Search

You may also like

50 Joer Cargolux: Visitt um neie Sëtz zu Sandweiler
Neiegkeeten

50 Joer Cargolux: Visitt um neie Sëtz zu Sandweiler

S.A.R. de Groussherzog an de François Bausch, Vize Premier a

Den Théâtre Le 10 invitéiert op säin „Impro Comedy Impro“
Neiegkeeten

Den Théâtre Le 10 invitéiert op säin „Impro Comedy Impro“

Iwwert d’Lackerunge bei de Restriktiounen am kulturelle Beräich freet sech

D‘FLF kritiséiert sanitär Reegele fir den Nationalstadion (kommentéiert)
Neiegkeeten

D‘FLF kritiséiert sanitär Reegele fir den Nationalstadion (kommentéiert)

Zwar ass déi offiziell Erëffnung vum Nationalstadion eréischt fir de

Covid-19: Quarantaine an Isolatioun ginn oft net agehalen

Covid-19: Quarantaine an Isolatioun ginn oft net agehalen

Gëschter Owend huet de Gesondheetsministère seng Retrospektive zu den neien Covid-19-Infektiounen zu Lëtzebuerg, fir d’Woch vum 27. Juli bis 2. August verëffentlecht. D’Zuele si stabil bliwwen: Et goufe 525 positiv Fäll gezielt, wouvunner 155 Infektiounen ënnerhalb vu Famillen an 82 Fäll op kloer identifizéierbar Gruppementer zeréckzeféiere sinn. Allerdéngs ass d’Zuel vun den Doudesfäll ëm 6 Persoune geklommen.

An dësem Kader ass et der Santé wichteg nach emol ervirzehiewen, datt d’Plaz vun der Infektioun net zwéngend och d’Plaz vun der Iwwerdroung ass. Am genannten Zäitraum si weider 3 Gruppementer am Gesondheets- a Fleegesecteur dobäikomm, wärend 4 Gruppementer bei Entreprisen mat maximal 8 positive Fäll pro Firma nogewise konnte ginn.

Quarantaine

Ganzer 525 Neiinfektioune konnten enregistréiert ginn mat 3.179 Kontakter, am Verglach zu 695 Neiinfektiounen an 3.521 Kontakter an der Woch virdrun. Leider sinn am genannten Zäitraum weider 6 Doudesfäll ze verzeechnen.

De Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,01 op 0,86 erofgaangen – eng Tendenz, déi sech och beim Niveau vum Positivitéitstaux erëmspigelt: Hei ass ee vun 0,84 % op 0,78 % gefall.

Wann d’Vakanz méi wichteg gëtt, wéi dat positiivt Resultat

Nach ëmmer bleift d’Altermoyenne vun de positiv geteste Persoune relativ déif. Mat duerchschnëttlech 36 Joer sinn déi Infizéiert relativ jonk, d’Zuel ass awer stabil bliwwen. Zu gläicher Zäit huet d’Santé awer och festgestallt, datt déi positiv Fäll bei Persounen ab 50 Joer opwäerts um Klamme sinn.

Dës weidere gouf matgedeelt, datt 1.900 Persounen a Quarantaine, an 1.329 Persounen an Isolatioun waren. Ganzer 74 % vun de Persounen a Quarantaine sinn iwwregens méi jonk, wéi 45 Joer. Heizou huet de Gesondheetsministère folgend Tabell mat den Ënnerdeelungen an Altersgruppen verëffentlecht:

Quarantaine

sante.public.lu

D’Gesondheetsinspektioun muss allerdéngs feststellen, datt ëmmer méi oft d’Quarantaine, respektiv d’Isolatioun net agehale ginn. Grond dofir sinn d’Departen an d’Vakanz. Trotz positivem Resultat well ee sech dës Auszäit natierlech net entgoe loossen, wouduerch een awer seng Matmënschen a Gefor brénge kann.

Hei d’Zuelen zur aktueller Situatioun zu Lëtzebuerg:

Quarantaine

www.covid19.lu

Opmaacherbild © Adrien Olichon / Unsplash

Related topics Cluster, Covid-19, Doudesfall, Gesondheetsministère, Isolatioun, Neiinfektiounen, Pandemie, positiv, Quarantaine, Réckbléck, Reproduktiounstaux, Retrospektiv, Situatiounsiwwersiicht, Vakanz
Next post Previous post