Search

You may also like

„Street Wheels“: Wann‘s de net wëlls op der Felg dréinen
Neiegkeeten

„Street Wheels“: Wann‘s de net wëlls op der Felg dréinen

De leschte Sonndeg hat déi kleng Entreprise „Street Wheels“ zu

EU-Rotspresident Charles Michel: „Loosst eis dat grousst Ganz net aus den Ae verléieren“
Neiegkeeten

EU-Rotspresident Charles Michel: „Loosst eis dat grousst Ganz net aus den Ae verléieren“

Reegelméisseg informéiert de Charles Michel, President vum Europäesche Rot, a

D-Summit Climbing Open: ee Kampf, bis zur leschter Minutt
Neiegkeeten

D-Summit Climbing Open: ee Kampf, bis zur leschter Minutt

De jonke Kloter-Club “D-Summit” vun Diddeleng huet den 27. Januar

En neit Doheem fir d‘Stater Pompjeeën: Am Cortège bei de CNIS

Eng 30 Camionen a Gefierer sinn e Sonndeg am Cortège duerch d‘Stad Lëtzebuerg gezunn an hunn domat de Start vun engem neie Kapitel fir d‘Pompjeeën gewot. No iwwert engem hallwe Joerhonnert an der Areler Strooss hunn d‘Asazkräfte vum CIS Lëtzebuerg d‘Raimlechkeeten an der Areler Strooss endgülteg verlooss.

Géint 10:30 Auer sinn déi engagéiert Fraen a Männer ronderëm den Zentrum, iwwert d‘Hollerecher Strooss an d‘Route d‘Esch bis op de Ban de Gasperich gezunn. Zuelräich virwëtzeg Passanten, kleng a grouss Beobachter, hunn dëse besonnesche Moment matverfollegt.

An hirem neien a modernen Doheem, dem Centre National d‘Incendie et de Secours (CNIS) gouf d‘Ekipp vun der Inneministesch Taina Bofferding, dem CGDIS-Direkter Paul Schroeder, der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Personal, dat schonn vum neie CNIS profitéieren duerft, empfaangen.

Um Site vun der neier Kasär sinn d‘Asazkräft häerzlech wëllkomm geheescht ginn. Schliisslech konnt eng nei Etapp agelaut ginn, déi et de Fraen a Männer erméiglecht, hir Missiounen nach méi effikass duerchféieren ze kënnen. Ma, et war och de Moment fir de Pompjeeën beim Cortège Merci ze soen, nodeems si Dag fir Dag der Gesellschaft hir Hëllef ubidden, sou d‘Lydie Polfer.

Déi offiziell Aweiung vum roude Koloss wier da fir d‘nächst Joer virgesinn.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie © Laurent Hoff

Related topics Ban de Gasperich, Centre national d’incendie et de secours, CNIS, Cortège, Hëllef, Lydie Polfer, Nei Kasär, Paul Schroeder, Plënneren, Pompjeeën, Taina Bofferding
Next post Previous post