Search

You may also like

Haut ass den internationalen Dag vum Kuss
Neiegkeeten

Haut ass den internationalen Dag vum Kuss

Haut scho gekësst? Wann net, da spëtzt d’Lëpsen a leet

OPGEPASST: Réckruff vum Produit „Tellines (Olives de la mer)“
Neiegkeeten

OPGEPASST: Réckruff vum Produit „Tellines (Olives de la mer)“

D’Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet gouf vun der Societéit Cora doriwwer informéiert, datt

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner

Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann

Covid-19: Wéi gesäit et mat der Landwirtschaft aus?

Covid-19: Wéi gesäit et mat der Landwirtschaft aus?

Zesumme mat de 26 europäesche Landwirtschaftsministeren huet de Romain Schneider der europäescher Kommissioun eng gemeinsam Deklaratioun virgeluecht, fir esou dem Secteur vun der Landwirtschaft zur Zäit vun der Coronakris den néidege Stellewäert ze ginn. Schliisslech suergt d’Landwirtschaft a ganz Europa fir d’Liewensmëttelversuergung an déi domat verbonne Liewensmëttelsécherheet.

Duerch d’Dauer an den Impakt vun der sanitärer Kris komme potentiell och uerg Folgen op déi europäesch Baueren duer. Ma grad d’Landwirtschaft gëtt elo, wéi och an Zukunft fir eist Iwwerliewe gebraucht. An dësem Kontext ruffen d’Ministeren elo och d’Memberstaaten op, zesummen a Solidaritéit ze schaffen.

An eppes si sech d’Landwirtschaftsministeren eens: Et mussen dréngend déi noutwenneg a responsabel Moossnamen aktivéiert ginn, fir esou de Maart ze ënnerstëtzen. Net nëmmen spillen d’Baueren eng essentiell Roll wärend der Coronakris, fir esou d’Liewensmëttelsécherheet ze garantéieren, mee och fir d’Ëmwelt an d’Gestioun vun der ländlecher Géigend ass hir Aarbecht vu grousser Wichtegkeet.

Um 15. Abrëll huet Lëtzebuerg och un der spezieller Videokonferenz vun der OECD zum Thema Covid-19 deelgeholl. Heibäi goung et virun allem iwwert d’Auswierkunge vum Virus op d’Liewensmëttelketten an déi politesch Moossnamen, déi vun de Memberlänner virgesi ginn.

D’Organisatioun vun der Kooperatioun an der wirtschaftlecher Entwécklung gouf beoptraagt fir den Impakt vum Covid-19 op d’Liewensmëttelketten ze analyséieren, fir esou déi vulnerabel Punkten ze identifizéieren an d’Konsequenzen vun der Kris um internationalen Niveau festzestellen.

Aktuell gëtt eng detailléiert Analys am landwirtschaftleche Secteur zu Lëtzebuerg duerchgefouert. Esou wëll ee schnell déi noutwenneg Äntwerten op d’Kris bidden.

Wéi ee gesäit, kréie mir keng kloer Fakten, wéi dem landwirtschaftleche Secteur gehollef gëtt. Ganz nom Motto „mir këmmeren eis drëm“ gëtt fir Berouegung gesuergt. Ma, et geet heibäi awer ëm eist Iwwerliewen an de Baueren hir Existenz. Heizou huet d’CSV-Fraktioun sech mat Direktmoossname geäussert.

Related topics Coronakris, Covid-19, Ernierung, Europäesch Kommissioun, Existenz, Iessen, Landwirtschaft, Liewensmëttelketten, Liewensmëttelsécherheet, OECD
Next post Previous post