Search

You may also like

D‘Strooss ass keng Rennstreck!
Neiegkeeten Sport

D‘Strooss ass keng Rennstreck!

D‘Fréijoer ass zu Lëtzebuerg ukomm a mat him dat gutt

D‘Briten demonstréiere géint de Boris
Neiegkeeten Sport

D‘Briten demonstréiere géint de Boris

Honnerte Londoner hu gëschter an de Stroossen géint de Boris

Top 5 Tipps fir gutt an d’Vakanz ze fueren
Neiegkeeten Sport

Top 5 Tipps fir gutt an d’Vakanz ze fueren

Mam Summer start och d’Vakanzenzäit. Dobäi vergësst een an der

Dat digitaalt COSL Spillfest 2021 weist Succès

Dat digitaalt COSL Spillfest 2021 weist Succès

Nodeems déi 39. Editioun vum „COSL Spillfest – Sport a Spill fir d’ganz Famill“ den digitale Wee ageschloen huet, kann de Lëtzebuerger Comité houfreg matdeelen, datt ënnerhalb vun engem Mount iwwer 8.000 Visiteuren um Site gezielt goufen.

Säit dem 21. Mee 2020 proposéiert d’Säit www.spillfest.lu nämlech verschidde sportlech Atelieren an interaktiv Videoen, fir vun Doheem aus en Abléck an d’Diversitéit vun der Sportswelt ze kréien. Ganzer 23 Federatiounen hunn dobäi thematesch Aktivitéiten ugebueden an och nei Disziplinne presentéiert.

D’Zil war et awer och, Kleng a Grouss zum Wibbelen ze animéieren an duerch dës Inspiratioun déi reegelméisseg Beweegung ze fërderen. Déi virtuell Ateliere wäerte bis d’Editioun am kommende Joer verfügbar sinn.

Opmaacherbild: © COSL

Related topics 39. Editioun, COSL Spillfest, Olympesche Comité, reegelméisseg Beweegung, Sportsministère, virtuell Atelieren, Visiteuren
Next post Previous post