Search

You may also like

Wéi gutt kenns du dech mam European Hillrace zu Eschduerf aus?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mam European Hillrace zu Eschduerf aus?

Dëse Quiz gouf vun der Union des Pilotes Luxembourg gesponsert

Treffen tëscht Inneministère a SYVICOL: Méi Subside fir Gemengen
Neiegkeeten

Treffen tëscht Inneministère a SYVICOL: Méi Subside fir Gemengen

Gëschter huet sech d’Inneministesch Taina Bofferding mam SYVICOL zesummegesat, fir

Schwedesch Klima-Knetzel gräift an den US-Wahlkampf an
Neiegkeeten

Schwedesch Klima-Knetzel gräift an den US-Wahlkampf an

Dem Donald Trump säin demokratesche Kontrahent kritt Ënnerstëtzung vun onerwaarter

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 30. November bis 6. Dezember 2020

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 30. November bis 6. Dezember 2020

An der Woch vum 30. November op den 6. Dezember, ass d’Zuel vun de Leit déi positiv op den COVID-19 getest goufen, e bëssen erofgaange mat 3.794 Fäll am Verglach zu 3.565 Fäll an der Woch virdrun -(+7), allerdéngs ass d‘Ziffer bei den identifizéierte Kontakter erofgaangen. (-36)!

D’Zuel vun den identifizéierte Kontakter ass an der leschter Woch eropgaangen, mat 11.708 am Verglach vun der leschter Woch. Den Duerchschnëttsalter ass vun 38,8 op 40,2 Joer geklommen. D’Zuel vun den ausgefouerte PCR Tester huet bei 69.558 geleeën am Verglach zu 69.680 an der Woch virdrun.

47 Mënsche sinn um oder am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen, 9 méi wéi déi Woch virdrun. D’Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer. Bei den Hospitalisatioune ware vum 30. November bis den 6. Dezember 160 Leit an de „Soins normaux“ a 41 op der Intensivstatioun. Déi Woch virdru waren et der 173, respektiv 43.

Déi effektiv Reproduktiounsrat ass vun 0.93 op 1.72 eropgaangen. D’Positivitéitsrat vun den duerchgefouerten Tester läit bei 5,54%. An der leschter Woch waren et 5 13%. (Och do ass en erofgaangen.) D’Inzidenz bedréit 606 Fäll pro 100.000 Awunner iwwer 7 Deeg, respektiv 1.184 Fäll pro Awunner iwwer 14 Deeg. De Referenzwäert vum RKI läit awer bei 50.

Eng Steigerung vun de Fäll gëtt et bei der Altersgrupp 0-14. Bei deenen anere gëtt et eng liicht Tendenz no ënnen. Bei den 60-74 geet den Inzidenz-Wäert zanter 3 Woche reegelméisseg erof a gehéiert elo zu där Altersgrupp, déi am mannste betraff ass.

Quarantänen an Isolatiounen:

Fir d’Woch vum 30. November op 6. Dezember ware 11.203 Leit a Quarantaine (+21%) an 7.640 an Isolatioun. D’Famill bleift nach ëmmer de gréissten Ustiechungsfacteur. Dat och mat 3% manner wéi an der leschter Woch.

Kontaminatioun:

Den Taux vun de Kontaminatiounen ass liicht erofgaangen. D’Quell ass net kloer zouzeschreiwen. Den duerchgefouerten Analyse vun 2 Deeg no bei 988 Fäll weist, datt d’Famill nach ëmmer déi gréissten Infektiounsquell duerstellt (39,7%).

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV2:

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV2 bleift an den dräizéng Kläranlagen héich, wat och op eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser hindeit. Si ass änlech wéi an der Woch virdrun. All déi gesammelt Date schéngen e liichten Downtrend unzeginn, obwuel e ganz schwaach bleift. Dësen Trend muss an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. 

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn:
https://www.list.lu/fr/covid-19/.

Illustratioun: © Sharon McCutcheon / unsplash

Related topics Covid19-Tester, Infektiounszuelen, Kläranlagen, LIST, Referenzwäert, RKI
Next post Previous post