou brauch et tatsächlech eng Formatioun, fir de richtegen Ëmgang mat dëser Mask ze beherrschen. Huet een et net drop, daacht de Schutz näischt. A jo et ass méisseg, an déi Angscht virum Covid19 ass wierklech net onbegrënnt. Mat Anarchie léist sech d‘Kris net.

An dësem Sënn wier et ubruecht, datt wann een als Virolog an enger vun den am mëscht geliesen Zeitungen, déi wierklech Hannergrënn zu enger méiglecher Zweckméissegkeet vun der „Mask“ géif beliichten. Elo mécht awer och keen eppes falsch, deen eng selwer zesummegebitzte Mask undeet, fir akafen ze goenet gëtt do ganz flott Modeller – well et „berouegend“ wierkt. Mee méi awer net.

Illustratioun: © De an Sun / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Mask, Masken, Pandemie, Psychologie, Schuitz
Next post Previous post