Search

You may also like

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!
Neiegkeeten

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!

De brasilianeschen Amazonas muss leider 2019 eng Rekordzuel u Bëschbränn

Kollektivvertrag bei Auchan erneiert
Neiegkeeten

Kollektivvertrag bei Auchan erneiert

De 24. Januar hunn d‘Gewerkschaften OGBL (Majoritär mat 12 vun13

Nees Rakéiten iwwer Korea
Neiegkeeten

Nees Rakéiten iwwer Korea

Virun enger Woch hat Südkorea schonn den Ofschoss vun zwou

Covid-19: E Blutttest ersetzt net den Ofstréch

Covid-19: E Blutttest ersetzt net den Ofstréch

De Gesondheetsministère huet haut op de soziale Medien drop opmierksam gemaach, datt am Kader vum Large Scale Testing elo och Invitatioune verschéckt ginn, fir e Blutttest maachen ze goen. Zweck vun dësem serologeschen Test ass et allerdéngs net, fir eng akut Infektioun nozeweisen.

Zënter dem 4. Mee 2020 kënnen d’Laboen iwwert d’Antikierper am Blutt noweisen, ob déi concernéiert Persoun an der Vergaangenheet um SARS-CoV-2-Virus infizéiert war. Déi sougenannt IgM- an/oder IgG-Antikierper liwweren also Informatiounen dozou, ob een a Kontakt mam Virus war an doduerch eng Reaktioun vum Immunsystem opgetrueden ass.

Covid 19Gesondheetsmiistère / Facebook

Soumat ënnerscheede sech déi serologeschen Test net nëmmen vun der Aart a Weis, wéi se gemaach ginn, mee och duerch déi doraus resultéierend Réckschlëss vun de PCR-Tester, bei deenen en Ofstréck am Hals, respektiv der Nues gemaach gëtt.

D’Laboratoire Réunis erklären op hirer Säit, datt e Blutttest keen eendeitegen Opschloss doriwwer ginn, wéi ustiechend eng betraffe Persoun ass a wéi laang een no enger Infektioun immun ass. Och iwwert d’Produktiounszäit vun Antikierper géint de Virus ass nach ëmmer wéineg bekannt.

Dorausser kann een d’Schlussfolgerung zéien, datt de serologeschen Test der Persoun, déi gepickt gëtt, net wierklech eppes bréngt. D’Date ginn allerdéngs dofir gesammelt, fir eventuell Immunitéiten ze dokumentéieren an eng zeréckleiend Infektioun festzestellen.

Covid-19

Wat sollt een nach zum Antikierper-Blutttest wëssen?

Fir de serologeschen Test ze maachen braucht een keng Ordonnance vum Dokter an och kee Rendez-vous. Wie keng Invitatioun vun der Santé kritt an awer decidéiert, am Labo e puer Drëpse Blutt zur Verfügung ze stellen, dee muss 25€, respektiv 39 € bezuelen. D’Käschte ginn net vun der Krankekeess rembourséiert. Et muss een net niichter sinn.

Wëll ee wëssen, ob een aktuell infizéiert ass, muss e PCR-Test gemaach ginn. Weist eng Persoun Symptomer op, sollt se natierlech a Quarantaine goen, bis datt d’Resultat do ass.

  • Weider Informatioune dozou ginn et op labo.lu.
  • Fir weider Detailer zur aktueller Lag zu Lëtzebuerg a Saache Covid-19 verweise mir op covid19.lu.
Related topics Antikierper, Coronavirus, Covid-19, Hals, Immunitéit, Immunsystem, Laboratoire, Noweis, Nues, PCR-Test
Next post Previous post