Search

You may also like

surprise
AstraZeneca: Däiwelswierk oder Iwwerdriwwe Panik?
International Neiegkeeten

AstraZeneca: Däiwelswierk oder Iwwerdriwwe Panik?

Nodeems och den däitsche Paul Ehrlich Institut, déi däitsch Medikamentenagence,

60. Nationalkongress vum LCGB ofgesot
International Neiegkeeten

60. Nationalkongress vum LCGB ofgesot

De LCGB huet an enker Ofsprooch mat den zoustännege Regierungsautoritéite

money
G20-Finanzminister Sommet bréngt global Steierreform
International Neiegkeeten

G20-Finanzminister Sommet bréngt global Steierreform

An der italienescher Lagunestad Venedeg hunn d‘Finanzminister vu de groussem

Coronavirus: USA verzichten op G7-Sommet zu Camp David

Den US-President a seng Regierungsekipp gesinn sech an enger Krichssituatioun an zéien en Noutstandsgesetz aus dem Tirang

Coronavirus: USA verzichten op G7-Sommet zu Camp David

Reesen ass zur Stonn éischter ënnersot, mee d‘Welt dréit sech weider… An Zäite wou de soziale Kontakt e Luxus ass op deen ee sollt verzichten, verpolveren d‘Politiker keng Steiergelder méi fir uechtert d‘Welt ze reesen. Si gesinn sech, esou wéi sech Familljen, Frënn a verstäerkt och Patrone gesinn: a Videokonferenzen. Ee bal 20 Joer aalt Kommunikatiounsinstrument kritt seng Plaz…

Den US-President, ee Mann mat engem immunen Ego, huet de Sommet vun de siwe féierenden Industrienatiounen (G7) wéinst der Pandemie mam Coronavirus Covid19 ofgesot. Also net ganz ofgesot… Ofgesot gouf eenzeg „d‘Aluedung“ ob Camp David, um Sommet gëtt festgehalen. Dee fënnt dann am Internet statt. De Spriecher vum Wäissen Haus sot, datt de Wirtschaftsberoder Larry Kudlow, seng Kolleegen iwwert dës Ännerungen Informéiert hätt.

Coronavirus

© White House

Mat dëser Moossnam sollen d‘Memberlänner all hir Ressourcen op d‘Bewältegung vun der Kris an hir wirtschaftlech Erausfuerderunge fokusséieren. E Méindeg hat den US-President, no Berodung mam franséische President Emmanuel Macron, mat de Staats- a Regierungscheffen telefonéiert fir déi Virtuell Treffen ze organiséieren. De Milliardär, deen dëst Joer de Virsëtz am Club vun de G7 huet, wëll esou virtuell Meetingen elo eemol de Mount ofhalen.

Washington krut d‘Aen opgemaach an huet d‘Gefor erkannt

Wann et generell ubruecht ass, datt am 21. Joerhonnert och déi héijer Politik endlech d‘Virzich vun den neie Kommunikatiounstechnologien entdeckt, esou dierf drun erënnert ginn, den Donald Trump zum Covid19 gemengt huet: 1) et war eng Verschwierung vun den Demokraten, 2) mir hunn dat beschte Gesondheetssystem an déi beschten Dokteren op der Welt, an 3) am Fréijoer, wann nees d‘Temperature klammen, ass et eriwwer…

Coronavirus

Elo muss an dësem Kontext awer och gewosst sinn, datt den Donald Trump ee „Muecht-Mënsch“ ass, an deen huet elo grad en Instrument entdeckt, dat him nach eppes méi Pouvoir gëtt: Hien ass President a Krichszäiten. En Donneschdeg huet hien dee vum Senat virgeluechte Plang, an deem ënnert anerem virgesinn ass, datt krank Aarbechter an Employéeën am Krankheetsfall weider hir Loun erhale sollen, ënnerzeechent.

CoronavirusDat ass an den USA alles anescht wéi selbstverständlech. Hei huet en Drëttel vum Vollek guer keng oder eng schlecht Krankeversécherung. Aus dësem Grond wäert de Senat wuel och entscheet hunn, datt d‘Tester op eng méiglech Infektioun mam Virus, solle gratis sinn. Dëse Plang ass dann och mat enger grousser Majoritéit vun den zwou Fraktiounen (Republikaner an Demokraten) ugeholl ginn. Schutz soll et och fir d‘Wirtschaft ginn.

Wat gutt gemengt ass, kéint zum Problem ginn

Wann et richteg ass, datt och d‘USA hir Ekonomie schütze muss, esou erkennt een awer un der Reaktioun vum US-President, datt d‘Regierung d‘Pandemie als „grouss Gefor“ erkannt huet. Hien huet dann awer och erkannt, datt d‘Pandemie him méi Muecht verléine kann. Esou huet den Donald Trump erkläert, datt hien Noutstandsbefugnisser ergräife kéint, fir de Kommando iwwert d‘Wirtschaft ze iwwerhuelen, sollt dat noutwenneg ginn.

CoronavirusAn dofir gëtt et bestoend Texter, och wann dës aus enger „anerer Zäit stamen“. Wéi hie sech also méi Pouvoir kéint araumen, dat ass am „Defense Production Act“ (DPA) néiergeschriwwen. Dëst Gesetz gouf wärend dem Koreakrich ausgeschafft an ass zanter 1950 ronn eng 50 Mol ugewannt ginn. Et enthält Vollmuechten, mat deenen hien Entreprise zur Produktioun vu fir d‘Verdeedegung vum Land wichteg Gidder hierzestellen unhale kann.

Coronavirus

An engem Tweet huet de Milliardär nach d‘Welt wësse gelooss, datt hien dënn DPA nëmmen ënnerzeechent hätt, fir dësem am schlëmmste Fall anzesetzen. A sengem Tweet huet den Donald Trump de Covid19 op en Neits als „China-Virus“ verkläert. Uspillungen déi ganz rezent zu enger Verschlechterung vun de Bezéiunge mat China gefouert hunn. „Et ass ee Krich“, esou den Donald Trump, dee sech elo als President a Krichszäite gesäit.

Remark:

Et ass keng gutt Saach, wann d‘Politik, vun där een erwaarde sollt, dat si mat beduecht an ouni de Leit Angscht ze maachen – dës Roll hunn d‘Sozialnetzwierker vill méi Konsequent iwwerholl – a Krisesituatioune reagéiert. D‘Pandemie als „Krich“ ze verklären erfëllt awer grad dësen Zweck an et mengt ee bal, datt et do Interessente gëtt, déi dës Kris zur Festegung vun hirer Muecht notze wéilten. An nee, d‘Pandemie ass kee Krich.

CoronavirusSécher verbiergen sech hannert der Pandemie an deenen noutwennege Mesuren, Schutzmoossname wéi zu Krichszäiten. Dat hänkt awer éischter domadder zesummen, datt ni een op d‘Iddi komm ass, een Noutstandsgesetz fir de Fall vun enger Sanitärer Kris auszeschaffen. An och wann d‘Arméi misst agesat gi fir eng Hand unzepaken, och bei der Sécherheet, ee Krich ass, d‘Pandemie net. Mee wann d‘Vollek ufänkt sech massiv ze bewaffnen, kéint et tatsächlech nach derzou kommen.

mat indymedia/nyc

Foto: © US Corona Response Team

Related topics Camp David, China-Virus, Coronavirus, Covid19, G7-Sommet, USA, Wuhan-Virus
Next post Previous post