Search

You may also like

RAMMSTEIN – Neie Stoff mat der Single „Radio“!
Neiegkeeten

RAMMSTEIN – Neie Stoff mat der Single „Radio“!

Ee weidere Video vun der däitscher Band RAMMSTEIN ass ugekënnegt

Vereedegung vum Ana Correia da Veiga (déi Lénk)
Neiegkeeten

Vereedegung vum Ana Correia da Veiga (déi Lénk)

Gëschter huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg d’Ana

Déi granzegst Kaz vum Internet „Grumpy Cat“ ass dout!
Neiegkeeten

Déi granzegst Kaz vum Internet „Grumpy Cat“ ass dout!

Trotz béisem Bléck huet dës Kaz Milliounen Internet-User zum Grinse

COVID-19: Lëtzebuerg zielt 81 Infizéierter

Bleift weiderhin solidaresch an haalt Iech un d'Moossnamen!

COVID-19: Lëtzebuerg zielt 81 Infizéierter

Wéi d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert bei der Pressekonferenz vun haut de Moien uginn huet, wiere mëttlerweil 81 Persounen zu Lëtzebuerg um Coronavirus COVID-19 infizéiert. Den Donnéeë vu gëschter Owend no, sinn dovunner 10 Persounen hospitaliséiert, een Doudesfall läit fir. Elo gëllt et, am Eeklang mat der Bevëlkerung ze schaffen, fir déi weider Ausbreedung vum Virus ze miniméieren.

COVID-19

Et wëll ee vermeiden, datt de sanitäre System zesummebrécht, d’Kapassitéiten esou intelligent wéi méiglech asetzen an un de gesonde Mënscheverstand vun der Bevëlkerung appelléieren. Op een Neits gëtt soumat vulnerabele Persoune geroden, Doheem ze bleiwen. Schutzmoossnamen an all néideg Informatioune fannt Dir wéi gewinnt op der Internetsäit vun der Santé.

COVID-19

Wärend vill Etablissementer hir Aarbecht néierleeën mussen, respektiv op Teletravail zeréckgräifen, ka Lëtzebuerg op eng Rei Servicer net verzichten. Heizou gehéieren:

  • Elektresch a Waasser;
  • D’Eidel-maache vun den Dreckskëschten;
  • D’Aarbecht am Fleegesecteur, respektiv Heemfleeg;
  • Ëffentlechen Transport.

Wat de Congé aus familiäre Grënn ugeet, soll een d’Säit vu Guichet.lu besichen an den entspriechenden Online-Déngscht notzen. Et sollt een allerdéngs Verständnis opweisen, datt net all Congé accordéiert ka ginn, doduerch datt verschidde Servicer dauerhaft zur Verfügung stoe mussen. Aus dësem Grond baut een op d’Solidaritéit vun der Bevëlkerung.

Employeuren kënne hir Cotisatioune bei der Gesondheetskeess aussetzen (Aart Zënsfräie Kredit). De Patron huet 2 Méint Zäit fir de Remboursement.

Landeswäit sinn 9 Crèche vun de Spideeler op. Heizou gehéiert ënnert anerem d’Crèche zu Rëmeleng, Stroossen, Ettelbréck, Habscht, Wolz a bei der Zitha um Rousegäertchen.

D’Schléissung vun de Grenzen

Däitschland huet dem Groussherzogtum wéineg Zäit gelooss, fir op d’Schléissung vun de Grenzen zu eis ze reagéieren. D’Patronen goufen doriwwer informéiert, datt si hire Mataarbechter een Zertifikat mussen iwwermëttelen, sou datt si aus dem Ausland weiderhin op Lëtzebuerg areesen dierfen. Haut de Moien duerften d’Grenzgänger nach ouni Zertifikat an d’Land kommen, trotzdeem si betraffe Persoune scho selektiv kontrolléiert ginn. Wien ab muer de benéidegte Pabeier net dobäi huet, muss dobausse bleiwen.

COVID-19

Momentan ginn a Frankräich nach keng esou drastesch Moossnamen fir d’Grenzgänger geholl, trotzdeem ass de Lock-Down fir d’Regioun Grand-Est am Gespréich. De Ministère steet a stännegem Kontakt mat den ugrenzende Länner.

Mat iwwer 100.000 Frontalieren, déi ënnert anerem eise Gesondheetssecteur oprecht erhalen, ass Lëtzebuerg ofhängeg vun de Grenzgänger. Momentan gëtt gekuckt eidel Hoteller ze mobiliséieren, sou datt d’Fleegepersonal aus dem Ausland, zesumme mat der Famill, d’Land net méi verloosse muss.

Wéi ass et mat de Stocken?

D’Ministesch huet uginn, datt Lëtzebuerg gutt placéiert ass. Mat 2 weidere Vollen bréngt d’Cargolux weidert Material op Lëtzebuerg. Wat Masken, Tester a weider medezinescht Equipement ugeet, sinn d’Commanden ënnerwee. Uschléissend gëtt dëst Material un déi verschidde Stocke verdeelt.

D’Noutfallnummer ass fir den Noutfall

Nach ëmmer gëllt et d’Consignen vun der Santé ze befollegen. Fir weiderhin eng gutt Organisatioun vun alle Servicer ze garantéieren, sollen bei der Hotline 8002 8080 JUST Persoune mat staarke Symptomer uruffen.

Momentan schafft een um Ausbau vun engem Service, iwwert dee sech Benevollen – déi momentan leider oft iwwert d’Hotline uruffen an soumat d’Linne blockéieren – melle kënnen. Lëtzebuerg weist sech solidaresch, op wat een iwweraus houfreg sollt sinn. Déi verschidde fräiwëlleg Offeren kënne mat dësem Déngscht, deen an den nächsten Deeg presentéiert gëtt, besser opgelëscht a genotzt ginn.

Déi ganz Konferenz kënnt Dir Iech nach emol hei ukucken:

Related topics Congé aus familiäre Grënn, Coronavirus, Covid-19, Crèchen, Gesondheetsministère, Grenzen, Grenzgänger, Lëtzebuerg, Paulette Lenert, Spidol
Next post Previous post