Search

You may also like

Qualityland geléngt, wat The Circle verbockt: Eng uerdentlech Kritik un der Vernetzung
International Neiegkeeten

Qualityland geléngt, wat The Circle verbockt: Eng uerdentlech Kritik un der Vernetzung

Ech maachen et am Fong ni gären, mee ech muss

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung
International Neiegkeeten

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung

Nom groussen Treffen an de stonnelaange Gespréicher zu Berlin huet

Béier-Adventskalenner – En ass erëm do !
International Neiegkeeten

Béier-Adventskalenner – En ass erëm do !

Den 3. Original Lëtzebuerger Béier Adventskalenner vu La Punta (mat

Coronavirus: D‘Amerikaner stinn net op Schäisspabeier

Laang Schlaangen, eidel Regaler… d‘Waffegeschäfter an den USA hunn nach ni esou en Ëmsaz gemaach. D‘Angscht geet ëm an d‘Bierger decken sech mat hallefautomatesche Waffen an.

Coronavirus: D‘Amerikaner stinn net op Schäisspabeier

Amerika, datt Land wou de Waffebesëtz verfassungsrechtlech gereegelt ass, huet erwisenermoossen en zolitte Problem, an déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitär Kris, weist eis, datt si keng Solidargemeinschaft sinn. Hei traut kengem deem aneren, wat ausser politeschen och ganz kloer wirtschaftlech Hannergrënn huet. An esou ergëtt et sech, datt d‘Amien net op Schäisspabeier stinn, mee e knaschtege Kalzong hinne léiwer ass, wéi sech net géint d‘Nopere wieren ze kënnen.

Wann also an dësem Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten – si hu gëschter als éischt en Test fir en Impfstoff lancéiert – d‘Armurieren am Dag bis zu fënnef Waffen un de Mann, respektiv d‘Fra bréngen, esou sinn et der den Ament bis zu Fofzeg. Et ass, esou huet eis e Mataarbechter vum New Yorker „Gun Shop SP-Firearms“ erkläert: „Eisen Ëmsaz huet sech verzéngfacht. Während d‘Leit kaum no Juegdgewierer kucken, sinn d‘Pistoulen an hallefautomatesch Waffen de Renner“.

SchäisspabeierAn engem Land wou iwwer zweedrëttel guer keng, oder nëmmen eng minimal Krankeversécherung hunn, wou d‘Aarmut wäit iwwert eise Versteesdemech geet, an d‘Mënschen am allgemengen op sech selwer gestallt sinn, ass d‘Angscht virun „Iwwergrëff“ an Abréch allgéigewäerteg, dat awer och an „normalen Zäiten“. Mat der Pandemie gëtt dëst Gefill bei den Amerikaner nach emol eppes verstäerkt, firwat sech bis ënnert d‘Zänn bewaffent gëtt. Si sinn iwwerzeegt, datt et noutwenneg ass.

Kee Verglach mat Europa

Ee weidert Argument, deen dëst „Gefill“ ënnersträicht: ee groussen Deel vun der amerikanescher Gesellschaft ass – zumindest wann et drop ukënnt – immens reliéis, an déi gleewen tatsächlech un eng Zombie-Apokalyps. Wann da Fox-News, den trumpschen Haussender och nach verkënnt datt et mindestens 2 Milliounen Doudeger wäert ginn, an et net fir jidderee genuch gëtt, kann ee sech virstellen, wat an de Käpp vun engem iwwerduerchschnëttlech schlecht gebilte Vollek ofleeft.

SchäisspabeierKann een et ënnert esou Ëmstänn verstoen, datt den éischte „Rush“ vu Bierger mat asiateschem Migratiounshannergrond ausgeléist ginn ass. Schliisslech huet jo och den US-President Undeitunge gemaach, dat et ee „Chinavirus“ ass. A well den Donald Trump och soss erwisenermoossen e Rassist ass, huet dësen Deel vun der Bevëlkerung natierlech als éischt emol d‘Angscht fir d‘Kris verantwortlech gemaach ze ginn. An d‘Leit decken sech net zur Ofschreckung mat Waffen an.

Elo ass dat net nëmme beonrouegend, mee et stellt sech natierlech och d‘Fro, wat ass wa wierklech eppes geschitt? Dem Donald Trump traut all Amerikaner zou, jee nodeem wéi sech d‘Situatioun entwéckelt, d‘Krichsrecht auszeruffen an iwwert dëse Wee jidderengem seng Waffen ewech ze huelen. Och dat ee Grond, fir sech esou anzedecken, datt nach eppes „iwwreg bleift“. Richteg ass: et léisst sech en Ugräifer éischter mat eng Waff ofwieren, wéi mat enger Reserv Schäisspabeier…

mat indymedia/nyc

Illustratioun: © Bo Harvey / unsplash

Related topics Asiaten, Coronavirus, Covid19, Pandemie, SARS-CoV2, Schäisspabeier, USA, Waffen
Next post Previous post